|
|
Wikipedia:Benotzernumm
Zeréck op FAQ Participanten
F. Firwat soll ech e Benotzernumm eraussichen ?
- E. Et ass net obligatoresch, mee erméiglecht iech, är Preferenzen anzestellen a Wikipedia esou anzestellen, wéi et iech am Beschte gefält. Äre Numm steet dee Moment och bei de rezenten Ännerungen bei all Ännerung, déi dir maacht, amplaz vun enger anonymer IP-Adress. Ausserdem erméiglecht et iech, iech vun engem anere Computer op Wikipedia anzeloggen an trotzdem an ärer Wikipedia ze sinn.
F. Wéi kommen ech dann zu esou engem Numm?
- E. Klickt op de Link "Aloggen" uewe riets, a fëllt déi 2 obligatoresch Felder aus (Numm, Passwuert) a schonns ass äre Benotzerkont opgemaach.
F. Ass et méiglech, datt méi wéi eng Persoun deeselwechte Numm huet ?
- E. Dat ass net méiglech. All Benotzernumm ass unique.
F. Ginn et speziell Regelen, wéieen Numm ee wielen däerf ?
- E. Am Prinzip hutt dir de fräie Choix. Wann de Numm allerdéngs eng Beleidegung fir d'Kommunautéit ass, gitt dir sécherlech gefrot, fir dat ze änneren. Dir kënnt och äre richtegen Numm benotzen.
F. Kann ech e Spëtznumm benotzen ?
- E. Jo. Kuckt dat an äre Preferenze no. Huelt awer eventuell net deeselwechte Spëtznumm wéi een aneren User. Dat féiert zu onnéidege Verwiesslungen.
F. Wéi kann ech meng Kontributioune signéieren ?
- E. Äre Numm gëtt am Historique vun all Artikel gespäichert. Mir signéieren d'Artikelen net, well mir als Kollektiv schaffen.
F. Ech ging gäre mäi Benotzernumm änneren. Kann ech trotzdem mäi Compte behalen ?
- E. Dat ass méiglech. Frot um Stamminet
F. Ech ging gären d'Attributioun vun enger Editioun änneren. Wéi maachen ech dat ?
- E. Liest heizou w:en:Wikipedia:Changing attribution for an edit
|