|
|
Vëlkermord an der Vendée
Den historeschen Débat zu engem Vëlkermord an der Vendée (fr.: génocide vendéen) während dem Krich an der Vendée ass zimlech rezent. Den 21. Februar 2007 huet de franséischen Deputéierten Lionnel Luca (UMP, Alpes-Maritimes) e Gesetzesprojet bei der Assemblée nationale agereecht, fir datt d'Repressioun, déi nom Krich op d'Opstänneg gewaart huet, als Vëlkermord vun der Republik unerkannt gëtt.
[Änneren] Definitioun vu « Vëlkermord »De Begrëff « Genozid » ass eng rezent Kreatioun vum amerikaneschen Droitsprofesser mat polnesch-jiddescher Hirkonft Raphael Lemkin (1900-1959) aus dem Joer 1944. Hien huet dëse Begrëff benotzt, fir d'Verbrieche géint d'Mënschlechkeet, déi vun den Nazien un de Judden an Zigeiner am Zweete Weltkrich verübt goufen, ze definéieren. Hie schreiwt : « De nouveaux concepts nécessitent de nouveaux mots. Par génocide, nous entendons la destruction d'une nation ou d'un groupe ethnique. » D'Wuert besteet aus der griichescher Wuerzel « genos » (Rass, Stamm) an dem laténgesche Suffix « cide » (vu « caedere », ëmbréngen). De Begrëff ass fir d'éischte Kéier am Oktober 1945 an engem offiziellen Dokument opgedaucht, nämlech bei de Beschëllegungsakte vum internationale Militärgeriicht vun Nürnberg. D'Charta vun der UNO an den Artikel 8 vun der Genfer Konventioun hunn d'international Kommunautéit obligéiert anzegräifen, fir « prévenir ou arrêter des actes de génocide ». Méi rezent huet den Artikel 6 vum Statut vum Internationale Geriichtshaff d'Vebrieche vum Genozid definéiert, deen tëscht der Intentioun vun der totaler Ausrottung vun enger Bevëlkerung an der systematescher Mise en œuvre vun dësem Wëllen ënnerscheed. Meeschtens féiert eng Kontestatioun vun engem vun dësen Elementer zu engem Débat, fir e Vebriechen offiziell als Vëlkermord unz'erkennen. [Änneren] Den Débat zum « Vëlkermord an der Vendée »Den Débat ronderëm d'Hypothes vun engem Vëlkermord an der Vendée koum eng éischte Kéier an Universitéitskreesser an den 1980er Joeren op. De bluddege Charakter vum Biergerkrich an der Repressioun vum Opstand gëtt vu kengem ofgestridden, och wann d'Zuelen dacks net präzis sinn, a weider diskutéiert ginn1, an d'traditionell Beschreiwunge vu Massakere wéi deem vun de Lucs vun der historescher Recherche a Fro gestallt ginn2. Am Géigesaz dozou ginn de Wëllen zu engem Vëlkermord vun de Republikaner an de Charakter vun de Massakeren, déi duerch d'Republikaner veübt goufen, grouss diskutéiert a kontestéiert. Eng vun de Quelle vun den Unhänger vun der Thes vun engem Vëlkermord an der Vendée ass en Text vum Gracchus Babeuf. [Änneren] De Babeuf an de « populicide »Am Joer 1794, ënner der Convention thermidorienne, huet de Babeuf e Pamphlet erausbruecht, Du système de dépopulation ou La vie et les crimes de Carrier, andeem hien d'Exaktioune vum Jean-Baptiste Carrier während senger Missioun zu Nantes ugeklot huet, a behaapt datt dës Mesuren zu engem System vun Entvëlkerung gehéieren, déi hien « populicide » nennt3, en Neologismus fir eng néi Iddi ze benennen. Dëse Begrëff gouf während der Revolutioun als Substantiv souwéi als Adjektiv benotzt, fir dat ze beschreiwen, wat schëlleg um Doud an de Ruin vom Vollék ass4. D'Wuert besteet aus der laténgescher Wuerzel populus (d'Vollék) an dem Suffix cide5. Wéi d'Wuert "Genozid", wat vum Lemkin 1944 kreéiert gouf, ass ët remarkabel, datt e Wuert fir eng Zort vu Verbrieche benotzt ginn ass, dat am Versteestemech ganz nei war.6 A sengem Text huet « System vun der Entëlkerung » déi ganz franséisch Bevëlkerung betraff. A sengem Pamphlet huet de Babeuf d'Kritike vun den Enragés opgegraff, déi fir eng direkt Applikatioun vun der Konstitutioun vum Joer I waren, huet d'Terreur ugeklot, déi