Geschirkëscht |
VeganismusDe Veganismus ass zum Deel eng vegetaresch Ernierungsform déi just aus planzlëcher Nahrung besteet. All Liewensmëttel déi vun Déieren ofstamen, net nëmme Fleesch a Fësch, mä och Eeër, Mëllech an all Produkter déi doraus entstinn, gi bei dëser Ernierungsweis net giess. Geféierlech bei dëser Ernierung ass, dass de Kierper net genug Nährstoffer kritt, dofir mussen d´Liewensmëttel ganz präzis ausgewielt ginn fir datt kee Nährstoffmangel ensteet. Kritesch ass et beim Eisen, dat bei planzlecher Nahrung méi schlecht absorbéiert gëtt wéi bei der Déierenahrung, Jod, Kalzium an d´Vitaminnen B6, B12 an D. En aneren Deel vum Veganismus ass de Verzicht op alles wat vun Déieren hiergestallt gëtt, wéi z.B. Lieder, Woll a Plommen an alles wou een kann en Notzen vun Déieren hunn, wéi z.B. Reiden, d´Juegd oder den Zoo. [änneren] Kuckt och |