GeschirkëschtAner Sproochen
|
Zäitalter vun de LumièresMat Zäitalter vun de Lumières oder och Zäitalter vun der Opklärung bezeechent een eng Epoch an der geeschteger Entwécklung vun der westlecher Gesellschaft am 17. an 18. Joerhonnert déi besonnesch duerch d'Bestriewe geprägt ass d'Denkweis duerch d'Vernonft vun ale Virstellungen, Virurteeler an Ideologien ze befreien.
[änneren] Opklärung am AllgemengenËnner Opklärung am allgemenge Sënn versteet een e gesellschaftlechen Emanzipatiounsprozess, deem säi But et ass, traditionnell an autoritär Geeschteshaltungen kritesch ze hannerfroen, an dat duerch d'Vernonft. Den opgeklärte Mënsch soll net méi einfach duerch d'Ueweregkeet, d'Moud an den Zäitgeescht beaflosst ginn, mee, laut der Definitioun vum Immanuel Kant, aus "seiner selbst verschuldeten Unmündigkeit" erauszekommen, a säi Liewe selwer an d'Hand ze huelen. D'modern europäesch Opklärung fänkt mat der Renaissance an domadder der neier Gebuert vun der Antikitéit un. D'Renaissance an d'Reformatioun bilden d'Virspill fir dat sougenannten Zäitalter vun de Lumières oder Zäitalter vun der Opklärung. Tëscht dem Virspill an der "tatsächlecher" Opklärung läit awer den Drëssegjärege Krich. Dofir gëtt d'Opklärung och als eng Fortsetzung vun der Renaissance nom Drëssegjärege Krich bezeechent. Et kann een d'Zäitalter vun der Opklärung och mam Romanist Werner Krauss a Fréiopklärung, Opklärung a Spéitopklärung andeelen. Da versteet een ënner Opklärung am méi enke Sënn d'Perdio déi an der Mëtt vum 18. Joerhonnert a Frankräich duerch d'Diskussioune ronderëm d'Encyclopédie bestëmmt war. Zesumme mat der Opklärung koum et och zu engem naturwëssenschaftlechen an techneschen Erkenntnisfortschrëtt. Si huet och staark d'Educatioun vun humanistesche Virstellunge beaflosst, well och d'Ethik sollt rationale Kritèren ënnerworf ginn. [änneren] Geschichtlechen HannergrondD'Zäitalter vun de Lumières ass d'Epoch an der europäescher Geeschtesgeschicht am 17. an 18. Joerhonner. Si war geprägt duerch eng Bewegung vun der Säkulariséierung an et gouf sech vun enger absolutistescher Staatsopfaassung zu enger méi demokratescher gewand, dëst och duerch d'Opkomme vum Liberalismus mat sengem Konzept vun de Menschen- a Biergerrechter. D'Bewegung ass fir en Denke mat der Vernonft a géint d'Virurteeler an de reliéisen Awerglawen agetrueden, géint deen si eng "Vernonftsrelioun" entwéckelt huet. Wëssenschaft an Educatioun sollte gefërdert an an alle Volleksschichte verbreed ginn. D'Opklärung goung virun allem vun England, Frankräich, Polen an Däitschland aus. Déi wichtegst Viraussetzunge fir d'Opklärung war d'Renaissance, déi nei Entdeckungen an Iwwerséi an d'Weltbild wat dorausser entstanen ass, d'Produktioun vu Pabaier an de Buchdrock. Domadder konnte sech och d'Bierger Bicher leeschten, an e Verlagswiese mat Zeitungsproduktioun a Bichermaart ass entstanen. Géint Enn vum 17. Joerhonnert war d'Reesliteratur a Moud. Hat een nach virdrun d'Europäer (an d'Chrëschte) fir iwwerleeë gehalen, sou huet een elo gelies, dass munnech Anescht- oder Ongleeweger, wéi zum Beispill d'Chinesen héich ethesch Prinzipien haten, an och am Stand waren, eng eegen Héichkultur ze hunn. D'Reesliteratur vun deeër Zäit huet méi oder wéineger d'europäesch Gesellschaft kritiséiert. A fiktive Reesberichter wéi zum Beispill am Montesqieu senge Lettres persanes, gesinn d'Leit hir eege Welt duerch d'Ae vu Friemen - mat erliichtende komesch-satireschen Effekten. Als eng vun de wichtegsten Errongenschafte vun der Opklärung gëllen déi éischt demokratesch Konstitutiounen an den USA 1787, Polen 1791 a Frankräich 1791. [änneren] Allgemeng CharakteristikaDe wichtegste Grondsaz vun der Opklärung beseet, dass d'Vernonft am Stand ass, d'Wourecht un d'Liicht ze bréngen. Net