Wikipedia:Läschen

Dës Säit soll iech eng Méiglechkeet gi fir d'Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen a wann néideg driwwer ze diskutéieren op d'Läsche wierklech ubruecht ass.

Am Fall wou eng Säit carrément nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass oder Affer vu Vandalismus gouf, sou kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an als Commentaire "Säit soll geläscht ginn" hannerloossen (Beispiller an eisem Schmunzeleck).



Inhaltsverzeechnis

[änneren] Juni 2008

[änneren] Frank Gerlitzki

en klan definition. relevanz och fraglich.

[änneren] Fir d'Läschen

  • --Ralala 19:44, 21. Jun. 2008 (UTC)

[änneren] Géint d'Läschen

  • wëll déi Säit ausgebaut ka ginn --Robby 22:08, 21. Jun. 2008 (UTC)
  • --Pecalux 02:54, 22. Jun. 2008 (UTC)
  • do besti Méiglechkeete fir auszebauen, wann et och nach vläicht dauert. Les Meloures 13:17, 8. Jul. 2008 (UTC)

[änneren] Leiner-Bild

Dëst Bild huet déi ëmstridden netwikikompatiblel nd-Lizenz. No der Argumentatioun vum Thomas Galdammer, misst et geläscht ginn.

Wann ee mengt en hätt eng aner Léisung dofir, wier ech frou fir se ze héieren.

D'Fro ass: Gouf dat Bild vum Kënschtler fir d'lb:Wikipedia gemolt oder fir de Cornischong. Wann d'Bild fir d'Wikipedia gemolt gouf, wier et vläicht un der lb:Wikipedia Kommunitéit ze decidéieren watereng Lizenz d'Bild soll kréien. Oder solle mer mat dem Här Leiner frësch Kontakt ophuelen. Les Meloures 16:17, 29. Jun. 2008 (UTC)

Et ass weder um Cornischong, nach un der Wiki-Kommunautéit ze décidéieren, wat fir eng Lizenz dat Bild sollt hunn, mee eenzeg an eleng um Auteur. Mer sollten him kuerz erklären, wat lass ass, an hoffen, dass e mat enge Wiki-compatibeler fräier Lizenz averstanen ass. Mee well den Här Leiner dee sympatesche Geste gemaach huet, dëst Bild extra fir hei ze molen, sollt dat hoffentlech kee Probleem sinn. --Zinneke 12:35, 1. Jul. 2008 (UTC)
Salut, ech si ganz genee derselweschter Meenung wéi den Zinneke. Robby 20:58, 1. Jul. 2008 (UTC)
Ech schléisse mech dem Zinneke an dem Robby un --Alexandra 17:47, 3. Jul. 2008 (UTC)
Och d'accord. Awer: Wie soll dat dann elo konkret Kontakt mam Här Leiner ophuelen? --Pecalux 05:43, 4. Jul. 2008 (UTC)
Et léich no, dat méich deen, dee schonns virdru Kontakt mat him hat, dees et léich him näischt un enger konstruktiver Léisung zu deer Lizenze-Saga. --Zinneke 14:01, 8. Jul. 2008 (UTC)
Hei ass seng Adress: LEINER Roger, 1 r. Belle-Vue, L-7516 Rollingen (Mersch), Tél: 32 88 69. Vläischt kann een Admin him telefonéieren an de Rescht dann iwert Email mat him klären. --PlayMistyForMe 16:36, 8. Jul. 2008 (UTC)

Den 11. August hunn ech mat dem Roger Leiner telefonéiert an hien huet den Wiki-Sherlock fir d'Wikipedia gemolt an d'Wiki kann d'Bild fräi benotzen. Ausserhalb vun der Wiki bleiwen d'Rechter beim Roger Leiner sou dass ech d'Bild ënnert "Fair use" nei ropgelueden hunn. --PlayMistyForMe 06:59, 25. Aug. 2008 (UTC)