hie fir responsabel fir d'Massakere vun 1793-1794 gehalen huet an (mat de Moderéierten, de Muscadins an den Neo-Hébertisten) d'Montagnards an d'Jakobiner ugegraff. Dës Uschëllegunge koumen duerch d'Mise à jour vun den Exekutiounen, de Massakeren an den Zerstéierunge vum Biergerkrich an der Terrur no Thermidor. Zesumme mat anere Pamphletären huet de Babeuf d'Uschëllegunge vun der Zeitung La Feuille nantaise opgegraff, déi an hirer Nummer vum 5. Brumaire Joer III. den Incorruptible beschëllegt hunn, hien hätt wëllen d'Land « entvëlkeren »7. Esou solle Membere vum Comité de salut public ronderëm de Robespierre Pläng gehat hunn, fir déi gréisstméiglech Gläichheet a Frankräich z'erreechen, an hätten dofir den Doud vun enger grousser Unzuel vu Fransouse geplangt8. Hir Analys huet, dem Babeuf no, op de Reflexioune vun de politesche Philosophe vum 18. Joerhonnert (wéi de Jean-Jacques Rousseau) opgebaut, déi iwwerluegt haten, datt eng Gläichheet nëmme méiglech wär, wa Frankräich eng méi kleng Bevëlkerung hätt9. Dëser Theorie no war de Biergerkrich am Westen an d'Repressioun vun de federalisteschen a royalisteschen Opstänn e Mëttel fir dës Entvëlkerung vu Frankräich gewiecht, an de Carrier, zu Nantes, e lokalen Agent10. D'Néierlage vun de republikaneschen Truppe ware vum Comité de salut public geplangt, fir de Krich an d'Längt ze zéien, d'Zuel vun den Doudegen an d'Luut ze dreiwen an zu enger Radikalisatioun vu béide Säiten ze féieren11. Den 18. Dezember 1794 huet de Babeuf an der Zeitung Le Tribun du peuple geschriwwen :
Spéider, villäicht duerch den Afloss vu Philippe Buonarroti oder Simon Duplay, déi hien am Prisong 1795 kennegeléiert hat, huet dem Babeuf säi Bild vum Robespierre sech a senge Schrëfte weider geännert, an ass vun enger Kritik zu enger Luefried iwwergaangen13. Am N° 24 vum Tribun du peuple, huet hien d'Thermidorianer ugeklot, déi vun engem revolutionäre Gouvernement schwetzen, « comme du saint des saints avec vénération et respect et avec indignation du gouvernement de Robespierre, de la Terreur et du système de sang, comme si tout cela n'était pas une seule et même chose! » Am N° 34 vum 6. November 1795, erkläert de Babeuf :
Am N° 40 vum 24. Februar 1796, als Entwert op e Bréif vun engem Kapitän vun der Armée de l'Ouest14, ass hien esouguer esouwäit gaangen, datt hien « sa propre doctrine sous l'égide de Robespierre et de Saint-Just » gesat huet. Fënnef Deeg méi spéit huet hien an engem Bréif u säi Frënd Bodson erkläert: « Je confesse aujourd'hui de bonne foi que je m'en veux d'avoir autrefois vu en noir et le Gouvernement révolutionnaire, et Robespierre, et Saint-Just », an huet esouguer den Doud vun Hébert a Chaumette justifiéiert. (« Le salut de vingt-cinq millions d'hommes ne doit point être balancé contre le ménagement de quelques individus équivoques »)15. [Änneren] D'Unhänger vun der Thes vum VëlkermordAm Joer 1986 huet de Reynald Secher säi Buch La Vendée-Vengé, Le génocide franco-français16 erausbruecht, e Wierk andeem hien d'Rapporten tëscht der Revolutioun an de Vendéens zënter 1789 ënnersicht huet, a versicht huet de Bilan vun dem Opstand an der Repressioun ze maachen. Heifir huet hien ënner anerem de Rapport vun de Gebuerten aus de 1780er Joeren an den 1800er Joere verglach, fir Destruktiounen a Rekonstruktiounen ze fannen. Mat dësen Donnéeën huet hien a senger Konklusioun erkläert, datt hien iwwerzeegt wär, datt d'Massakere vum Krich an der Vendée a sengen Aan e Genozid waren, andeems hien dofir och d'Texter vun den Akteuren an den Zeien ënnersicht huet, an aus hinnen e Wëllen zum Genozid vun der Republik erausgelies huet. Fir seng Hypothes ze stäerken, huet hien den Ausdrock « populicide » vum Babeuf opgegraff, deem