|
|
Wikipedia:De Stamminet
|
De Stamminet ass eng Plaz fir sech ze entspanen, Froe kënnen ze stellen an sech iwwert de Projet ze renseignéieren.
E Message hannerloossen
Regelen
- Éischt Regel: Vergewëssert iech datt äre Message och déi ganz Kommunautéit interesséiert. Wann dëst net de Fall ass, sou benotzt w.e.g. dem Artikel seng respektiv Diskussiounssäit.
- Zweet Regel: All Feelermeldung gehéiert heihinner, mat Datum.
- Drëtt Regel: Hiweiser op Annoncen an der geschriwwener Press gehéieren heihinner.
- Wann de Server eemol lues sollt sinn, gitt fir d'alleréischt heihinner luussen.
Fir datt de Stamminet propper bleift, muss jidderee mathëllefen. Dofir biede mir iech:
- Setzt d'Saachen an d'Archiv soubal d'Diskussioun ofgeschloss ass
- Deplacéiert Diskussiounen déi net heihinner gehéieren op hir richteg Plaz
Archiv: 2004 - 2005 - 2006 - 2007 - 2008
|
[Änneren] Fair use Diskussioun frësch opgewiermt
Wann s du déi Fotoen net selwer gemaach hues mee se just aus engem PDF erausgeschnidden huest, da schreif dech net als Auteur dohin. --Otets ♣ 20:06, 29. Mee 2008 (UTC)
- Am Fong hues Du Recht, mais gin se dann nët rausgeheit? --PlayMistyForMe 20:09, 29. Mee 2008 (UTC)
- Vu datt ech keen Expert an US-amerikaneschem Recht sinn, transposéieren ech emol einfach wat op der en-wiki dozou steet: "Mat enger Fair use Lizenz ginn d'Biller net onbedingt erausgehäit wann s de den Auteur net kenns. Dat wichtegst ass dann d'Source." --Otets ♣ 20:22, 29. Mee 2008 (UTC)
-
- Ech hun elo iwerall den Auteur weggeholl :-) --PlayMistyForMe 20:17, 29. Mee 2008 (UTC)
-
-
- OK merci :-) --PlayMistyForMe 20:24, 29. Mee 2008 (UTC)
""Mat enger Fair use Lizenz ginn d'Biller net onbedingt erausgehäit wann s de den Auteur net kenns. Dat wichtegst ass dann d'Source.": Watfir Kaffissaz-Interpretatiounssakspréngereie sinn dat dann? Wat heescht "net onbedéngt? Wat heescht 2wann s de den Auteur net kenns? Wat d'"Source"? A wat soll "Dat wichtegst ass dann d'Source." heeschen? Looss mer mol soen: "Eigentlech" huet eng "Fair use" Lizenz hei net vill verluer, fir et emol ganz duuss auszedrécken. An: All Foto huet en Auteur; dat ass deen, deen op de Knäppche gedréckt huet. Wann een dat sollt anescht gesinn, da kann e mech gär opklären. Ech wollt mech bis elo mol aus deem Déngen eraushalen, awer hëlt dee "Spuk" mat Biller, déi, wéi et schéngt, kee Mënsch gemaach huet, an déi autoriséiert goufen, bei deenen nach kee Mënsch eng Autorisatioun gesinn huet, net e bësse vill Moschläimhaut ewech? --Cornischong
Wat dat heesche soll steet am Link deen ech uewen uginn hunn, do ass guer a glat näischt eraninterpretéiert ginn. "Eigentlech" huet eng Fair use Lizenz hei grad esouvill verluer wéi op der en-wiki, an esoulaang déi domadder kee Problem hu kënne mär eise Kapp och a Rou leeën. Wéi de Les Meloures eng Kéier virgerechent huet si vun eisen 1.027 Fair use Biller jo Dosene vun där selwer, also gesinn ech net firwat dat Thema ëmmer nees grad vun där opgewiermt ginn. An natierlech huet all Foto en Auteur, dat gesäit jo och keen anescht. A wéi stells de der an der Praxis dat mam "Autorisatioun gesinn" vir? --Otets ♣ 21:48, 29. Mee 2008 (UTC)
- Eppes as aawer nët ze vergiessen. Fair use as nëmmen akzeptabel wa kéng aaner Biller zou deem Thema ze fanne sinn. De korrekte Link ob en.wikipedia as iwwregens en:Wikipedia:Non-free_use_rationale_guideline. An dësem Konkrete Fall géif ech söen sollte 6-7 vun deenen 8 Biller geläscht ginn. Ee Bild geet duer zuer Dokumentatioun, eng Gallerie as nët äennert fair use ze justifizeieren. Interessant ass iwregens dass ech grad dem Les Meloures zu desem Thema eng fro gestallt hunn (do geet et em e fair use Bild daat och nach heich Resolutioun ass (ech schätze 300DPI scan)). Ob en. wieren déi meescht vun dëse Biller längst gelescht.--Caranorn 23:01, 29. Mee 2008 (UTC)
- Mäi Link deen ech hei uewen driwwer gesat hu war relativ speziell, en ass nämlech op d'Fro agaangen op en Auteur muss genannt ginn oder eng Source duergeet (Äntwert: dat ka vu Fall zu Fall verschidde sinn). Fir d'Thema Fair use generell unzegoen, do fannen ech datt et méi lit ze verdauen ass wann een ufänkt d'Kriteren op der en-wiki ze liesen ier een d'Richtlinne fir de Raisonnement als Dessert hëlt (besonnesch wou mer bis ewell kee Raisonnement bei eis Biller gesat hunn). An dësem konkrete Fall géif ech net direkt läsche mee dem PlayMistyForMe oder soss engem Fotograf eng Chance ginn, op engem sonnegen Dag eege Biller ze maachen fir dann déi heiten z'ersetzen. Well soss kéint e jo och fir all Konschtwierk en eenzelnen Artikel opman an da wier pro Artikel just ee Bild zur Dokumentatioun. --Otets ♣ 23:43, 29. Mee 2008 (UTC)
"Fair use as nëmmen akzeptabel wa kéng aaner Biller zou deem Thema ze fanne sinn" schreift de Caranorn, deen absolut recht huet. Verwonnerlech ass et schonns, datt mer fir Billercher mat engen 300 mol 450 Pixelen, dat sinn déi, bei deene Leit an Australien Aekriibs kruten, op Fair use mussen zréckgräifen. Wéi sot de Caranorn, e puer Zeilen uewendrun " An dësem Konkrete Fall géif ech söen sollte 6-7 vun deenen 8 Biller geläscht ginn. - Ob en. wieren déi meescht vun dëse Biller längst gelescht." Déi eigentlech Fro ass: Befriddege mer eis neierdéngs mat 300 x 500 Pixel-Billerecher? Da si mer wäit komm! --Cornischong 02:17, 30. Mee 2008 (UTC)
-
-
- "Wéi de Les Meloures eng Kéier virgerechent huet si vun eisen 1.027 Fair use Biller jo Dosene vun där selwer,": A ja? Stell emol ee Mënsch sech dat vir! Wou sinn déi dann? Wou ass dann een eezegt, vun deem mer eent oder e puer anerer als Ersatz haten. Géi w.e.g. net mat deem senger Katz hauséieren. Dat Gesabbels do kënne mer eis spueren. Meng Haaptsuerg ass souwisou d'Qualitéit vun de Biller!!!! (fir dat emol nach eng Kéier ze widerhuelen!) A wann ech mer dat ukucken, da kënnen der nach op de Fouss geholl ginn. Mee, et ass domat wéi mat den Texter, schreif näischt, da kënns d'an näischt. Fänke mer mar un, déi blatzeg an déi onschaarf Fotoen ze läschen? An natierlech déi Dosene Fair use Biller vum Cornischong, fir déi schonns en Ersatz do ass. Sot mer Bescheed, ecjh paken dann eng Hand mat un. Jo, ech kréien en décken Hals mat deem Getuts, well et opfält, datt déi, déi valabel Biller eroplueden, sech roueg halen, an déi aner ëm sech schnapen.-Cornischong 02:36, 30. Mee 2008 (UTC)
-
-
-
- Am Billerlogbuch zielen ech der 34, an dat geet net emol bis un d'Ufänk vun der Wiki zréck. An et seet jo keen, et géif en Ersatz dofir ginn oder hir Lizenz wier net richteg, also kënnen a sollen déi Biller roueg an a Fridden op der Wiki bleiwen. Au contraire, domat wollt ech soen du solls net géint d'Fair use Lizenz fachen, besonnesch net wann et der wéi - wéi ech elo liesen - guer net ëm d'Lizenz gaangen ass mee ëm d'Qualitéit vun de Biller. --Otets ♣ 09:55, 30. Mee 2008 (UTC)
- Alles mat der Rou, Roum ass och nët an engem Dag gebaut gin. Ech hun elo mol déi 3 Artikelen souwäit färdeg gemaach. Elo muss een just nach effektiv d'Chance kréien, fir bei passablem Wieder a mat enger gudder Camera exzellent Fotoe machen ze goen, wat ech och wëlles sinn, wann een dann och déi Zäit dofir kritt a kee Wibbelegen elo direkt a säin Auto klëmmt fir den éischten gewiecht ze sin
--PlayMistyForMe 07:17, 30. Mee 2008 (UTC)
-
- D'Infoen sin elo à jour, also den Auteur an d'Source vu praktesch all Bild ass elo korrekt genannt, ech kréien dann nach d'Originaler fir déi exzellent Biller vum Raymond Clement da kënnen drop ze setzen. Ech huelen jo un, dass de fair use elo ka stoe bleiwen? --PlayMistyForMe 07:53, 30. Mee 2008 (UTC)
-
-
- Jo, looss se elo mol ënnert Fair use, bis datt s de selwer Fotoen dervu gemaach hues déi s de dann an d'Plaz kanns setzen. Wéi den Zinneke hei drënner sot: wann de Raymond Clement als Auteur awer averstanen ass datt s de seng Fotoen hei ënnert enger fräier Lizenz publizéiers, dann huel léiwer déi fräi Lizenz déi de Raymond Clement där gesot huet. --Otets ♣ 09:55, 30. Mee 2008 (UTC)
Moien Dir Leit,
De Gebrauch vum US-amerikanesche Prinzip vun der Fair use-Lizenz ass wichteg genuch, dass ech och kuerz meng Meenung wollt lassginn: Allgemeng sollt een déi Lizenz, wou méiglech, verhënneren, dann erspuert sech all Diskussioun a Justifikatioun. Wann een e gebraucht, soll dee jéinegen, deen d'Bild erop luet, sech onbedingt d'en:Wikipedia:Non-free_use_rationale_guideline ukucken, a wa méiglech, sech drun halen. "Fair use" ass e präzise juristeschen Term, an net, wéi ee vläit kinnt mengen, eng vague Ausso ("géi gedamer dermat ëm, da bleift d'Kierch am Duerf"). Dat heescht, dass déi Saach mat der Justificatioun, déi laang a breet erkläert gëtt, an déi d'Viraussetzung ass, déi Lizenz kënnen ze gebrauchen, och agehale misst ginn.
