|
Froen op der Wikipedia selwer
- Déi meeschte Wikipedianer luussen e puer mol am Dag an de Stamminet wou mer iwwert allgemeng Saachen zu der Wikipedia poteren, a Konflikter zesumme probéieren ze léisen.
- Bei spezifesche Froe kann een se och op eiser Froesäit stellen, wou déi aner Wikipedianer engem hëllefe kënnen.
- Wann et mat der Sprooch happert, an engem dat eent oder anert Wuert op der Zong läit, ass eise klengen Dictionnaire eng Hëllef.
|
Ufroen un de Bedreiwer
Wikipedia gëtt vun der Wikimedia Foundation bedriwwen, déi hire Sëtz a Florida, USA huet. Si kann ënnert folgender Adress erreecht ginn:
Wikimedia Foundation Inc.
200 2nd Ave. South #caf7ff
St. Petersburg, FL 33701-4313
United States of America
Telefon: +1-727-231-0101
E-Mail: jwales@wikia.com
Press
Journalisten, déi sech fir Wikipedia interesséieren, sollen sech un d'Bürokrate vun der Lëtzebuerger Wikipedia wennen. Dëst sinn de Cornischong an d'Briséis. Weider Administratore kënnen Iech awer och weiderhëllefen.
|
|
Eenzel Auteuren uschwetzen
All Benotzer deen ugemellt ass, huet op der Wikipedia eng Diskussiounssäit, wou een him Noriichten hannerloosse kann. Wann de Benotzer eng E-Mail-Adress uginn huet, kann een him selbstverständlech och eng E-Mail schécken.
|
Technesch Problemer
Wéi ee Feeler an der Software melle kann, gëtt op MediaZilla erkläert. Et lount sech natierlech, virdru bei den anere Wikipedianer nozefroen, op e Problem bekannt ass an op viläicht deen een oder aneren dee selwechte Problem bei sech doheem huet. Schwéier technesch Problemer kënnen op Englesch och ënnert noc@wikimedia.org gemellt ginn. Support-Ufroe ginn hei allerdéngs net beäntwert.
|