säin Text hien editéiert an nei erausbruecht huet17. D'Thes vum Reynald Secher gouf besonnesch vum Pierre Chaunu, Professer vun der Universitéit Paris IV-Sorbonne, an engem Artikel an der Zeitung La Croix vum 29. Juni 1986 ënnerstëtzt, deen och Member vum Jury war, wéi de jonken Doktorand seng Thes verdeedegt huet18. Aner Historiker hunn de Begrëff « Genozid » benotzt, fir d'Massakeren, déi vun der republikanescher Säit am Krich ausgaange sinn, ze beschreiwen, dorënner de Jean Tulard19, den Emmanuel Le Roy Ladurie20 oder de Stéphane Courtois, Direkter vun de Recherchen um CNRS, Spezialist fir d'Geschicht vum Kommunismus21. De Courtois erkläert, datt de Lenin « compare les Cosaques à la Vendée pendant la Révolution française et les a exposés avec joie à un programme que Gracchus Babeuf, l'"inventeur" du Communisme moderne, a qualifié en 1795 (sic) de "populicide". »22 [Änneren] Echoe baussent der UniversitéitsweltD'Behaaptunge vum Reynald Secher hu sech och baussent der Universitéitswelt verbreet, a goufe vun de Medien opgegraff. Den 28. Januar 2000, als Konklusioun vum Stockholm International Forum of the Holocaust, huet de Michael Naumann, däitsche Kulturminister (1998-2000) an ehemolege Chefredakter vun Die Zeit, gesot : « The French term "populicide" was occasionally used before the term of "genocide" was invented. It was coined by Gracchus Babeuf in 1795 and described the extermination of 117,000 farmers in the Vendée. This fertile area in western France did indeed remain practically uninhabited for 25 years.23 » De Schrëftsteller Michel Ragon huet a sengem Buch 1793: L'insurrection vendéenne et les malentendus de la liberté. (1992) d'Argumentatioun an d'Elementer vum Secher benotzt, a versicht d'Realitéit vun der Programmatioun vun de Massakeren an d'offiziell Intentioune fir d'Exterminatioun vum Vollek nozeweisen. A sengem Buch huet hien iwwer d'Totalitéit vun der Repressioun vum Opstand geschriwwen. Deng Haaptakteure sinn op republikanescher Säit de Generol Turreau, de Carrier zu Nantes, den Hentz an de Francastel zu Angers, Stied wou anersäits och dausende vu Prisonnéier aus der Vendée gefaange gehale goufen. An anere franséische Regioune koum ët 1793 och zu Opstänn (royalistesch oder federalistesch) géint d'Convention. A verschiddene Fäll hunn d'Envoyés en mission versicht, sou séier wéi méiglech nees Uerdnung ze schafe mat enger kuerzer Repressioun (Normandie), an anere Regioune war d'Repressioun méi grausam. Verschiddener hu sech ganz goe gelooss, wéi de Barras an de Fréron zu Toulon, de Collot d'Herbois an de Fouché zu Lyon oder den Tallien zu Bordeaux. Am Fall vum Krich an der Vendée versicht de Michel Ragon ze beweisen, dass dës Extremfäll esou vum Comité de salut public, an esouguer vun der Convention gewollt waren. Fir dëst z'erreechen, huet hien an den Dokumenter vun dëser Zäit nogesicht, Bréiwer oder Rapporte vu verschiddene Perséinlechkeeten, déi hien als Geständnis fir de Wëllen zu engem Vëlkermord ugesinn huet. Esou eng Proklamatioun déi de 24. Dezember 1793 vum Francastel zu Angers opgehaange gouf : La Vendée sera dépeuplée, mais la République sera vengée et tranquille […] Mes frères, que la Terreur ne cesse d'être à l'ordre du jour et tout ira bien. Salut et fraternité.24 Genee sou e Bréif vum Carrier vum 12. Dezember 1793, adresséiert un de Generol Haxo, deen no Iesswuere fir d'republikanesch Vendée gefrot hat25, wou hien d'Formulen ervirgehuewen huet, déi seng Thes ënnerstrach hunn : Il est bien étonnant que la Vendée ose réclamer des subsides, après avoir déchiré la patrie par la guerre la plus sanglante et la plus cruelle. Il entre dans mes projets, et ce sont les ordres de la Convention nationale26, d'enlever