Ech weess, dass mer eng jett Biller hunn, déi dëse Critèren net entspriechen, mee bis elo ass dat esou mat duerchgaang, an 't huet nach keen haart genuch gejaut.
Wat elo déi vum Artikel Skulpturepark ugeet: Wann de Raymond Clement - deen den Auteur ass - averstanen ass, se hei ënnert eng fräier Lizenz ze publizéieren, dann tant mieux. ("Fair use" ass keng fräi Lizenz a kann och net gebraucht ginn, well déi Skulpturen jo nach do stinn, an et dofir aner Méiglechkeete gëtt, eng Illustratioun dovunner ze fannen). Wann dat net sollt méiglech sinn, da liesen ech aus deem hei driwwer eraus, dass an der nächster Zäit déi Biller, déi elo do stinn, duerch selwergemaachener ersat géife/kinnte ginn (et kënnt do sécher net op een Dag un). Da giff ech soen: Fir net nach laang hei Zäit mat Diskussiounen ze verléieren, loosse mer se provisoresch stoen, an der Erwaardung, dass en se eng Kéier "legaliséiert" ginn.
An net ze vergiessen - wat net genuch gemaach hei gëtt - emol en allgemenge Merci un all Artikelschreiwerten an -illustrateuren auszespriechen, déi sech d'Méi maachen, Intressantes ze beschreiwen an hei "der Allgemengheet" zougänglech ze maachen. Dat (leider heiansdo net vermeidbaart) Gediskutéiers iwwer Gelizenzels soll net vun der Satisfactioun, eppes hei opzebauen, wat et nach ni virdru gouf, oflenken.
--Zinneke 08:21, 30. Mee 2008 (UTC)
Honnertprozenteg mam Zinneke d'accord, esou soll et sinn! Soll ech elo eng Schabloun fir d'Justificatioun maachen an dat dann iwwerwaachen oder baue mer drop datt all Wikipedianer dat scho richteg mécht och wann en et net ausdrécklech bei d'Bild schreift? --Otets ♣ 09:55, 30. Mee 2008 (UTC)
- Zu deene verschiddenen Aentwerten. Sinn averstann dass d'Biller bleiwe bis freien Ersatz do ass. Wier och eng gudd Idee esou eng Schabloun fier d'Justificatiounen ze schafen. Souwait et meiglech as solle fair use biller lues a lues duerch fräier ersat ginn, dann hu mer kee Problem.--Caranorn 11:15, 30. Mee 2008 (UTC)
- Ech maachen dann esou eng Schabloun an ech iwwersetzen och d'Richtlinne fir d'Justificatioun. Solle mer all neit Fair use Bild wat dann awer ouni Justificatioun frësch eropgeluede géif gi läschen (nodeems mer ielelaang mam Eroplueder gestridden hunn e soll eng Justificatioun ginn a vill Zäit an Energie dorobber verluer hunn) oder soll ech déi Schabloun standardméisseg fäerdeg ausgefëllt erschénge loossen an drop bauen datt den Eroplueder déi Standard-Justificatioun och ënnerstëtzt well e soss eng aner ginn hätt oder d'Bild emol guer net ënner d'Fair use Lizenz gesat hätt? --Otets ♣ 16:53, 31. Mee 2008 (UTC)
- Ech hunn eng Justificatiounsschabloun gemengt gehat, déi automatesch ënnert all Fair use Lizenz kéim. Mee dat war wuel zevill subtil. Ech iwwersetzen dann einfach an den nächsten Deeg d'Justificatiounsrichtlinnen a setzen dann an d'Lizenz derbäi datt den Eroplueder garantéiert datt et eng valabel Justificatioun gëtt déi sech genee un d'Richtlinnen hält (natierlech mat Link op d'Richtlinne-Säit). --Otets ♣ 22:28, 1. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Géi w.e.g. net mat deem senger Katz hauséieren
Wéi laang musse ech mer hei dem Cornischong seng Frechhheten nach gefaale loossen. Wann een anere User him esou Saache géif an de Kapp werfen wier e schonns laang gespaart. Sinn dat all d'Manéieren déi ons Chef-Etage huet.
- 1) Meng Info iwwer d'Fair-Use Biller entspriechen den Tatsachen mat der Ausnam datt der elo epuer derbäi koumen.
- 2) Wat dem Cornischong, seng Fair-Use Biller ugeet, hunn ech d'Bemierkung an engem Context gemaach, nämlech, well hien d'Fair-Use Lizenz als misteriéis duergestallt huet, an et fir mech net kompatibel ass datt ee bei anere Beotzer d'Lizenz denigréiert, a se op der aner Säit selwer gebraucht, egal aus water enger Ursaach.
- 3)Wann eppes mysteriéis ass, soll et ob Ersatz do ass oder net, einfach net gebraucht ginn.
- 4)Entweder mer acceptéieren d'Faire Use Lizenz oder net. Wa mer se net accepteéeirn da soll se eliminéiert ginn. Wa mer se acceptéiren soll an Zukunft net méi driwwer dikutéiert ginn. Les Meloures 08:38, 30. Mee 2008 (UTC)
- Och wa mer aner Lizenzen natierlech léiwer gesinn: mär acceptéieren d'Fair Use Lizenz jo. Et schéngt och manner d'Existenzberechtegung vun der Fair use Lizenz ze sinn, mee éischter d'Justificatioun déi bei all Lizenz gehéiert, iwwert déi mer sollten diskutéiren. An do huet de Cornischong sech u sech selwer kee Gefale gemat, well wa mer elo ganz streng op d'Justificatioun kucken, da fërdert dat natierlech grad Timbersbiller. --Otets ♣ 09:55, 30. Mee 2008 (UTC)
[Änneren] legaliséiert ?
-
- Moien,
- "dass an der nächster Zäit déi Biller, déi elo do stinn, duerch selwergemaachener ersat géife/kinnte ginn" ..."an der Erwaardung, dass en se eng Kéier "legaliséiert" ginn" gouf hei geschriwwen. Esou vill ech weess huet zu Lëtzebuerg bei enger Skulptur (och wann se an der Ëffentlechkeet steet) de Kënschtler deen d'Skulptur erschaft huet, respektiv deem seng Iewen (bis 70 Joer nom Dout vum Kënschtler), d'Rechter och op der fotografescher Duerstellung vum Wierk. Dat bréngt mat sech datt een theoretesch fir all Skulptur déi vun engem Kënschtler erschaft gouf, deen nach lieft oder nach keng 70 Joer dout ass, een eng schrëftlech Autorisatioun vum Kënschtler oder der physescher oder moralescher Persoun déi d'Rechter dorop huet, bräicht, fir d'Photo ze verëffentlechen. Bei Bauten oder patetentéierten Industrieprodukter misst d'Saach ähnlech sinn. Et schéngt awer an der Praxis eng gewësse "Largesse" ze bestoen, esoulaang keen d'Fotoen fir kommerziell Zwecker benotzt. --Fliedermaus 09:01, 30. Mee 2008 (UTC)
-
-
- Do hues du de Fanger an eng Wonn geluet. Komm mer bleiwe bei der Praxis, déi aner Wikie maachen dat net anescht. Wann een e Kënschtler kennt, da soll en deen natierlech ëm Erlaabnis froen. Dat selwecht gëllt beim Architekt, virausgesat säi Gebai ass originell. Eng Foto vu patentéierten Industrieprodukter dierft awer kee Problem sinn. Et ass beim Design a bei de Marquë wou ee sech Froe stelle kéint. --Otets ♣ 09:55, 30. Mee 2008 (UTC)
-
-
-
- Mer hun also keng Panorama Freiheet hei? Daat as natierlech net gudd. Mee effektiv gett sech neirens doru gehaal. Ech géif soen dass daat esoulang keen weint copyright verstouss an esou engem Fall geklackt gouf (daat heescht esoulang kee Präzedenzfall besteet) kee Problem ass. Oft ginn esou Gesetzer dei nëmmen um Papéier existéieren an nët aplizeiert ginn och als legal bedeitungslos agestouft. Kennt een och mol an der Chamber nofroen, mee do setz kee vu menge Lait mei:-(.--Caranorn 11:15, 30. Mee 2008 (UTC)
-
-
-
-
- Legal bedeitungslos géif ech net soen, besonnesch net wann ee mat Fotoe vun esou Wierker de Goss géing maachen. Mee bei net-kommerziellem Gebrauch vu Fotoe vu Konschtwierker oder Architektur ass et an der Praxis just dacks esou, datt de Kënschtler oder Architekt net bei der Fotosverwäertung säin Haaptakommes huet, souwisou net terribel vill kéint froen, mee wann en net op säi Recht pocht da kritt e méi gratis Reklamm fir sech a seng Wierker wéi e sech anerwäerts jee kéint erdreemen. --Otets ♣ 16:26, 31. Mee 2008 (UTC)
-
-
-
-
- Wat d'Panoramafräiheet ugeet, kuck den Artikel 10. 7° vum verännerte Gesetz vum 18. Abrëll 2001 iwwert d'Droits d'auteur, Droits voisins an Datebanken. Op der de-wiki hu seng eng Kategorie vun esou Biller, mee wann ee kuckt wat do dran ass, dat géif zu Lëtzebuerg net goen. --Otets ♣ 18:58, 6. Jun. 2008 (UTC)
-
-
-
-
-
- Oh, wollt nach soen. Wann een fier dem François Valentiny sen Gebeier esou eng geneemegung brauch kontakteiert mech. Leschteg dass do eng fair use photo mat grousser Resolutioun steet, ersaetzen dei deemnaechst och wa mer eis nët esou oft gesinn;-).--Caranorn 11:15, 30. Mee 2008 (UTC)
-
-
-
-
-
-
- Déi Biller am Artikel François Valentiny krut ech vum François Valentiny. Ech hat déi ënner Fair-Use eropgelueden well ech den Auteur vun de Biller net kennen, an deen net froe konnt.
-
- Am algemengen ass jo gutt datt mer iwwer déi Lizenz hei ee Wuert verléieren, vläicht schonns e puer zevill. Et deet mer fir Wiki leed datt doropper elo sou ee Gewicht geluecht gëtt, an deem Sënn, datt an déi Diskussioun hei ganz vill Energie gepompelt gëtt.
-
- Wann ech mech gutt kann erënneren gouf virun zwee Joer schonns eng Kéier doriwwer diskutéiert, an d'Resultat war deemols wann ech mech net iren: Wann emol ee reklaméiert ass d'Foto séier eraus.
-
- Déi wéinegst Leit déi op d'Wiki eppes kucke kommen, ginn an d'Foto kucken watereng Lizenz se huet, awer d'Feeler an den Texten, an an den Definitiounen, gesäit jiddereen direkt. Les Meloures 15:04, 31. Mee 2008 (UTC)
-
-
- Ech wäert hei drënner e Resumé schreiwe fir datt dat ganzt net ausufert. --Otets ♣ 16:26, 31. Mee 2008 (UTC)
[Änneren] Sou einfach schéngt mir dat net ze sinn
Also: et sin elo Fotoe op dene Säiten, déi mat der "Strooss vum Fridden" ze din hunn (Skulpturewee zu Bilschdref, Skulpturewee zu Lëlz, déi ...