[änneren] Juli 2008

[änneren] Blessed

Ech proposéiere fir deen Artikel ze läschen. Wann een et net fäerdeg bréngt e bësselchen en akzeptabelt Lëtzebuergesch ze schreiwen, ass et besser e léisst d'Fangeren dervunner. Et brauch ee méi Zäit fir esou eppes ze verbesseren, wéi zwéin aner Artikelen an där Gréisst ze schreiwen. Les Meloures 10:57, 6. Jul. 2008 (UTC)

[änneren] Fir d'Läschen

Ech sinn och derfir fir dësen Artikel ze läschen, zumol wou d'Relevanz net iwwerzeegend ass. --Pecalux 15:45, 6. Jul. 2008 (UTC)

Zousätzlech Info Am Artikel steet en {{EnCours}} dragesat vum Ralala. Op senger Benotzersäit gëtt en elo bekannt datt en eng Paus mécht, wéi laang seet en ons net. Ech ginn emol dervunner aus datt en keng Loscht huet fir iergendeppes am Artikel ze verbesseren. Ech proposéieren dofir fir den Artikel wann an 8 Deeg näischt verbessert gouf, deemno de 14. Juni ze läschen. Les Meloures 13:07, 8. Jul. 2008 (UTC)
  • Dofir, well ech en Artikel iwwer eng CD, wou just den Text vum Cover reproduzéiert ass, hei näischt verluer huet. Wikipedia ass kee Katalog. Allgemeng giff ech vun esouen Artikelen ofroden, et sief, deen Album hätt iergend eppes ganz besonnesches geleescht (iwwerméisseg grousse Succès, am Réckbléck als e Meilestee vun der Museksgeschicht definéiert, asw.). --Zinneke 08:11, 22. Sep. 2008 (UTC)

[änneren] Beachhandball

Keng Reaktioun op Iwwerschaffen. Schlecht definéiert.
  • Fir d'Läschen --Pecalux 09:50, 17. Jul. 2008 (UTC)
Obschonn den Thema eng Säit verdéngt hätt, awer net an der heiter Form.
Dito. --Zinneke 09:53, 17. Jul. 2008 (UTC)
  • Kärfusioun‎ ka geläscht ginn. Den Artikel ass an enger codéierter Sprooch geschriwwen déi net ze verstoen ass: "M4WUEx tfgruj 46rujfgjgh jfhjhf jgfxdj gfj gfjgfjfj gfjgf"--Fliedermaus 06:43, 23. Jul. 2008 (UTC)

[änneren] Bild:Carol.JPG Bild:Carol.JPG

Hei ass keen Auteur a keng Lizenz uginn.

  • Fir d'Läschen:

[änneren] Bump bash

Den Artikel huet net fir 2 Su enzyklopedesche Wäert

[änneren] August 2008

[änneren] Verschiddenes

[änneren] Eifelcowboys

Liebe luxenburgische Kollegen,
den Artikel Eifelcowboys wurde in der deutschsprachigen Wikipedia als Fake gelöscht. Das heißt, dass es alle Mitglieder dieser Band, als auch die Band nicht gibt. Sie können den Artikel über die Band als auch über alle Mitglieder nun löschen. --93.128.46.23 08:55, 24. Aug. 2008 (UTC)

[änneren] Fierkelsaarm

Fir d'Läschen:

  • Les Meloures: Iwwer dem Eesazartikel an deem mer konkret net gewuer ginn ëm wat et sech dréint steet zënter Abrëll iwwerschaffen. Et huet sech bis haut näischt gemuckst. Les Meloures 10:39, 26. Aug. 2008 (UTC)
  • --Pecalux 15:47, 26. Aug. 2008 (UTC) : D'accord fir ze läschen.
  • --Zinneke 19:57, 30. Aug. 2008 (UTC) wann näischt nokënnt...
      • Wie vun deene Gescheiten hei mécht dann eng Demande, fir dat Wuert aus dem Luxemburger Wörterbuch ze läschen? Do steet de Lemma schonns 50 Joer dran. Muerzel

Moien,

Déi Demande huet de Meloures gemaach, net well e sech gescheit virkënnt, mee just well bis elo nach kee konnt explizéieren wou deen Deel op engem Won soll sinn oder firwat en un engem Won ass. Ass e fir Fierkele spadséiren ze féieren, oder fir d'Fierkelskëscht drop ze stellen, oder firwat? An der Diskussioun zum Artikel hunn ech schonns virun engem Strapp gefrot wat dat da genee wier. Bis elo ass nach keng Äntwert drop komm. Mee vläicht steet déi am Luxemburger Wörtebuch, an et wëllt just keen eis et soen.