toutes les subsistances, les denrées, les fourrages, tout en un mot dans ce maudit pays, de livrer aux flammes tous les bâtiments, d'en exterminer tous les habitants […] Oppose-toi de toutes tes forces à ce que la Vendée prenne ou garde un seul grain… En un mot, ne laisse rien à ce pays de proscription27. Den 21. Februar 2007 hunn néng franséisch Deputéierten, déi sech op d'Aarbechte vum Reynald Secher a Michel Ragon stäipen, e Gesetzesprojet bei der Assemblée nationale agereecht fir eng « reconnaissance du génocide vendéen. »28 [Änneren] Géigner vun der Thes vum VëlkermordD'Majoritéit vun der Universitéitswelt huet d'Thes vun engem Vëlkermord an der Vendée net unerkannt, an dës Thes gouf als Manifestatioun vun enger Vergaangenheet ugesinn, déi et esou ni gouf. Ee vun dëse Kritiker war den Australier Peter McPhee, Professer op der Universitéit vu Melbourne a Spezialist fir d'franséisch Zäitgeschicht, deen op den Afloss vum Chaunu an der Behaaptung vun engem Lien tëscht der Revolutioun an dem totalitäre Kommunismus an d'Schwächte vun der Analys vum Secher zu der Zuel vun den Affer oder dem Bléck vun de Revolutionären op den Opstand an der Vendée zeréckkomm ass. Hien huet och d'Beschreiweung vun de reliéisen, wirtschaftlechen a soziale Strukture vun der Vendée virun der Revolutioun a Fro gestallt, sou wéi d'Grënn fir den Opstand, déi de Secher uginn huet. Hien huet kritiséiert, datt de Secher net op d'Massakeren un de Republikaner duerch d'Opstänneg agaangen ass, an datt hien a senge spéidere Wierker net op nei Universitéitsaarbechten agaangen ass, déi géint seng These geschwat hunn29. Als Konklusioun zu La Vendée-Vengé, le génocide franco-français seet de McPhee :
Aner Historiker, déi d'Thes vun engem Vëlkermord an der Vendée net unerkenne sinn den Julian Jackson, Professer op der Universitéit vu London30, den Amerikaner Timothy Tackett, Professer op der University of California31, de Hugh Gough, Professer op der Universitéit vun Dublin32, de François Lebrun, Professer op der Universitéit Haute-Bretagne-Rennes II33, de Claude Langlois, Direkter vun der École pratique des hautes études34, de Paul Tallonneau35, de Claude Petitfrère, Professer op der Universitéit vun Tours36, de Guy-Marie Lenne37 oder de Jean-Clément Martin, Professer op der Universitéit Paris I-Panthéon-Sorbonne38. De Jean-Clément Martin geet ënner anerem op d'Fro vum Dekret vum 1. August 1793 an, deen d'Zerstéierung vun der Vendée geplangt huet, an de Rapport vum Barère, dee besot huet : Détruisez la Vendée et Valenciennes ne sera plus au pouvoir des Autrichiens. Détruisez la Vendée et le Rhin sera délivré des Prussiens [...]. La Vendée et encore la Vendée, voilà le chancre qui dévore le cœur de la République. C’est là qu’il faut frapper39. Hien erënnert drun, datt béid Schrëftstécker d'Fraen, d'Kanner an d'al Leit ausschléissen, mam Dekret vum 1. Oktober 1793 och d'onbewaffnet Männer. Ausserdem notéiert hien datt les révolutionnaires n’ont pas cherché à identifier un peuple pour le détruire, regardant simplement la Vendée comme le symbole de toutes les oppositions à la Révolution, a schreiwt a senger Konklusioun datt les atrocités commises par les troupes révolutionnaires en Vendée relèvent de ce qu’on appellerait aujourd’hui des crimes de guerre.40. Den Discours vum Barère an den Dekret participent de la vision qui fait de la Contre-Révolution un bloc unique, une hydre menaçante, légitimant la pensée d'une "juste violence" et installant la guerre de Vendée dans des conditions particulièrement absurdes. Les administrateurs locaux ne cessent pas de se plaindre de l'absence de délimitation de la région-Vendée, de l'imprécision du terme "brigands" pour désigner les êtres voués