- ... vu mir aus engem Plakat am PDF-Format (dat ech vum LEADER-Bureau zur Verfügung gestallt krut) rausgeschnidde goufen
- ... vum Raymond Clement (déi meescht) deemols gemaach goufen
- ... de Naturpark Uewersauer d'Rechter drop huet (op d'Biller!, nët op d'Wierker)
- ... Wierker duerstellen, déi wuel och par définitioun ënnert dem Copyright stin (well d'Auteure also d'Skulpteuren nach keng 70 Joere doud sinn),
... sou dass ...
- ... wann ech de mëtteg eege Biller maache gin an ech déi dropsetzen, ech trotzdem géint Copyright verstoussen
- ... wann ech den Owend oder dëse Weekend besser Opléisungen vun dem Raymond Clement senge Biller ropsetzen mat der Erlaabnis vum NP Uewersauer, ech trotzdem géint Copyright verstoussen
also e puer konkret Froen:
- wat soll ech maachen (oder mir alleguer a Zukunft), z.B. muss ech elo wierklech all Skulpteur ëm Erlaabnis froen?
- wat fir eng Lizenz soll ech a wat fir engem Fall benotzen?
Nach e Saatz um Schluss: et wier immens schued, wann de lëtzebuergesche Wikipedia nët och Biller vun aussergewéinlecher Qualitéit wéi déi vum Raymond Clement (just als Beispill geholl, nët als Werbung) géng enthaalen, an nët just "Amateursbiller" wéi déi meeschte vun eis et sin (egal wéi eng gudd Kameraen een huet).
Et schéngt mir am Sënn ënner aanerem vum Zinneke a vum Otets wichteg ze sin, dëse Problem sou ze léisen, dass jiddereen domat eens gëtt.
Mat beschte Gréiss vum --PlayMistyForMe 11:52, 30. Mee 2008 (UTC)
Wann s de scho Kontakt mat engem Auteur hues, da looss d'Fair use Lizenz op der Säit, mee fro deen Auteur op e säi Bild/Wierk net ënnert GFDL ({{Bild-GFDL}}), Creative Commons ({{Bild-CC-by-sa/3.0/lu}} oder {{Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu}}) oder soss enger fräier Lizenz ({{Bild-by}}) verëffentleche wëll. --Otets ♣ 16:37, 31. Mee 2008 (UTC)
E klenge Guide, wat ee maache soll:
- Du bass den Auteur vum Bild - du hues (zesumme mam Sculpteur) de Choix vun der Lizenz, mee recommandéiert gi GFDL {{Bild-GFDL}} a Creative Commons (lëtzebuergesch Versioun) {{Bild-CC-by-sa/3.0/lu}};
- Wann s du de Sculpteur froe kanns op en domat averstanen ass - da maach dat a schreif bei d'Lizenz derbäi datt de Sculpteur d'accord ass
- Wann s du de Sculpteur net froe kanns - dann noutgedrongen eben net, bei net-kommerzielle Projeten ass de Risiko Problemer ze kréie vill méi kleng, absëns wou mer op Ufro vum Sculpteur d'Bild direkt géife läschen (den Jimbo huet am Budget fir dëst Joer eng 118.000 Euro fir Affekote virgesinn ;-).
- Du bass net den Auteur, mee du hues eng Méiglechkeet fir den Detenteur vun den Droits d'auteur ze kontaktéieren - fro den Detenteur vun den Droits d'auteur ob s de d'Bild kanns op d'Wiki lueden a fro en an engems och ënnert wéi enger Lizenz (cf. mäi Message vum 31. Mee hei driwwer);
- De Sculpteur huet dem Auteur vum Bild d'Erlaabnis ginn, fir Drëtter Rechter weiderzereechen - et geet duer, den Auteur vum Bild ze froen
- Dem Sculpteur seng Erlaabnis un den Auteur vum Bild ass ganz enk gefaasst, respektiv den Auteur vum Bild huet et verschweesst fir dem Sculpteur seng Erlaabnis ze froen - du muss den Auteur vum Bild an och de Sculpteur froen (virausgesat du hues eng Méiglechkeet fir de Sculpteur ze kontaktéieren)
- Du bass net den Auteur an du hues keng Méiglechkeet fir déi Leit ze froen déi s de miss froen (also emol sécher den Auteur vum Bild, mee eventuell och de Sculpteur) - lued d'Bild a méi klenger Resolutioun erop, gëff den Numm vum Auteur vum Bild an den Numm vum Sculpteur un, a setz d'Bild ënnert d'Fair use Lizenz, wa méiglech mat enger Begrënnung.
--Otets ♣ 16:25, 2. Jun. 2008 (UTC)
-
-
- Merci Otets, dat schéngt mir elo sonnekloer

ze sinn, dat kéint een emol fir eng Uleedung recycléierenx --PlayMistyForMe 16:38, 2. Jun. 2008 (UTC)
Ier mer eis doutdiskutéieren, hei de Resumé vun der Tendenz déi sech aus deenen eenzelne Bäiträg erkenne léisst:
- Mär erlaben op der lb-wiki d'Fair use Lizenz.
- Et soll een net massiv op d'Fair use Lizenz zréckgräifen, mee just wann et zu engem Thema keng fräi Biller vun op d'mannst deerselwechter Qualitéit gëtt, een och keng selwer maache kéint, a schwéierlech oder guer net un den Auteur vum Bild ka komme fir seng Autorisatioun ze froen.
- Wann en Detenteur vun Droits d'auteur géif reclaméieren a seng Reclamatioun ass net grad komplett aus der Loft gegraff, dann huele mer dat Bild ëm dat et geet ouni ze zécken direkt nees eraus.
Moien,
Wéi wier et wann déi ganz Diskussioun bei d'Schabloun Faire-Use-Bild géif getässelt ginn. Les Meloures 16:34, 31. Mee 2008 (UTC)
[Änneren] CC-nd Lizenz
De Les Meloures huet mech op eppes quokeleges gestouss: d'CC-nd Lizenz. Si erlaabt nämlech keng Verännerunge vun engem Bild wat ënnert deer Lizenz steet. Mol dovun ofgesinn, datt dat géint de Wikiprinzip ass, erlaabt esou eng Lizenz och net e Bild als Thumbnail an en Artikel anzebannen. Ech géif dofir virschloen, {{Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu}} an deer Plaz ze gebrauchen. --Otets ♣ 12:25, 1. Jun. 2008 (UTC)
- Salut
- Ech wess net ob den Thumbnail eppes domatter ze dinn huet?
- Wou ass d'Lizenz CC-by-nc-sa/3.0/lu um Netz ze fannen?
- Merci am Viraus wanns de dat Renseignement hues.
- Les Meloures 13:21, 1. Jun. 2008 (UTC)
-
- Wann een e Bild an enger méi klenger Resolutioun representéiert an/oder reproduzéiert (z.B. als Thumbnail), da setzt dat viraus, datt een d'Original op deem Punkt verännert huet, respektiv duerch d'Wiki-Software automatesch verännere gelooss huet. An dat ass bei enger CC-nd Lizenz net erlaabt. Obwuel ee sech froe kann op d'CC-nd Schabloun wierklech fir eng CC-nd Lizenz stoung, well bei de License rdf vun der Schabloun stong datt een d'Biller verännere kann. Dowéinst fannen ech et net nëmme gutt mee och an der Rei datt s de dee Problem pragmatesch geléist hues. Merci.
-
- De Link op d'Lizenz CC-by-nc-sa/3.0/lu ass a menger neier Schabloun schonn dran. Hei ass en da fir all d'Stamminetslieser: CC-by-nc-sa/3.0/lu. Leider gëtt et den Text net op Lëtzebuergesch.
-
- Otets ♣ 22:21, 1. Jun. 2008 (UTC)
Resalut:
Ech ginn nach net klug dorausser well am Text vum Link steet http://creativecommons.org/licenses/by-nc-nd/3.0/lu/
Am Text hunn ech näischt vun sa fonnt. Linkt meng Maschinn falsch, oder verstinn ech eppes net. Dat wier natierlech och méiglech :-) Les Meloures 22:31, 1. Jun. 2008 (UTC)
Ech kann net richteg mat copy/paste ëmgoen, dat war de Problem ;-)) Ech hunn de Link hei driwwer verbessert, elo misst et klappen. --Otets ♣ 22:35, 1. Jun. 2008 (UTC)
- Fein, elo ass déi Saach méi kloer. Lo bleift nach just eng Fro: Gi mer déi al Lizenz an d'Biller änneren oder losse mer se stoen.
- Do misst am Fong jiddereen dee Biller ënner der nd stoen huet seng Meenung derzou soen. Les Meloures 22:44, 1. Jun. 2008 (UTC)
-
- Vergiess et. Iwwer de Redirekt weist se jo elo dës Schabloun. Et wier just fir de Redirect lass ze ginn. Ech ännere meng emol mar an da gesi mer wéivill datt der bleiwen. Les Meloures 22:49, 1. Jun. 2008 (UTC)
Salut,
Wann een op der lb-Wikipedia beim Eroplueden vun eegene Photoen eng bestëmmte Creative-Commons-Lizenz soll gebrauchen, da wier et net schlecht wann een déi beim Eropluden och proposéiert kriet an dann d'Méiglechkeet hätt fir se auszewielen. Ass et méiglech fir déi Lizenz op d'Lëscht vun den ugebuedene Lizenzen dobäizesetzen? --Fliedermaus
Jo, ass méiglech a virun e puer Minutten och geschitt. --Otets ♣ 15:45, 6. Jun. 2008 (UTC)
Merci, dat ass gutt gemaach. Ech gesinn awer e Problem mat där Lizenz wann een e Wierk wéi eng Skulptur fotograféiert. Mecht een dann de Wee net op fir datt d'Skupltur um Bild geännert ka ginn?--Fliedermaus 16:04, 6. Jun. 2008 (UTC)
Jo natierlech, virausgesat awer datt de Sculpteur dat erlaabt huet.
Ech gesinn elo net direkt wou de Problem do soll sinn, ausser vläit datt e Sculpteur zwar vläit näischt géint eng Foto op der Wiki hätt, mee awer eppes dogéint, datt en anere Kënschtler d'Foto vu senger Skulptur z.B. an e Collage setzte kéint. Mee vu datt dee Collage dann och ënnert deerselwechter Lizenz misst sinn, kéint de Sculpteur higoen an dee Collage a seng nächst Skulptur abauen, asw. En plus kéint de Kënschtler keng Sue mat oder duerch säi Collage verdingen. An de Kënschtler misst stänneg indirekt Reklamm fir de Sculpteur maachen dee jo mat vollem Numm genannt muss ginn. Dofir géif ech mer als Sculpteur do net zevill Suerge maachen.