Dofir dann nach eng Kéier d'Fro: Wat ass ee Fierkelsaarm ausser engem Deel vun engem sougenannten Heewon? Firwat ass deen um Heewon, a wou ass en um Heewon, a firwat just un engem Heewonn?

Ouni eng valabel Explicatioun wat et ass, ka menger Meenung do deen Artikel net esou stoe bleiwen, an dofir hunn ech e fir ze läsche proposéiert. Wa mer engem Lieser net kënne genee explizéieren, wat et ass, huet den Artikel kee Wäert.

Ech decidéieren och net eleng driwwer, op e soll geläsch ginn oder net. Les Meloures 20:48, 26. Aug. 2008 (UTC)

Nach eng allgemeng Remarque zum "Muerzel" senger Remarque: Ofgesi vun deem wat, de Les Meloures uewendriwwer schreift: E Lemma an engem Wierderbuch justifiéiert net automatesch e Lemma an enger Enzyklopedie. Den Ënnerscheed tëscht deenen zwéin muss ech hei net extra erkläeren. --Zinneke 09:29, 16. Sep. 2008 (UTC)

[änneren] Frank

Ech proposéieren dësen Artikel ze läschen. Et dréint sech heibäi ëm e prépubertäre Bouw dee sech selwer entdeckt huet a mengt e kinnt sangen. Maacht iech selwer e Bild op senger Websäit.

[änneren] fir d'Läschen

  • --Pecalux 16:09, 26. Aug. 2008 (UTC)
  • --Fliedermaus 16:24, 26. Aug. 2008 (UTC) Hëllef! Läschen w.e.g.! (Wann dee séngt ginn d'Kéi am Ëmkreess vu 15 km sauer Mëllech!)
  • --Cayambe 16:40, 26. Aug. 2008 (UTC)
  • --Les Meloures 20:55, 26. Aug. 2008 (UTC) Et ass mat grouuser Wahrscheinlechkeet nach ee vun dem Ralala senge Fakeartikelen.
  • --PlayMistyForMe 13:44, 28. Aug. 2008 (UTC)
  • --Zinneke 19:54, 30. Aug. 2008 (UTC) ech kann ABBA och ënnert der Dusch "coveren", mee besser.


Fliedermaus, mengs de net et wier besser en prépubertären Bouf ze motiweieren an deems een him seet hien wier courageiert mee hien misst efforen a punkto Contrapunkt, Rhythmus an Tountreffen maachen amplatz direkt esou eng zynesch Remarque ze maan, daat ass meng Meenung --Danlang 22:32, 31. Aug. 2008 (UTC)

[änneren] Cherrytree

[änneren] fir d'Läschen

  • --Les Meloures 20:59, 26. Aug. 2008 (UTC)
  • --Pecalux 05:03, 27. Aug. 2008 (UTC) Grond: Keng Relevanz. Wann an 3 Joer nach vu Cherrytree geschwat gëtt kënne mer se jo erëm ernimmen.
  • --PlayMistyForMe 13:45, 28. Aug. 2008 (UTC)
  • --Fliedermaus 17:22, 28. Aug. 2008 (UTC) Ech hunn doriwwer déiselwecht Meenung wéi de Pecalux
  • --Zinneke 19:51, 30. Aug. 2008 (UTC) --- wann aus de 5 Lidder Repertoire der e puer méi gi sinn, kënne mer nach eng Kéier driwwer schwätzen...

