GeschirkëschtAner Sproochen |
Wikipedia:Artikel/SyntaxD'Zil vun dëser Säit ass fir Iech ze weisen wéi ee séier italic (kursiv), bold (fettgedrëckt), etc. schreiwe kann. Beim Ännere vun den Artikelen sinn Iech bestëmmt scho Saache wéi ''dëst'', '''dëst''', oder och nach == dëst == oder * dëst opgefall. Mir nennen esou eppes wiki tags. Si bestëmmen, wéi déi Wierder vrun an hannert deenen si stinn geschriwwe ginn., Also steet e Wuert ''wéi dëst'' schif geschriwwen am Artikel, an '''esouee Wuert''' ass fettgedréckt. Wann Dir eng Rei Linne mat engem * ufänkt, kritt dir eng Lëscht... ... déi dir natierlech och nummeréiere kënnt mat #. Heimadder kennt dir elo d'Basis vun der Syntax vu Wikipedia. Natierlech ginn ët nach eng Partie aner tags, déi dir all op dëser Säit noliese kënnt. En anere ganz wichtegen Tag, [[dësen]], gëtt méi spéit am Kapitel iwwert d'Linken erklärt. D'Sandkaul ass natierlech fir all är Tester op. |