--Otets ♣ 16:15, 6. Jun. 2008 (UTC)
De Problem hu jo just déi, déi Fotoen eroplueden. Wéi soll dann de Schulpteur dat erlaben oder net erlaben? Soll elo jiddereen, dee Fotoe vu Wierker vu Sculptueren (fir emol déi ze nennen) wëll eroplueden, mam Kënschtler e Vertrag maachen? Soll deen, dee Fotoe vu Wierker vu Sculteure mécht, dat mam Kënschtler duerschwätzen? Si mer nach an der Realitéit oder net méi sou ganz? --Cornischong 16:41, 6. Jun. 2008 (UTC)
- Dat ass d'Ideal-Realitéit, du hues et erfaasst. A schwätze geet u sech net duer, de Beweis ass schrëftlech ze bréngen. Datt d'Praxis dacks eng aner ass an de Sculpteur dee Moment och net onbedingt (mee ausschléisse kann een dat natierlech ni, dat ass dann dem Eroplueder oder dem Jimbo säi Risiko) op seng Rechter pocht (oder wann en et mécht da läsche mer d'Bild dee Moment op seng Ufro hin), dat ass jo grad dat wat ech dem Playmistyforme an der Fliedermaus wollt erklären. Also elo net direkt Panik op der Titanic. --Otets ♣ 18:21, 6. Jun. 2008 (UTC)
Ech sinn net domat averstanen dat déi Fotoen déi vu mir mat der Lizenz "Bild-CC-by-nc-nd/3.0" (déi Lizenz gëtt et nach ëmmer) eropgelude goufen, elo mat engem Redirect op eng aner Lizenz firugeleet ginn. Wann dat bestoe bleift, da bestinn ech drop datt eng ganz Rei vu menge Fotoen geläscht ginn. Wann d'Lizenz et erlaabt eng Foto wéi d'Bild:MJKerschen-Homm-JE--w.jpg (d'Photo ass net vu mir, mä vum Cornichong) ze änneren, misst dat och enger Persoun erlaben den Text op der Skulptur ze änneren an dat neit Bild ze verëffentlechen. Ech ka mir virstellen dat vill Konschtschafender näischt dergéint hu wann eng Foto mat hierem Originalwierk obtaucht, esoulaang dat net kommerziell gebraucht gëtt, awer net "amused" wieren wann een hiert Wierk op der Foto manipuléiert an dann esou publizéiert.--Fliedermaus 17:04, 6. Jun. 2008 (UTC)
- Do huet de Fliedermaus recht. Daat do muss reckgäengeg gemaat ginn, et kann nët eng Lizenz duerch eng aaner déi klöer onkompatibel as ersaat ginn. Daat mam Thumbnail gesinn ech och eigentlech nët als eng verennerung (d'Proportiounen äennere jo och nët, soss wier jo all betrachten ob engem Computer och eng Aennerung, d'Resolutioun äennert jo vu User zu User), also wier juste d'Fro ob esoueng Biller héi erwënscht sinn. Wann nët da mussen déi aal gelëscht ginn, mee nët einfach d'Lizenzen äenneren. Perseinlëch benotzen ëch deser Deeg (ob Commons, nach nët vill hei agelinkt och wann et logescherwais mat heihi gehéiert) nëmme nach duebel GFDL mat cc-by-sa-all Lizenzen.--Caranorn 17:25, 6. Jun. 2008 (UTC)
- An der Lizenz "Bild-CC-by-nc-nd/3.0" war zwar eng Referenz op "cc-by-nc-nd/3.0/lu", mee gläichzäiteg stong do "permits rdf:resource="http://web.resource.org/cc/DerivativeWorks"". Ween d'Schabloun "Bild-CC-by-nc-nd/3.0" benotzt huet ier de Redirect gemaach gouf huet eng widerspréchlesch Ausso an d'Welt gesat.
E Thumbnail ass eng verännert Reproduktioun, dat géif ech net mat enger Ecrans-Resolutioun wëlle vergläichen, déi héchstens eng verännert Representatioun ass.
Et huet wuel nach keen dru geduet, datt "nd" op der publizéierter Foto de Sculpteur näischt dingt wann de Fotograf seng Foto beschaffe kann ier e se ënnert "nd" verëffentlecht setzt.
Een dee spéider en "sa" Bild ännert muss kloer uginn datt eng Ännerung geschitt ass an en dierft net behaapten dat wier d'Orignalfoto vun der Skulptur sou wéi se vum Fotograf verëffentlecht gouf.
Vu datt de Kënschtler d'Foto net autoriséiert huet, huet e reng rechtlech gesinn och net autoriséiert den Text op der Skulptur ze änneren, egal wat de Fotograf als Lizenz derbäisetzt. Dem Sculpteur seng Rechter sinn also net beréiert.
An och souguer wann ech d'Skulptur géif kafen dierft ech net mam Meessel den Text eraushaen, ausser ech hätt eng ausdrécklech extra Autorisatioun.
An da gëtt et ëmmer nach den Droit moral immuable datt keen e Gebrauch vum Sculpteur sengem Wierk ka maachen deen dem Sculpteur senger Éier oder Reputatioun schuede giff.
No souvill Geschreifs eng salomonesch Propositioun: loosst är Fotoen ënnert "sa", mee schreift bei Skulpturefotoen derbäi datt deen "sa" just fir d'Foto gëllt (z.B. Resolutioun änneren, ophellen, Kontraster erhéijen), mee de Sculpteur säin Droit moral ne cedéiert huet, fir sech z'opposéiere géint d'Deformatioun, Mutilatioun oder soss eng Verännerung vu sengem Wierk, an e souwisou ëmmer d'Recht huet sech z'opposéiere géint all Atteinte u säi Wierk déi senger Éier oder Reputatioun géif schueden.
Ënner Ëmstänn kéinte mer da fir Skulpturen eng extra Lizenzschabloun ma wou all dat direkt drasteet: {{Bild-Konscht-Architektur}}. Oder mer maachen et wéi op der de-wiki.
--Otets ♣ 18:21, 6. Jun. 2008 (UTC)
Gudden Owend,
Eng Äntwert un de Cornischong an un d'Fliedermaus.
Dat heite gouf den 1. Juni geschriwwen.
-
- Lo bleift nach just eng Fro: Gi mer déi al Lizenz an d'Biller änneren oder losse mer se stoen.
-
- Do misst am Fong jiddereen dee Biller ënner der nd stoen huet seng Meenung derzou soen. Les Meloures 22:44, 1. Jun. 2008 (UTC).
- Ech fannen et schued datt datt är Bemierkungen elo eréischt 6 Deeg nom Maart kommen, an dann nach an engem ganz komeschen Toun. Wann elo kee vun iech an deene 6 Deeg aktiv gewiescht a meng Fro doduercher net hätt kënne gesinn, kéint ech dat verstoen. Esou awer net.
-
-
- Fir de Cornischong wéinst senger Bemierkung iwwer d'automatesch Ëmleedung ze berouegen, déi um 00.37 (7. Juni) Auer koum, kann ech em soen, datt dat déi automatesch Ëmleedung um 21.44 (6. Juni) erëm réckgängeg gemaach gouf.
Déi gutt Réit, déi schlamm Geessen, an onnëtz Reklamatioune kommen nawell gären ëmmer ze spéit :-). Trotzdem näischt fir ongutt, seet de Les Meloures.
- Nach e Wuert zu der flemmzecher Flemm. Wann ee sollt d'Flemm hunn, da soll e wa méiglech mat sech selwer eens ginn, an net aner Leit déi wëlle fir d'Wiki schaffen, fir se mol iergendwéi e bësselchen dem internationale Wikisniveau unzepassen, d'Flemm och nach anzedrewien. Dat erënnert mech un déi Diskussioun vun der viller Aarbecht virun zwee Joer, déi just net vun deene gemaach gouf. déi driwwer diskutéiert hunn.
- Les Meloures 23:20, 6. Jun. 2008 (UTC)
-
- Huel et nët perséinlech les Meloures. Ech haat déng Fro den 1. gelies mee wuel falsch verstaan. Vilaicht sinn ech duerch verschidden Aktivitäiten ob commons oder der daitschsprocheger wiki och reicht zënter deem ob Lizenz Problemer obmierksam ginn. Mee am Endeffekt as et einfach, mer kënne Lizenzen nëmmen äennere goe wann se patent falsch sinn (als PD deklareiert wann et wierklech e copyvio ass etc.). Wann'd Lizenz sou nët notzbar ass dan hu mer zwou Meiglechkeete, mer froen den Auteur se ze äenneren (daat huet och seng legal Grenzen, kann nët vu PD ob eng méi restriktiv, ausser natierlech de PD waar falsch, mee mer weilte jo eh nët vu PD ob CC-BY-NC-ND oder sou); oder mer lëschen daat Bild. Mee sinn elo e bëssen ze mid fier weider ze schreiwen.--Caranorn 23:43, 6. Jun. 2008 (UTC)
-
- Eng Lizenz déi souwuel "däerf net modifizéiert" seet wéi "permits...DerivativeWorks", déi ass patent falsch. A wann och mat vill Beharrlechkeet de latente Thumbnails Problem ignoréiert gëtt, da muss een egal wéi soen datt de Cornischong sech definitiv kee gudden Dingscht mat "nd" Lizenze leescht, well domadder verbitt e sech gutt gemengten an och gutt ëmgesate Verbesserungen u Fotoen (Bild:Bettel_Xavier_2008 - Bild:Bettel Xavier 2008--w.jpg), well dat sinn dann och Lizenzviolatiounen. Entweder huele mer d'Lizenzen eescht a respektéiere se oder mer kënnen direkt hannert all Bild "mysteriéis Schlumpf Lizenz" schreiwen. Ech woarden op deen éischten deen d'Iddi kritt fir seng Artikelen ënnert "nd" Lizenz ze setzen. --Otets ♣ 00:09, 7. Jun. 2008 (UTC)
-
-
-
- Eng Lizenz déi souwuel "däerf net modifizéiert" seet wéi "permits...DerivativeWorks", déi ass patent falsch.
-
-
-
- Wann ech dat richteg vertinn hunn déi Leit déi déi gesetzlech verankert hunn eppes falsch gemaach, oder schwätzt de nëmme vum Gebrauch op der Wiki.
-
-
-
- Ech fäerte fir drun ze denken wéivill Fotoe mat falsche Lizenzen doruechter stinn, net nëmmen op der lb:Wiki, ouni vun deenen ze schwätzen déi guer keng hunn, dat sinn der och nach en etlech honnert. Op dee Problem hat ech schonns virun engem Joer opmierksam gemaach. Reaktioun dräimol NULL.
-
-
-
- Mat dem Thumnail gesinn ech kee perséinlech kee Probleem, well wann ech eng Foto déi ech selwer gemaach hunn, eroplueden, däerf ech se wuel och selwer veränneren, an ech wäert och kaum engem annere Benotzer eng Schuedensklo un den Hals hänken, wann en se e puer Pixele méi kléng oder méi grouss mécht.