[änneren] Kinofreaks

[änneren] fir d'Läschen

  • --Pecalux 12:30, 28. Aug. 2008 (UTC) Grond: Pubizitéit fir eng privat Websäit.
  • --Cayambe 13:11, 28. Aug. 2008 (UTC)
  • --PlayMistyForMe 13:44, 28. Aug. 2008 (UTC)
  • --Les Meloures 17:01, 28. Aug. 2008 (UTC)
  • --Zinneke 19:43, 30. Aug. 2008 (UTC)

[änneren] September 2008

[änneren] Bild:Schetzelbaach 2008.jpg

  • Ka geläscht ginn. Dat selwecht Motiv gouf ënnert den Numm "Bild:Gréngewald Schetzelbaach 2008.jpg" mat méi héijer Opléisung eropgeluden.
ass gemaach --Robby 11:29, 1. Sep. 2008 (UTC)

[änneren] Mémorial de la Déportation

  • Nicht in Lëtzebuergesch, mehr touristischen als enzyklopädischen Information. - Andre Engels 07:25, 4. Sep. 2008 (UTC)
Lemma ass ok, den Text muss just iwwersat ginn. --Zinneke 08:15, 4. Sep. 2008 (UTC)
Wéi wier et no "Nummkonventiounen 6." mat "Deportatiounsmemorial", "Dokumentatiouns- a Recherchezentrum iwwer d'Zwangsrekrutéirung" an "Direktiounskomitee fir d'Erënnerung un d'Zwangsrekrutéirung"? --Otets 13:28, 16. Sep. 2008 (UTC)
Moien,
Wa mat der déportation d'Ëmsiidlung gemengt ass, firwat dann net Ëmsiidlungsmemorial? freet sech de Les Meloures 15:54, 16. Sep. 2008 (UTC)

Moien

Den Text gouf iwwersat, a gutt mat Biller dokumentéiert. Läsche kënnt deemno menger Meenung net méi a Fro. Les Meloures 10:41, 20. Sep. 2008 (UTC)

[änneren] Green voice

  • Enzyklopedesch irrelevant, Reklammstext. --Zinneke 09:15, 16. Sep. 2008 (UTC)
  • Fir d'Läschen c.f. Diskussiounssäit. -- Les Meloures 12:14, 16. Sep. 2008 (UTC)
  • Och fir d'Läschen, kann ouni Reklammstext erëmkomme wann en duerch e puer Dausend Benotzer seng Relevanz bewisen huet. --Otets 13:28, 16. Sep. 2008 (UTC)
  • Och dofir -> Reklamm --Alexandra 10:42, 20. Sep. 2008 (UTC)

[änneren] Dtm race driver 3

  • Proposéiert fir ze läschen Les Meloures 21:51, 18. Sep. 2008 (UTC)
Och fir d'Läschen, et ass emol kee richtege Saz dran. --Otets 23:41, 18. Sep. 2008 (UTC)
Deleatur. --Zinneke 08:38, 19. Sep. 2008 (UTC)
Och fir d'Läschen. --Cayambe 08:49, 19. Sep. 2008 (UTC)
Och dofir --Alexandra 10:43, 20. Sep. 2008 (UTC)

[änneren] Jean Crémont

  • De Playmisty huet näischt iwwer deen am Lux. Autorenlexikon fonnt, am Katalog vun der BNL ass deen och onbekannt. A vum Auteur vum Artikel (dee soss nach näischt hei Opweises huet) si bis ewell och keng weider Infoen nokomm. Staarke Verdacht op e Fake deemno. --Zinneke 18:01, 21. Sep. 2008 (UTC)
  • Wann een deen Numm um Spaweck sicht dann toopt een op d'Säit vun engem Online Bicherbuttek, wou se esou en Auteur ze kenne schingen. Mee deen ass awer zu Amiens gebuer a misst seng 28 Säiten Thes am Alter vu 15 Joer geschriwwen hunn. Alles éischter onwaarscheinlech. Ech giff also och läschen. --Otets 22:56, 22. Sep. 2008 (UTC)

[änneren] Walferdange Rugby Club

  • E Link ass keen Artikel

wymiana linkami wymiana linkami wymiana linkami system wymiany linków system wymiany linków tanie kredyty gotówkowe kreatyna Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Sejm Tyk