wéineg Unhänger vun der Opklärung si wéinst dëser Iwwerzeegung, hire Fuerschungsresultater oder politeschen Usiichten agespaart ginn, oder an den Exil geflücht. Den Immanuel Kant huet kuerz virum Enn vun der Opklärungsepoch déi bekanntesten Definitioun a senger Schhrëft Was ist Aufklärung? geliwwert. Do fënnt sech och de Leitsproch: "Habe Mut, dich deines eigenen Verstandes zu bedienen!" ("Sapere aude"). Hien zilt op de Widerstand vu bausse géint d'Opklärung, mee och op eng inner Befreiung vun der Bevirmondung. Un d'Plaz vum schaarf kritiséierten Awerglawe gouf d'Opfuederung gestallt, zu all Zäit selwer ze denken. De Spinoza huet a sengem theologesch-politeschen Traité vun 1670 d'Thes vertrueden, Juddentum a Chrëschtentum wären nëmme vergänglech Phenomener ouni absolut Gültegkeet. D'Fuederung vun den Opkläerer fir Gedanken- a Glawensfräiheet konnt sech ënner anerem op dem John Locke seng A Letter concerning Toleration (1689) beruffen. Den John Toland huet 1696 e Buch verëffentlech, an deem hie behaapt huet, dass d'Bibel zum Deel eng Fälschung wäer, an d'Kierch en Interessi dorunner hätt, d'Mënschen ze täuschen. De Jean Meslier ass mat senge Betruechtungen a Fuederungen suguer nach e Schrack méi wäit gaange wéi den Toland. De Pierre Bayle huet den Awerglawen attackéiert, souwéi och aner Virurteeler, an den Hollänner Balthasar Bekker huet sech iwwert d'Hexeprozesser lëschteg gemaach. Säi Landsmann, de Gerhard Noodt, huet sech als Direkter vun der Universitéit vu Leiden 1699 dofir ausgeschwaat, dass de Fürsten d'Muecht vum Vollek kéint geholl ginn. An enger weiderer Ried am Joer 1706 war hie fir eng absolut Fräiheet vun den Ënnertane vis-à-vis vun de Fürste wat Reliounsfroen ugaangen ass. D'Mënsche vun der Opklärung ware vum Glaawe befligelt, dass d'Vernonft an d'Fräiheet d'Mënschheet a ofsehbarer Zäit vun Ënnerdrëckung an Armut gingen erléisen. Vill hunn de Francis Bacon mat sengem Slogan "Wëssen ass Muecht" ënnerstëtzt. A Frankräich ass déi berühmten Encyclopédie entstanen, erausgi vum Denis Diderot a Jean d'Alembert, an eng jett Opkläerer vu groussen Numm wéi Voltaire a Montesquieu hunn Artikele fir d'Haaptwierk vun der Opklärung geschriwwen. Och de Jean-Jacques Rousseau huet sech dorunner bedeelegt. A senger Schrëft Discours sur les Sciences et les Arts vun 1750 huet hien d'Fro op dës zu sengem moralesche Fortschrëtt vun der Mënschheet gefouert hätte mat "Nee" beäntwert. Seng politesch Schrëften hu vill Vertrieder vun der Franséischer Revolutioun staark beaflosst. De Voltaire war e Géigner vun der Kierch an huet d'Geschichtsschreiwung erneiert. E groussen Deel vu sengem gudde Ruff krut hien duerch säin erfollegräiche Kampf géint Justizirrtümer a Willkür. D'Opklärung war virun allem eng Saach vum räichen an ökonomesch erfollegräiche Biergertum. Vill Aristokraten hu mat der Bewegung sympathiséiert, an hunn Opkläerer finanziell a juristesch ënnerstëtzt. De Condorcet ass suguer esouwäit gaangen, an huet säin Adelstitel ganz oofgeluegt. Opgrond vun der strenger Zensur a Frankräch hu vill franséisch Drockereien zu Amsterdam geschafft, wou och vill berühmten Opkläerer eng Stopp fonnt hunn. Schrëfte goufe vun do a Frankräich geschmuggelt. Dat selwecht Muster fënnt een och an Éisträich, wou vill Drockwierker an Däitschland erauskomm sinn. D'extrem Betounung vu Ratio an Objektivitéit vun der Opklärung huet zu enger Géigebewegung gefouert, d'Romantik, déi Individualitéit a subjektiv Erfahrung betount huet, an d'Mënschen an enger Welt, an der Werter a Regelen eenzeg vun de Kritere vun der Vernonft bestëmmt ginn, als Gefaangen ugesinn huet. [änneren] Repräsentante vum Mouvement
[änneren] Grouss Wierker
[änneren] Literatur zum Thema
[änneren] Linken[änneren] Kuckt och[änneren] Um Spaweck
|