-
-
-
- Dofir ass et scho gutt dat e puer Leit sech d?Méi maachen an hir Artikele mat eegene Fotoen dokumentéieren, et ginn der Gott sei Dank lues a lues méi. Les Meloures 06:06, 7. Jun. 2008 (UTC)
-
-
-
- Mat falsch hunn ech eis "nd" Schabloun gemengt, net d'Lizenz op der offizieller CC Säit. Dat ass bis elo kengem opgefall, well d'Hallschent net um Ecran ugewise gëtt - mee e gehéiert dozou soss géif et net do stoen.
-
-
-
- Wéivill Biller guer keng Lizenz hu weess ech net, ech wëll do just dozou soen, datt ganz vill Biller eng Lizenzangab hunn, mee just ass déi net duerch eng Schabloun agebonnen an da si se dowéinst net an enger Lizenzkategorie erëmzefannen. Déi aus der Kategorie "Lizenz onbekannt", dat sinn der just e Grapp voll, dat kann een nach lit iwwerblécken.
-
-
-
- Natierlech kanns du deng eegen "nd" Foto duerch e Thumbnail an en Artikel abannen. Mee vu datt de Thumbnail net mat der Originalfoto identesch ass kann ee sech d'Fro stellen, op deen dann och elo déiselwecht Lizenz huet oder guer keng Lizenz. An ausser där selwer kann och keen dem Thumbnail eng aner Resolutioun ginn oder beim Original en Artefakt eraushuelen (wéi z.B. bei der Boettel-Foto). Wann s du net drun denks, fir eppes géint een z'ënnerhuelen, deen dat awer mécht, jo da muss ech just de Kapp rësele firwat s de deng Foto dann iwwerhaapt ënnert "nd" gesat hues wann et der jo awer egal ass op een d'Foto verännert oder net.
-
-
-
- Duerch dës Diskussioun soll elo kee sech dovun ofgehale gesinn, weider Fotoen ze maachen a se op d'Wiki eropzelueden. Et wier awer gutt, wa wéinstens an Zukunft kee méi déi "nd" Lizenz gebraucht mee just nach soss eng déi mer am Dropdown-Menü offréieren. Fir sécherzegoe kënne mer d'nd Lizenz och fir d'Zukunft desaktivéieren, also just nei Biller déi nom Beschloss vum (z.B.) 15. Juni 2008 eropgeluede gi wieren dann trotz Schabloun net "nd" mee hätte guer keng Lizenz, al Biller déi virum Datum "x" eropgeluede goufe wieren awer ëmmer nach ënnert "nd" Lizenz a fir all Resolutiounsännerungswonsch gëtt den Auteur soulaang ugeschriwwe bis datt deen dat selwer mécht. Sollt trotzdem ee weider op "nd" schwiere wëllen, da soll dee mär konkret erklären, firwat e seng Texter souguer kommerziell verwäerte léisst, awer bei senge Biller de Wiki Prinzip net méi wëll applizéieren a souguer net emol d'Resolutioun geännert gären hätt. --Otets ♣ 04:19, 8. Jun. 2008 (UTC)
-
-
-
-
- Dës Diskussioun ass schwiereg fir Nëtspezialisten mais a mengen Aen ganz wichteg a misst, wann se färdeg ass, zu engem einfache Guide fir Dummies zesummegeschrauwt gin. Dat mat den Thumbnails ass keng richteg Verännerung, well den Thumbnail nëmmen eng Referenz zum eigentleche Bild ass mat deem keen eppes kann ufänken. --PlayMistyForMe 07:45, 7. Jun. 2008 (UTC)
-
-
-
-
- Ech schreiwen nach esou e Guide, mee soulaang EM ass muss de mer méi Zäit ginn ;-) En attendant kanns de d'de-wiki FAQ scho liesen, bei eis ass et d'selwecht bis op de Fait datt bei eis d'Panoramafräiheet vill méi restriktiv ass a mär "Fair use" an "net-kommerziell" Lizenzen erlaben. Wa meng Erklärung elo méi konfus war wéi dat wat ech erkläre wollt, dann huel einfach just eng Lizenz déi mer op der "Eropluede-Säit" am Dropdown-Menü ubidden an zousätzlech fir Skulpture kanns de {{Bild-Konscht-Architektur}} huelen. Mat de Thumbnails hues de awer net Recht, well z.B. dëst Bild ass esou e Thumbnail, deen um Server en anere Fichier duerstellt wéi d'Originalbild, an deen d'Copyrightinfo riets ënnen esou kleng duerstellt datt kee se méi liese kann, wat sécher net gewollt war vun deem deen d'Bild ënnert "nd" gesat huet, well wann et iergend eng Wiki géif ginn déi "nd" erlaabt da kéint ech soss jo do just de Thumbnail eroplueden an da gëtt et keng Weiderleedung méi op en Original mat der kompletter Copyrightinfo. --Otets ♣ 04:19, 8. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Amoklaf hënnt
Kinnt d'Communautéit kuerz explizéiert kréien, wat hënnt hei lass war? Massiv géint elementarste Regele vun der Wiki ze verstoussen ass kee Kannerspill méi. --Zinneke 08:28, 9. Jun. 2008 (UTC)
- Jo, glecih Fro. Hunn daat och schons ob dem Cornischong senger Sait ennerstetzt. Et schenkt wei wann hei en Interessenskonflikt bestoe geif.--Caranorn 11:42, 9. Jun. 2008 (UTC)
War een op de Rendez-vous um IRC Kanal? --Otets ♣ 23:33, 9. Jun. 2008 (UTC)
- Ech mengen net - ech kënne mech domat kaum aus (hunn haut eréischt esou eng Software bäi mir installéiert) an hat haut den Owen och zudem Zäitpunkt aner Verpflichtungen a souwäit ech wees sinn och nëmme wéineg Benotzer vun der lb-Wikipedia mat däer Technk vertraut Robby 23:42, 9. Jun. 2008 (UTC)
-
- Moien,
-
- Ech, hunn och séier wéineg Ahnung dodervunner, probéieren awer mol am Laf vum Dag, obech eppes ze Wee bréngen. Les Meloures 08:10, 10. Jun. 2008 (UTC)
Gekniwwels mat iergendwelleche Kanäl ass elo net d'Fro. Et wier schéin, aus éischter Hand eppes gewuer ze ginn, och an zemolls vun deenen, déi soss mat Commentairen net spueren. Hei ass d'Diskussiounssäit fir jiddereen. Nach eng Kéier: Wann iwwer Nuecht "einfach esou" 250 Billerdateie geläscht ginn, betrëfft dat jiddereen, an 'tass dat wichteg genuch, dass do eng sachlech Diskussioun driwwer gemaach gëtt. --Zinneke 08:32, 10. Jun. 2008 (UTC)
- Moien, et schéngt jo op manst an de Koulissen eppes ze laafen? Misst een déi Texter da nët och heihinner setzen? Ech haat iwer Email folgend Positioun zum Message vum Thomas Goldammer ageholl, dem seng Approche ech prinzipiell verstänneg fannen, seet de --PlayMistyForMe 08:54, 10. Jun. 2008 (UTC)
De Cornischong...
... huet Verdéngschter
... huet den éischte Schrëtt ze maachen
... huet d'Biller rëm dropzesetzen
... muss aktiv un dem Problem vun de Lizenzen matschaffen
... a kann dann och rëm Admin ginn.
-
-
-
- Waat den IRC ugëteet, do gouf naicht diskutéiert well de Cornischong obgedaucht ass. Ech waar do vun 13 bis circa 24 Auer. Muss elo direkt fort, kann also nët méi söen. Den Thogo as mëngen ech heizou d'Uspriech Persoun bei de Saaftschubsen...--Caranorn 12:08, 10. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Kantons Wope
Juste fier ze erklären fierwaat ech aus deene Schablunen di Wope rausgeholl hunn. Legal gesinn kënnen nëmme Persounen (physech oder moral) Wopen dröen. D'Kantone hei zu Lëtzebuerg hu keen esou Statut an haaten och nie esou ee Statut. An alle Fäll déi hei genotz gouf huet et sech em'Wope vun de gleichheeschende Gemenge gehandelt. Et gët zwee drei innofiziell Wope vu Kantone, mee och dei sinn ouni een Zweivel nët legal. Wann elo een aaneren nach sougenannt Wope wou Kantonen hei zu Lëtzebuerg fënnt, w.e.g. link ob'd Gemengewope lëschen. Merci.--Caranorn 14:53, 9. Jun. 2008 (UTC)
-
- Ok gouf notéiert. Les Meloures 15:22, 9. Jun. 2008 (UTC)
- Déi Wopen ware vu mir aus réng dekorativen Uursaachen an de Modell dragesat ginn - ech hunn awer kee Problem mat der Ännerung Robby 23:43, 9. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Bilan no 8 Deeg Billerstuerm
No 8 Deeg ass et, mengen ech, un der Zäit, emol e Bilan ze zéien an ze kucken, wéi et viru geet.
D'Faiten:
(dierfen nom Wikiprinzip gäre kompletéiert oder, falls ech mech g'iert sollt hunn, rectifiéiert ginn)
- An der Nuecht vum 8. op den 9. Juni goufen tëscht 2:40 an 4:42 Auer vum Cornischong 257 Biller op dëser Wikipedia, déi hien an de Méint virdrun eropgelueden hat, geläscht. Als Commentaire huet hien derbäigeschriwwen: "bis datt d'Lizenze-Gedeesems geklärt ass".
- Déi Ausso bezitt sech warscheinlech op eng Diskussioun zu de "Creative Commons" Lizenzen hei um Stamminet an den Deeg virdrun. Un der Diskussioun bedeelegt ware virun allem den Otets, Les Meloures an d'Fliedermaus, punktuell och de Caranorn, de PlayMistyForMe an de Cornischong (de 6. Juni).
- D'Läschen ass stënterlech ouni Ukënnegung an ouni Erklärung (ofgesi vum Commentaire uewen) geschitt. Well dat massivt Läschen zu enger Zäit, wou een dervun ausgoe kann, dass déi meeschte Leit schlofen, erfollegt ass, an nodeems de Stewart m:user:Rdsmith4 de Cornischong opgefuerdert huet, opzehalen a seng Aktioun z'erklären, wat net geschitt ass, goufen dem Cornischong d'Sysop- an Admins-Rechter enzunn, wat ë.a. ënnerbënnt dass en Dateie läsche kann.
- Hie gouf duerno e puermol invitéiert (ënnert anere vum Thogo a vu mär), eng Explikatioun fir seng Läschaktioun unzeginn, an de cas échéant zu der Lizenzen-Diskussioun bäizedroen, déi seng Reaktioun ausgeléist ze hu schéngt.
- Dëst ass, eng Woch duerno, nach net geschitt. De Cornischong ass ënnert deem Numm bis haut nach net erëm opgetaucht. Am IRC, dee vum Thogo organiséiert gouf, ass och näischt geschitt. Op der Diskussiounssäit iwwer d'CC-Lizenz ass zënterhir och näischt bäikomm.
D'Fro ass: wéi geet et virun?
Et ass am Ament net gewosst, ob de Cornischong wëlles huet, mat deenen Aneren a Kommunikatioun ze trieden. Sou gutt et ass, datt déi ofgelafen Zäit et erméiglecht huet, d'Gemidder (hoffentlech) ze berouegen, sou wéineg sinn ech dermatt d'accord, virun ze maachen, wéi wann näischt wier.
