|
|
Wikipedia:Artikel/Neien ArtikelDës Säit erklärt Iech, wéi Dir e ganz neien Artikel kënnt opstellen. [Änneren] A Kuerzform, fir déi PrësséiertFir en neien Artikel ze schafen hutt der zwou Méiglechkeeten:
Wichteg Remarque: Maacht Iech kee Kapp wann der fir ären Artikel en Titel erausgesicht hutt, deen net honnertprozenteg de Konventiounen entsprécht (déi hei ënnendrënner erkläert ginn), et besteet ëmmer nach d'Méiglechkeet, den Artikel spéider ze verréckelen. Besser e gudden Artikel mat "schlechtem" Titel, wéi guer keen Artikel. [Änneren] Am Detail, fir d'PerfektionistenWéi gesot, déi einfachst Method en neien Artikel opzemaachen ass natierlech wann Dir ee roude Link an engem aneren Artikel fannt, op deen Dir nëmme klicke musst, fir datt déi nei Säit opgeet. Dir kënnt dëse Link natierlech och selwer an een Artikel setzen, wou en hipasst, a vun do aus weiderfueren. Oder Dir gitt d'URL vum neien Artikel an äre Browser an: http://lb.wikipedia.org/wiki/NummvumArtikel. An deenen zwéi Fäll musst der Iech Gedanke maachen, wéi Dir den Artikel nenne wëllt an op wat Dir dobäi oppasse musst. Ier Dir also esou en neien Artikel ufänkt, kuckt w.e.g. no, ob et dësen Artikel net schonn ënnert engem aneren Numm eventuell gëtt, well duebel Artikele brénge kee weider.
Eng einfach Method fir erauszefannen op et en Artikel scho gëtt ass op Google kucken ze goen (d'intern Sichmaschinn vu Wikipedia ass leider dacks desaktivéiert wéinst zevill Dateverkéier) an als Critèren anzeginn site:lb.wikipedia.org <dat wat gesicht gëtt>. Dëst limitéiert d'Recherche op Wikipedia an erméiglecht Iech ze kucken op et den Artikel scho gëtt. Wann et den Artikel scho gëtt, traut Iech natierlech roueg, nei Informatiounen bäizesetzen. Notiz: Vläicht erschéngt Iech dës Verificatioun e bëssen ëmständlech, mee si ass noutwänneg fir duebel Artikelen aus de Féiss ze goen. Wann der bis emol decidéiert sidd, den Artikel opzesetzen, muss der Iech en Titel eraussichen. An dësem Titel musse genuch Informatiounen drastoen, fir e vun Titelen z'ënnerscheeden, déi bal d'selwecht sinn. Als Beispill: Lëtzebuerg ass eng Stad an e Land. Dee Moment mussen déi respektiv Titelen ugepasst ginn: [[Lëtzebuerg (Stad)]] a [[Lëtzebuerg (Land)]] wieren an dësem Fall déi respektiv "richteg" Titelen. Fir méi Informatiounen wéi der Ären Artikel richteg nenne sollt, liest w.e.g. d'Nennungskonventiounen. << Artikelen ënnerenee verlinken - D'Grënnungsprinzipien >> |
| kreatyna kreatyna www.activebody.pl | Gry Online Gry Online www.pozycjonarka.in… | Plaza 3 star hotel Los Angeles www.triptake.com | krynica noclegi krynica noclegi,oÅ›rodek, wypoczynk… gornik.com.pl | Kredyty odnawialne Kredyty odnawialne www.eskarbiec.pl |