Geschirkëscht |
Wikipedia:Lëschten
Op der Wikipedia wisst d'Informatioun esou séier, an domadder och de Bedarf un engem organiséierten an thematesch zortéierten Inhaltsverzeechnes an anere Lëschten. Et gëtt och eist automatescht Artikelverzeechnis, wou d'Artikelen dem Alphabet no zortéiert sinn, mee dëst ass fir nei Benotzer duerch déi sëlleche Redirecten net ëmmer sou einfach z'iwwerblécken.
Sënn an Zweck vu LëschtenLëschte kennen en immens gudde Wee duerch den Informatiounsbësch vun der Wikipedia sinn, virausgesat si gi sënnvoll strukturéiert, regelméisseg kontrolléiert, erweidert, an ënnertenaner a Verbindung bruecht. Zum Deel si Lëschten an der Tëschenzäit duerch d'Technik vun de Kategorien ofgeléist ginn. Lëschten hunn awer am Géigesaz zu de „Kategorien“ de Virdeel, datt si den Inhalt méi eendeiteg definéieren, an net un eng bestëmmte Struktur gebonne sinn.. Lëschten erfëllen e puer Funktiounen:
Eng "Lëscht vun alle Lëschten" déi d'Lëtzebuerger Wikipedia am Moment huet sinn d'Wikipedia:Referenztabellen. OpgepasstWann Dir eng nei Lëscht zu engem Thema opsetze wëllt, passt w.e.g. op folgend Punkten op. IntroductiounGenee wéi bei den Artikelen gehéiert och zu enger Lëscht e klengen Introductiounssaz. Dëst ass net nëmmen eng nëtzlech Informatioun zum Zweck vun der Lëscht fir d'Wikipedianer selwer, mee kann och nach extra Hiweiser op verschidde Problematike ginn. Als Beispill kënnt Dir Iech d'Lëscht vun de Pharaonen ukucken, déi eng noutwänneg Explikatioun virun der Lëscht selwer huet. BenennungAls Nummkonventioun huet sech eng Benennung mat "Lëscht" etabléiert, fir Lëschten-Artikelen kloer vun den normalen Artikelen ze trennen. Den Titel vun enger Lëscht sollt awer trotzdem normal a grammatikalesch korrekt sinn. Als Beispill: "Lëscht vun de franséische Monarchen" oder och nach "Lëscht vu Philosophen". OpdeelenWann eng Lëscht ze grouss gëtt, soll ee kucken, op en net eng Méiglechkeet gëtt, se opzedeelen. E gutt Beispill heifir ass eis Lëscht vun de chrëschtlechen Hellegen, déi ze grouss (Richtwäert 32k pro Säit) ass, fir op enger eenzelner Säit ze stoen. Dofir gouf si alphabetesch ënnerdeelt. Wann Dir esoueppes maache musst, halt Iech w.e.g. fir d'Ënnerdeelung un d'Schema Lëscht vun engem Thema/A; Lëscht vun engem Thema/B asw. FormWann eng Lëscht immens laang ass, sollt si eng Navigatiounsvirlag enthalen. En alphabetescht Inhaltsverzeechnis léisst sech zum Beispill mat {{subst:TOC}} uweisen (kuckt och Virlagen). Dozou muss d'Säit an alphabetesch Iwwerschrëfte wéi an de Formatvirlagen agedeelt sinn. Kuckt och |
| kreatyna kreatyna www.activebody.pl | Gry Online Gry Online www.pozycjonarka.in… | Plaza 3 star hotel Los Angeles www.triptake.com | krynica noclegi krynica noclegi,ośrodek, wypoczynk… gornik.com.pl | Kredyty odnawialne Kredyty odnawialne www.eskarbiec.pl |