Ech schloen dofir vir, dem Cornischong en acceptablen Délai ze stellen (z.B. bis e Sonnden, 22.6.) fir seng Kommunikatiounsbereetschaft ze signaliséieren an déi iwwerfälleg Explikatiounen ze liwweren. Falls net (wat ech bedauere géif), misst dann diskutéiert ginn, wéi et mat de geläschte Biller virugeet, a wéi d'Auswierkunge vum Ewechfale vum (eenzege) Bureaucrat ze bewältege sinn. Mee bis e Sonnden ass et nach laang.
--Zinneke 21:18, 16. Jun. 2008 (UTC)
- Nët vill beizedröen, den Thogo schénkt jo mam Cornischong geschwaat ze hunn. Do waar riets ob Meta am RFC (méngen ech emol) zum Thema ze schwäetzen. Ech hu mol geduecht de Cornischong géif sech da mëllen... Ech hunn zwaar déi Lescht Deeg nët méi gekuckt, mee ech mëngen d'huet sech naicht gedoon. Ech wollt hei nach mei schreiwen, mee et gëtt eh kee Sënn. De Cornischong soll sech einfach melden, daat wat mer biselo wëssen (nët vill) dait drop hinn dass e falsch gehandelt huet, mee d'Zaiten wou mer Lait en abscence zu Doud verueteelt hunn sinn jo glëcklecherwais erriwer. Iwerhaapt mêngen ech dass hei keen en un de Lutepotto knëppe wëllt. Mer wëllen einfach wësse waat daat sollt, ob daat en eenzelfall war oder nach eng keier kënnt fierkommen... An da fröen ech mech vierwaat ech mech eigentlech domatt mid machen. Daat waat ech beidröe kann, kann ech nët am geschriwenne Lëtzebuergesch (nët emol dervun ze schwäetzen dass ech ob mêngem momentane Gebiet der Heraldik all zweet Wuert erfanne misst oder aus dem Dëitschen, Frasäischen oder Engleschen importeiere misst, sou geet de Mëttealter Armorial vu Lëtzebuerg als eicht emol of fr.), fröe mech vierwaat ech dann all Daag hei laanscht kommen, si wuel e grousse Maso...
- Hëpp Cornischong, komm daat ganz'd erklären an da gëtt weidergekuckt.
- Iwreggens waat de Bürocrat ugeet, wees nët ob lb. dee wierklech brauch, hunn dei puer Deeg am Saafschubse Chat gesinn dass dei zimlesch ob Zack sinn, dierf also nët schweier sinn fier däer ëmmer ee schnell erai ze hunn. Also daat dierft nët presseiere mëngen ech.--Caranorn 22:22, 16. Jun. 2008 (UTC)
-
- Ech giff virschloen, datt wann de Cornischong nees opdaucht e seng Admin-Rechter direkt erëmkréie soll fir datt e wéi vum Thogo proposéiert seng Biller-Läschunge réckgängeg ka maachen. Ech woarden awer net op grouss Erklärungen, datt en de Kapp verluer an total iwwerreagéiert huet wéi schonns am September 2005 schéngt mer kloer. Mee wann e mengt nach eppes zum Lizenzenthema bäidroen ze mussen da kann a soll en dat natierlech op eng konstruktiv Aart a Weis op der Diskussiounssäit/Stamminet maachen. Wann en dat net wëll da kënne mer e Méinden ëmmer nach kucke wee wéini déi Biller nees zrécksetzt.
Op d'Stewarden esou eng gelleg Freed emfanne fir bei eis matzeschaffen oder op se dat just aus der Nout eraus ma well mär am Ament keen aktive Bürokrat hunn, dat wëll ech emol dohigestallt loossen.
--Otets ♣ 23:24, 17. Jun. 2008 (UTC)
-
- De Méinden ass elo och op en Enn gaangen, ouni datt de Cornischong bis ewell iergend en Intressi gewisen hätt, seng Admin-Rechter erëmzekréien an hei weiderzema wéi virdrun, wat jo déi meescht ënnerstëtzt hätten. D'Zrécksetze vun den Billerläschunge fängt deemno un, och ouni de Cornischong. Ech wëll awer betounen, datt esoulaang nach net all d'Läschunge réckgängeg gemaach goufen, hee sech ëmmer nach melle ka fir seng Rechter zum Wuel vun der Wiki restauréiert ze kréien. --Otets ♣ 23:17, 23. Jun. 2008 (UTC)
-
- Ech verstinn net firwat hei esou eng Opreegung ass fir dass de Cornischong ënnert allen Ëmstänn seng Admin-Rechter soll erëmkréien. En Admin dee Usere vernennt well se e puer Orthographiefeeler schreiwen, obwuel se hiert bescht ginn. En Admin deen Auteure vun Dictionnairen als "Vollidioten" bezeechent, obwuel se Respekt verdingen fir iwwerhapt esou eng Initiativ ze ergräifen. Esou an Admin brauch eng Community net, esou en Admin brauch d'Wikipedia net. Meng Bäiträg an der Wikipedia si just nach sporadesch a virun allem anonym säitdem ech och eng Kéier en onschéine Commentaire ze liese krut. An dat gëllt, ouni ze grouss Theorie wëllen opzestellen, ganz sécher och fir aner Benotzer déi sech iwwerwonnen hunn fir een Artikel unzefänken, an dunn direkt vergrault gi sinn. An esouguer bei ganz schlëmmem Lëtzebuergesch kann ee méi sensibel reagéieren, esou wéi aner Wikipedianer dat fäerdeg bréngen (Mäi Respekt ë.a. un de Meloures an un den Zinneke. D'Wikipedia brauch méi vun esou positiv agestallte Useren.)... --217.86.42.176 23:13, 25. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Un de sporadesche Feigling
-
-
- Wou ass déi Opreegung, fir dass (!) de Cornischong "ënnert allen Ëmstänn seng Admin-Rechter soll erëmkréien"?? Wat elo opfält, dat sinn esou "Erscheinungen", wéi den Text hei virdrun, déi aus de Gullie gekroch kommen. Dann ass "op eemol" alles "anonym", well et léisst sech besser Sténkbomme geheien, wann een d'Bokemol ophuet. Reduzéiert sech dat Sporadescht elo op anonym Späizdëppercher, déi nuets opgestallt ginn? Wann s de net esou feig wiers, da géif ech emol gär mat der diskutéieren iwwer déi "Auteure vun Dictionnairen", déi ech Vollidiote genannt hunn. Awer d'Grënn wëlls de guer net wëssen, well als "anonyme" Schläimschäisser (" Respekt verdingen fir iwwerhapt esou eng Initiativ ze ergräifen") lieft et sech als dem Pappi säi Bouf besser. D'Wikipedia brauch virun allem "sporadesch" Bäidréier, déi sech frech opféieren, wa se als 217... ënnerwee sinn. Wéi "positiv" s de agestallt bass, hues de mat denge Gëftsprutzereie gewisen. --Cornischong 00:40, 26. Jun. 2008 (UTC)
Wat virun allem opfält, dat ass datt een, dee sech opreegt hei vernannt ze ginn, direkt emol vum Cornischong vernannt gëtt, an dat emol nach net koprolalie-fräi. --Otets ♣ 11:58, 26. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] "den DLW gouf schliisslech vun der Sproochecomissioun opgesat"
Eriwwercopéiert vun der Säit "wikipedia:Wierder, deenen hir Schreifweis net kloer ass"
(...)
Fir déi aner falsch Behaaptungen, déi mat de Billerlizenzen ze dinn hunn, musse mer eis nach ganz e bësselche gedëllegen. Da wäerten eis sougenannte Lizenzefachleit erkläert kréien, wéi dat esou mat den sa an den nc-Saachen ass. Souguer déi, déi hei Sätz vu sech ginn hu wéi "Massiv géint elementarste Regele vun der Wiki ze verstoussen ass kee Kannerspill méi" wäerten d'Méiglechkeet gebuede kréien, d'Lizenzregelen ze verstoen. --Cornischong 07:13, 25. Jun. 2008 (UTC)
- Merci, dass de dech zu deer wichteger Saach endlech emol zu Wuert mells. Et giff d'Diskussioun sécherlech virubréngen, wann s De Dech e bësse manner nebulös ausdrécke kinns:
- - (falls "mer" sech op d'Wikicommunautéit bezitt): wéi laang ass "ganz e bësselchen"?
- - "wäerten erkläert kréien": wier et méiglech, dee Saz an den Aktiv ze setzen an de Sujet ze nennen? "Mer" wéisste gäer, vu weem oder wat hei iwwerhaapt soll rieds goen.
- - "wäerte gebuede kréien": idem.
- Merci am viraus. --Zinneke 08:14, 25. Jun. 2008 (UTC)
(eriwwercopéiert vun der Net-kloerer-Schreifweis-Säit:)
"ass schonns e bësse verwonnerlech": Tjo, och am Zäitalter vun den Emaile kann et virkommen, datt Gedold ubruecht ass. Eng Kopie op de Stamminet ze setzen, hunn ech an dësem Fall net néideg fonnt, well et souwisou nach zu Texter op där Säit wäert kommen. Fir déi, deenen dat ze laang dauert: Liest emol d'Texter iwwer de Gebrauch vu Billerlizenzen op de Wikipediaen duerch; da brauche mer eis vun Hitterchesspiller keng Männercher méi virmaachen ze loossen. --Cornischong 08:23, 25. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] D'Zrécksetze vun den Billerläschunge fängt deemno un, och ouni de Cornischong
Dat kréie mer hei uewendriwwer vun dem Hitterchespiller geschriwwen, deen net wëll wouerhunn, datt en d'Lizenze vun deene Biller g'ännert huet, wat e klore Verstouss géint d'Creative Commons Konditiounen ass. Et fält mer net an, mech mat deem ausenanerzesetzen. Wéi schonns op enger anerer Plaz geschriwwen, e bësselche Gedold. Dat reegele mer am beschte mat de Wikimedialeit, déi sech dorëms këmmeren. --Cornischong 00:56, 26. Jun. 2008 (UTC)
Ween oder wat ass en Hitterchespiller, soll dat eng Beleidegung sinn? De Saz "D'Zrécksetze vun den Billerläschunge fängt deemno un, och ouni de Cornischong" kënnt vu mär, de Lizenze-Redirect kënnt dogéint vum Les Meloures, deen dat awer nees direkt réckgängeg gemat huet wéi e gesinn huet wat et bewierkt, an dat nach iers du reklaméiert hues. Huel der mol vläit nach eng Woch Gedold, bis datt déi nebulös oder einfach falsch Uspillungen zu Erklärungen zu denge Billerläschungen erugeräift sinn. --Otets ♣ 11:58, 26. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Op dat Weesentlecht reduzéiert
Da reduzéiere mer d'Fro op dat Weesentlecht:
- Ginn et Biller déi de Cornischong eropgelueden hat, wou elo (resp. beim Moment vum Läschen) duerch e Redirect d'Lizenz g'ännert (ginn) ass?
