Geschirkëscht |
Wikipedia:Nummkonventiounen/KoreaneschOp dëser Säit gëtt festgeluegt, wéiee Lemma fir koreanesch Artikele benotzt gëtt, wéi koreanesch Nimm geschriwwe ginn, a wéieng Romaniséierung benotzt soll ginn. Fir är Meenung ass Plaz op der Diskussiounssäit.
[änneren] RomaniséierungRomaniséierungen sinn dofir do, Wierder an enger Sprooch wéi Koreanesch, déi üblecherweis net mam laténgeschen Alphabet geschriwwe ginn, an dat laténgescht Alphabet z'iwwerdroen. Fir d'Romaniséierung vum Koreanesche gëtt ët dräi etabléiert Systemer; amtleche Status huet an Nordkorea eng liicht geännert Versioun vun der McCune-Reischauer-Romaniséierung, a Südkorea zënter 2000 déi revidéiert Romaniséierung. [änneren] Südkoreanesch an allgemeng koreanesch BegrëfferFir Themen, déi net speziell op Nordkorea (no der Deelung) bezu sinn, mee sech entweder op ganz Korea oder op den Norde virun 1948 bezéien, soll d'Revidéiert Romaniséierung, déi a Südkorea üblech ass, souwuel am Lemma wéi och am Text benotzt ginn. Wann ët bei eis schonn en aneren etabléierte Begrëff gëtt, wéi zum Beispill Taekwondo, sou soll déi etabléiert Schreifweis benotzt ginn, an e Redirect vum revidéierte romaniséierte Lemma (an dësem Fall Taegwondo) ugeluegt ginn. Am Zweifel soll een sech awer fir déi revidéiert Romaniséierung entscheeden. Hangeul- oder Hanja-Redirecte sinn net sënnvoll. [änneren] Nordkoreanesch BegrëfferBei Themen, déi speziell op Nordkorea bezu sinn, solle koreanesch Wierder souwuel am Lemma wéi och am Text nom McCune-Reischauer romaniséiert ginn, well déi amtlech Ëmschrëft op dësem System opgebaut ass. Wann et am Begrëff Sonnerzeeche gëtt, sou sollen dës mat benotzt ginn, allerdéngs soll dann och e Redirect vun der Versioun ouni Sonnerzeeche gemaach ginn (Beispill: Kangwon → Kangwŏn). Am Zweifel soll ee sech fir d'McCune-Reischauer-Romaniséierung entscheeden. Hangeul- oder Hanja-Redirecte sinn net sënnvoll. [änneren] PersounennimmKoreanesch Nimm besti bal ëmmer aus engem Virnumm an zwee Deeler an engem Familljennumm. Wéi an den aneren ostasiatesche Länner gëtt de Familljennumm virun de Virnumm gesat. D'Revidéiert Romaniséierung (RR) gesäit d'Schreifweis vum Virnumm an engem Wuert fir, léisst awer och Bindestrécher zou. Beispiller:
Wéi bei all Regel gëtt et hei och Ausnahmen:
D'Koreaner kënne selwer entscheeden, wéieng Schreifweis fir hiren Numm a laténgescher Schrëft offiziell ass. Meeschtens gëtt ad hoc entscheed, a sech wéineg un Ëmschrëfte gehalen. Wann dës Ëmschrëft allgeméng etabléiert ass, sou soll si och an der Wikipedia benotzt ginn, dat gëllt och fir Firmennumm wéi "Samsung" (amplaz "Samseong") oder "Hyundai" (amplaz "Hyeondae"). Kuckt och: Koreaneschen Numm |