- Ginn et Biller vu soss engem, wou dat de Fall ass?
Wa jo: Firwat gouf dat gemaach? Wann nee: Firwat dann dee ganzen Zirkus?
freet de --Zinneke 21:04, 26. Jun. 2008 (UTC), dee frou wier, dat Kapitel hei léiwer haut wéi moar kënnen ofzeschléissen an z'archivéieren, an dofir op eng Äntwert woart.
[Änneren] D'Lizenz vun de "geläschte" Biller
Biller, déi ech opgeholl hunn, setzen ech zënter enger "gudder Zäit" (de geneeën Datum hunn ech am Ament net, dee léisst sech awer sécher nosichen) ënner de Lizenz "Bild-CC-by-nc-nd/3.0" erop. Fir mech mat de Lizenze net ze vertriwwelen, hunn ech mer se op meng Benotzersäit notiert, op där se nach haut steet. No sëllegen "Diskussiounen", déi mat der "Fair use"-Problematik ugekierpt goufen an dunn iwwwer d'"Panoramafräiheet" (e Beispill: "Mer hun also keng Panorama Freiheet hei? Daat as natierlech net gudd.") iwwer sibyllinesch Aussoen ("Wann een e Bild an enger méi klenger Resolutioun representéiert an/oder reproduzéiert (z.B. als Thumbnail), da setzt dat viraus, datt een d'Original op deem Punkt verännert huet, respektiv duerch d'Wiki-Software automatesch verännere gelooss huet. An dat ass bei enger CC-nd Lizenz net erlaabt. Obwuel ee sech froe kann op d'CC-nd Schabloun wierklech fir eng CC-nd Lizenz stoung, well bei de License rdf vun der Schabloun stong datt een d'Biller verännere kann. Dowéinst fannen ech et net nëmme gutt mee och an der Rei datt s de dee Problem pragmatesch geléist hues."). De 6. Juni stellen ech dës Froen "Wéi soll dann de Schulpteur dat erlaben oder net erlaben? Soll elo jiddereen, dee Fotoe vu Wierker vu Sculptueren (fir emol déi ze nennen) wëll eroplueden, mam Kënschtler e Vertrag maachen? Soll deen, dee Fotoe vu Wierker vu Sculteure mécht, dat mam Kënschtler duerschwätzen? Si mer nach an der Realitéit oder net méi sou ganz?" fir als Äntwert ze kréien: (6. Juni 18.21) "Dat ass d'Ideal-Realitéit, du hues et erfaasst. A schwätze geet u sech net duer, de Beweis ass schrëftlech ze bréngen. Datt d'Praxis dacks eng aner ass an de Sculpteur dee Moment och net onbedingt (mee ausschléisse kann een dat natierlech ni, dat ass dann dem Eroplueder oder dem Jimbo säi Risiko) op seng Rechter pocht (oder wann en et mécht da läsche mer d'Bild dee Moment op seng Ufro hin), dat ass jo grad dat wat ech dem Playmistyforme an der Fliedermaus wollt erklären."
Dertëscht emol nach eng Saach. Déi Lizenze-Froen hu mech (forcément) vun Ufank u beschäftegt, an ech erënnere mech u vill Froen a keng Äntwerten drop. D'Maache vun de Fotoen huet mär bis elo esou vill Zäit ewechgeholl, datt ech net vill Loscht hat, mech nach weider bei all Geleeënheet mat dem Lizenzegedéngels ofzeginn. Nodeems mer eis alleguer (!!) iwwer d'Méiglechkeet vun der "Bild-CC-by-nc-nd/3.0" een waren, war mfir mech dat esou wäit an der Rei, an ech hunn, wéi scho geschriwwen déi gbraucht.
De 7. Juni schreift ee ganz fréi mueres "Dës Diskussioun ass schwiereg fir Nëtspezialisten mais a mengen Aen ganz wichteg a misst, wann se färdeg ass, zu engem einfache Guide fir Dummies zesummegeschrauwt gin." Dat liest sech gutt, hunn ech mer geduecht an op de Guide gewaart.
An der Tëschezäit hunn ech d'Konditioune vum Creative Commons duerchgelies, a gemierkt, datt déi Lizenz, mat där echmeng Biller eropgeluden hat ("Bild-CC-by-nc-nd/3.0") iwwerhaapt net an der Wikipedai däerf benotzt ginn!!! Et sief kierz drun erënnert, datt ech mer déi Lizenz net aus de Fangere gesuckelt hat! Well ech dat éiwegt eidelt Gebraddels iwwer Lizenzen zimlech uewe leien hat, hunn e3ch dat gemaach, wat allerhand no louch. Ech hunn, well déi Lizenz, ënner där meng Biller stoungen, guer net däerf benotzt ginn, a well keng kloer Äntwert virlouch, en Deel vun deene Biller geläscht (a bei all eenzel Läschung stoung "bis datt dat Lizenzegedeesëms geklärt ass") , déi mat där Lizenz näischt do verluer haten. De Libellé ""bis datt dat Lizenzegedeesëms geklärt ass"" ass fir e Mënsch, dee Lëtzebuergesch versteet, net ze schwéier ze verstoen.
Dat Läschen huet zu absolut hysteresche Reaktioune gefouert, a besonnesch bei Leit, déi keng Anung haten, ëm wat et iwwerhaapt geet. Ech hunn doropshi Kontakt opgeholl mat dem Stewart Thogol, dem Däitschen Thomas Goldammer, fir dat ze klären. A well dat e seriéise Kärel ass, deen awer net all Dag 24 Stonnen Zäit huet, fir sech ëm d'lb-Wikipedia ze këmmeren, huet dat gedauert.
Wat ass an der Tëschezäit gelaf? Deen eenzegen, dee sech mat mär a Verbindung gesat huet (et sief ernimmt, datt jidderee mech ganz gutt kontaktéiere kann, an all Admin huet suguer meng Telefonsnummer) war een Admin, dee mer an engem heftegen Tounfall geschrwwen huet, ech wéilt d'lb-Wikipedia futti maachen. Wann et néideg ass, publizéieren ech gär mat senger Erlabnes säi kompletten Text! Ech hunn op eng Äntwert vun der Wikimedia gewaart.
Du koum vum Benotzer Otets dat, wat nach gefeelt huet. Dee luet en Deel vun de Fotoen ënner der Lizenz "Bild-CC-by-sa" nees erop, wat e kloere Verstouss géint d'Creative Commons-Regelen ass!! Fir déi, deenen dat net kloer ass, mat der Erlabnes vum Thomas Goldammer, en Zitat vun him (dem Stewart "Thogol"): " Es widerspricht jedoch den Vorschriften für die Bildlizenzierung, wenn jemand, der nicht der Lizenzinhaber ist, die Lizenz verändert. Das heißt, niemand darf Lizenzen verändern, außer der Bildrechteinhaber, also in dem Fall Du (dat ass an dësem Fall de Cornischong). Wenn jemand anders die Lizenz verändert, begeht er eine Urheberrechtsverletzung (das dürfte auch nach luxemburgischem Recht so sein).
De Charakter vum Benotzer Otets ass mer schonns zënter Jore bekannt, an dofir wonnert et mech net sonnerlech, datt hie vun der Geleeënheet, datt ech "fir eng Zäit" meng Admins- a Bureaucratsrechter gespaart krut, profitéiert huet, fir sech Saachen z'erlaben, déi, wéi et schéngt, kengem (!!!!!) aneren opgefall sinn.
Ech wäert op alle Fall mam Thogol a Kontakt bleiwen, fir déi Lizenzbréch an d'Rei ze kréien.
Datt virgëscht e moralesche Roff, den 217.86.42.176, et fir néideg fënnt, sech ze outen, wonnert mech manner, Fatzbeidele gouf et nach ëmmer. Datt se hei eng Bün gerëscht kréien, a kee vun de "usual moralists" sech doriwwer "gewonnert" huet, ass schonns interessant. U senger Schreifweis hu mer e jo all erkannt.
Dann nach eng Matdeelung un déi éierbar Leit: Wann ee mer eppes ze soen huet, wann een eppes u menger Manéier auszesetzen huet, wann ech engem op den Nerv gaange sinn, da soll e mer dat "einfach esou" soen, telefonéieren, mailen, schreiwen. Ech hunn et léiwer mat éierlech Kiriken, wéi mat hannerlëschtege Bokemolen. An d'Virwërf, ech wéilt d'lb-Wikipedia futti maachen, loossen ech mer nëmme vun deene maachen, déi scho méi opweises hunn. --Cornischong 23:20, 26. Jun. 2008 (UTC)
- .Moien
- Mol fir eng kuerz Äntwert op dem Zinneke seng Fro ze ginn.
-
-
- Zum Zäitpunkt vum Läschen hat all Bild dat op der lb:Wiki steet déi Lizenz déi den Auteur dem Bild beim Eropluede ginn hat, an huet se och elo nach.
-
-
- Ënner der ëmstriddener Lizenz CC-by-nc-nd/3.0 stinn am Ament 152 Biller, dovunner 15 Stéck vum Cornischong, 2 Stéck wou derbei steet, Foto vum Robby (eropgeluede vum Cornischong) an de Rescht vun anere Benotzer wéi ë.a. vum Fliedermaus, vum Sultan, vum Les Meloures, a.s.w.
-
- Zu de Biller déi den Otets restauréiert huet, do ass et ganz däitlech datt déi vum Auteur Cornischong d'Lizenz (Bild-CC-by-sa) beim Eropluede kruten. Dat heescht datt den Otets näischt un de Lizenze g'ännert huet. Beim Restauréiren kritt d'Bild automatesch déi Lizenz erëm déi et beim Läschen hat.
- Ech hunn dat mat folgendem Bild
um 02:14 Auer de 24. Juni. 2008 duerch Läschen an um 02:16 de 24. Juni. 2008 duerch Restauréiere getest. Dat ka jidderen novollzéien. Dat heescht datt wann déi Biller eng aner Lizenz wéi CC-by-sa gehat hätten, hätt déi duerno misste sonner g'ännert ginn, wat net de Fall ass.
Les Meloures 00:07, 27. Jun. 2008 (UTC)
-
-
- Ps,
-
-
- Ech hunn och dat heite Bild
emol provisorescht restauréiert. Do ka jiddere gesinn datt déi Lizenz déi de Cayambe dem Bild beim Eropluede ginn hat mat restauréiert gouf, a keng aner.
Les Meloures 00:22, 27. Jun. 2008 (UTC)
D'Lizenz CC-by-nc-nd/3.0 gouf den 10. Januar 2008 op d'lb:Wikipedia gesat. Et gouf awer eng ganz Partie Biller geläscht déi virun deem Datum eropgeluet goufen, an deemno guer näischt mat där Lizenz ze dinn hunn. Les Meloures 00:41, 27. Jun. 2008 (UTC)
Dat ass jo wuel de Combel! Do geet de Cornischong hin a läscht nieft "nd" Biller och eng sëllechen "CC-by-sa" Biller a wann ech déi zrécksetzen da mécht e wéi wann ech d'Lizenz geännert hätt. De Les Meloures huet jo wuel hei uwendriwwer fir jidderee kloer bewisen, datt dat Fakte sinn. Ech gesinn, weem säi Charakter sech hei leider nees offenbaart huet! Eng Entschëllegung fir déi aus der Loft gegraffe falsch Beschëllegunge wier ubruet, nieft der ëmmer nach iwwerfälleger Erklärung firwat nuets honnerte Biller geläscht goufen, dorënner en plus en etlech mat "CC-by-sa" Lizenz! --Otets ♣ 09:46, 27. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Wann ech mer deemno e Fazit erlaben dierf
Fir d'éischt emol Merci un de Cornischong, endlech emol - no bal 3 Wochen - zu deem Thema Stellung geholl ze hunn, déi et erméiglecht en Abléck ze kréien, wéi hien déi Saach gesäit.
Dass him vill u gudde Biller läit, steet net zur Diskussioun. Dass mer (dat heescht mär puer Männeken, déi hei schaffen, a vun deene kee vill Zäit huet, sech haaptamtlech ëm Lizenzen ze këmmeren, well mer all an éischter Linn wëllen Inhalt (Artikelen a Biller) heihinner sëtzen), mat der CC-by-nc-nd/3.0 falsch lungen, well déi sech als net Wikicompatibel erwisen huet, ass e Fait, woufir mer nach eng Léisung fanne sollen. Op Läschen dofir déi beschte Léisung ass, kann ënnen diskutéiert ginn; ech gesinn do nach Anerer, maner Radikaler.
Aus deem wat uewen driwwer steet, geet awer och kloer ervir, dass do jett geläscht ginn ass, woufir et keng Ursaach gëtt, well éischtens keng Lizenz g'ännert gouf an zweetens just 15 Biller déi net-kompatibel Lizenz haten. Sech iwwer eng "Hysterie" z'ameséieren, déi dës massiv Läschaktioun, ouni Erklärung, an zu enger Zäit, wou keen et hätt solle mierken, ausgeléist hätt, ass net terribel witzeg. Dat ass zwar net "d'Wikipedia futti maachen", mee ënner konstruktiver Aarbecht vertinn ech eppes anescht.
Ieren ass mëschlech, soen d'Latäiner. "When caught in a hole, stop digging", d'Indianer. A méditer...
E Wuert zum Schluss: Perséinlech Beschëllegungen iwwer deem engen oder anere säi Charakter hunn hei näischt verluer. Gitt zesummen e Patt huelen, schwätzt Äech aus oder hot Äech d'Käpp an, mee loosst dofir wegl. d'Wikipedia bausse vir.
Ech restauréieren bei nächster Geleeenheet all déi Biller, déi geläscht goufen (bis op déi 15 mat der quokeleger Lizenz); fir mech ass d'Thema ofgehaakt.
(Addendum/corrigendum: Ass esouwäit geschitt. Merci un de Les Meloures fir d'Hëllef. Et sinn allerdéngs méi wéi just 15 geläschte Fichieren, déi ënner der Lizenz CC-by-nc-nd/3.0 stinn. Déi kënnen nëmme vum Auteur selwer "ëmlizenzéiert" ginn - kuckt hei drënner. --Zinneke 23:43, 27. Jun. 2008 (UTC) )
Nächst Thema:
--Zinneke 13:22, 27. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Ersatz fir d'-CC-by-nc-nd-Lizenz
Dës Lizenz huet sech als net Wiki-kompatibel erwisen. Sollen déi 152 Biller, déi déi Lizenz hunn, geläscht ginn, oder ëmlizenzéiert ginn?
Geläscht goufen der jo schonns e puer (kuckt uewendriwwer). Ëmlizenzéiere missten d'Auteure selwer. Fir déi ënnert eis, déi am Fall sinn, dofir en Opruff: iwwerleet iech, op äer Biller, deenen der déi Lizenz ginn hutt, och ënnert enger "waasserdichter" (am Sënn vu Wikipedia-Kritären) Lizenz stoe kéinten. Well der se heihigesat hutt, an de Sënn vun der Wiki jo d'Deele vu fräier Informatioun ass, sollt dat a mengen Ae keen allzegrousse Probleem sinn, mee wéi gesot, dat muss jidderee selwer décidéieren.
Falls dat de Fall ass, giff ech Iech bieden, dat bei Geleeënheet - dat muss net direkt sinn - ze maachen.
[Hei] an der Lëscht (et sinn dëst "Billersäiten mam Fändel" als Sichcritère) si se mengen ech all.
Falls dat keng akzeptabel Léisung wier, da sot et hei; da ginn se geläscht; mee da wier et gentil, Der gifft an den Artikelen déi eidel Këschten ewechhuelen.
--Zinneke 13:22, 27. Jun. 2008 (UTC)
-
- Däi Link op de Fändel ass net gutt, well och d'cc-by-nc-sa/3.0/lu Lizenz dee Fändel benotzt. De Link op d'nd Schabloun selwer ass besser: hei klicken. Wann d'Auteuren hir nd Biller selwer ëmlizenzéiere géifen, dat wier natierlech dat bescht. Wa speziell Grënn dat an Eenzelfäll verhënnere géifen, do hat ech scho virgeschloe gehat fir dann aplaz radikal ze läschen en A zouzedrécken, soulaang ebe wéinstens keng nei Biller méi als nd eropgeluede ginn. --Otets ♣ 19:26, 27. Jun. 2008 (UTC)
Wéi ass dat dann elo mat enger cc-by-nc-sa-Lizenz? Däerf déi prinizipiell benotzt ginn?
Wat d'Biller ugeet, déi vu mir photographéiert goufen, wier ech frou wa keen déi an nächster Zäit läsche géif, och wann se elo nach eng Wikipedia-inkompatibel Lizenz hunn. Ech probéieren esouwäit ët méiglech ass, deene Photoen eng aner Lizenz ze verpassen.--Fliedermaus 15:28, 27. Jun. 2008 (UTC)
Moien,
keng Angscht, et gëtt näischt geläscht, ouni dass et virdrun ugekënnegt, erkläert a wann néideg diskutéiert gouf, firwat. Eng Hickecht voll nokturn Spontanläschungen ass méi wéi genuch gewiescht.
Wann ech déi Kierzele richteg verstanen hunn, steet "ND" fir "non derivative", d.h. keen dierf iergend eppes drun änneren - d'Faarwen, oder en Ausschnëtt dervun, z.B., an "NC" fir "net kommerziell", d.h. et schränkt een a béide Fäll de potentielle weidere Gebrauch an. Wann ech eng Exeges vun der Wiki-Philosophie maachen, déi "fräie" Contenu postuléiert, da giffen no mengem Versteesdeméch esou Lizenzen am Widdersproch dozou stoen, well ënnert "fräiem" Gebrauch nun och eemol abegraff ass, datt "een" theoretesch déi Foto an engem Buch oder enger Zeitung publizéieren a domatter Sue maache kann (et muss just den Numm vum Auteur ugi ginn).
Deemno: wann s De selwer deng Fotoe verrubbele wëlls (z.B. plangs, se a Form vun engem Fotosband erausginn), da wier et virdrun z'iwwerleeën ob s de se fir d'éischt als "fräi" op d'Wikipedia setze wëlls. Falls net, d.h. et der Freed mécht, ze wëssen, dass se op der Wikipedia "der Mënschheet en Dingscht leeschten" (a Form vun enger Inforamtioun liwweren, an andeems de op d'Rechter drop verzichs), dann hues de d'Wikiprinzip applizéiert.
Mee allgemeng gëllt souwisou (dat hate mer schonns eng Kéier bei enger virechter Diskussioun): Eng Foto, déi een an d'Internet sëtzt, egal ënnert wat fir enger Lizenz, ass de Facto "vogelfrei" - wéi wëll ee wëssen, dass d'Lokalblat aus dem Ostparaguay eng Foto vun engem "gezoppt" huet, fir en Artikel z'illustréieren?
Dat géng och heeschen, dass am Drop-down- ("Erofgehei-"?)Menü op der Eroplued-Säit déi Méiglechkeet ("net kommerziell" ewechgemaach misst ginn.
Mee dat ass schonn erëm eng nei Diskussioun fir sech.
--Zinneke 16:56, 27. Jun. 2008 (UTC)
- Wat déi kommerziell Notzung ugeet, wier ech net frou driwwer wann ee géif eng Photo, déi ech geaach hunn, benotzen géif fir se da selwer virunzeverkafen. Wann een awer elo "share alike" an der Lizenz ugëtt, misst dat awer net erlaabt sinn, oder?
- Déi aner Saach ass déi vun enger Persoun oder engem Konschtwierk op der Photo. Et ass net onproblematesch, wann esou eng Photo kommerziell genotzt géif ginn. (Beispiller: eng Reklamm fir e Produit mat der Photo vun enger Persoun oder e Kalänner fir ze verkafen mat Photoen vu Konschtwierker.) --Fliedermaus 17:28, 27. Jun. 2008 (UTC)
- Well et ebe vill Benotzer oder och Kënschtler gëtt, déi mat enger kommerzieller Notzung vun hire Wierker e Problem hätten, hu mer déi "nc" Lizenzen zwar net recommandéiert, mee se awer erlaabt oder op d'mannst breetflächeg toleréiert. Effektiv kann een da kee Buch a keng DVD vun der lb-wiki mat deene Biller dra verkafen, mee datt dat jee ee Wëlles wäert hunn doru gleewen ech perséinlech souwisou net. --Otets ♣ 19:26, 27. Jun. 2008 (UTC)
Ech weess elo, firwt ech en Déjà-vu-Effet hat: Virun 3 Joer hate mer e bal identesche Probleem, wou ech déi folgend Remarquë geschriwwen hunn:
Wikipedia:De_Stamminet/Archiv2005/September#ffffff_Billerstuerm. Meng Aschätzung ass nach ëmmer déi nämlecht. --Zinneke 22:34, 27. Jun. 2008 (UTC)
[Änneren] Weiderleedung vun der Schabloun Bild-CC-by-nc-nd/3.0 op d'Schabloun Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu
Gudde Moien,
Dëse Message addresséiert sech un all déi Benotzer déi Biller ënner der "Bild-CC-by-nc-nd/3.0 eropgeluet haten.
Ech hat fir déi Schabloun den 1. Juni géint 00:44 eng Weiderleedung op d'Schabloun Bild-CC-by-nc-sa/3.0/lu, gemaach. Déi Weiderleedung gouf de 6. Juni um 21:44 erëm vu mir réckgängeg gemaach.
Heimatter entschëllegen ech mech, fir déi Weiderleedungsaktioun, déi vu mir zwar gutt gemengt war, am Sënn fir jiddrengem Aarbecht bei der Ëmännerung vun där net kompatibler Lizenz ze spueren, awer net korrekt war.
Am Fall, wou engem ee Schued doduercher sollt entane sinn, geet dat op meng Kap, an ech sti richt dofir.
Les Meloures 17:00, 29. Jun. 2008 (UTC)
|