à la destruction (puisque sont exclus les femmes, les enfants, les vieillards, les "hommes sans armes"). Menuau du Maine-et-Loire n'arrive pas à faire préciser ce qui doit être détruit en "Vendée".41 An der Regioun selwer la mobilisation de révolutionnaires locaux réussit à arrêter les violences injustifiées d'Angers ou du sud de la Vendée. Dans l'armée, des officiers refusent de suivre la politique de dévastation de leurs collègues, réussissant parfois à en traduire certains devant des tribunaux et à les faire exécuter.42. D'Atrocitéiten, déi während dem Krich an der Vendée begaange goufen, loosse sech och duerch d'Mëttelméissegkeet vum Encadrement vun de republikaneschen Zaldoten erkläeren, « qui sont laissés à leur propre peur ». Op der anerer Säit, les insurgés ont repris les habitudes anciennes des révoltes rurales, chassant et mettant à mort les représentants de l'État, pillant les bourgs, avant que leurs chefs ne réussissent à les détourner, pendant un temps, de ces pratiques qui ont un aspect de revanche et une dimension messianique.43 A sengen Aan war ët net d'Gewalt vun engem staarke Staat, déi d'Bevëlkerung ze spiere krut ; de Staat war ze schwaach, fir den Däiwelskrees vun der Gewalt an de Grëff ze kréien, an dat bis am Fréijoer 179444. Professer op der Universitéit Paris I-Panthéon-Sorbonne an ehemolegen Direkter vum Institut d'histoire de la Révolution française, huet och de Michel Vovelle Positioun zu der Vëlkermordsfro bezunn. Am Text « L'historiographie de la Révolution Française à la veille du bicentenaire » (1987) schreiwt hien écrit : « François Furet ne se reconnaît pas, et l'a dit, dans le réveil récent, provoqué pour partie depuis deux ou trois ans par l'approche du bicentenaire, d'une historiographie ouvertement contre-révolutionnaire. À vrai dire, avait-elle jamais disparu ? Elle avait gardé ses positions fortes, de tradition depuis le XIXe siècle, à l'Académie française (dans le sillage de Pierre Gaxotte) ou dans les bibliothèques des gares. Vieille chanson un peu fatiguée, elle a connu tout récemment un regain de vitalité remarquable. Petite monnaie caricaturale des réflexions de François Furet, l'image d'une révolution totalitaire, antichambre du Goulag fait florès. La Révolution assimilée à la Terreur et au bain de sang devient le mal absolu. Toute une littérature se développe sur le thème du "génocide franco-français" à partir d'appréciations souvent audacieuses du nombre des morts de la guerre de Vendée 128 000, 400 000... et pourquoi pas 600 000 ? Certains historiens, sans être spécialistes de la question, ont mis, tel Pierre Chaunu, tout le poids de leur autorité morale, qui est grande, à développer ce discours de l'anathème, disqualifiant d'entrée toute tentative pour raison garder. Telle histoire tient beaucoup de place, en fonction des soutiens dont elle dispose, dans les médias comme dans une partie de la presse. Doit-elle nous cacher les aspects plus authentiques d'un chantier des études révolutionnaires aujourd'hui en plein réveil? »45. Och de Max Gallo huet sech am Artikel « Guerre civile oui, génocide non ! » an der Zäitschrëft Historia géint d'Thes vum Vëlkermord ausgeschwat46. [Änneren] Observatiounen a spéider AnalysenDen Historiker Samuel Tomei huet déi rezent Attacke géint « les mystifications de la mémoire républicaine », am Numm vun engem « devoir de mémoire envers les peuples opprimés par une République colonisatrice amnésique » an « envers les peuples corsetés par une République jacobine. » analyséiert. Hien huet notéiert datt sech besonnesch zënter de Feiere vum Bicentenaire vun der Franséischer Revolutioun « se développe une propension à fustiger un certain jacobinisme républicain au nom de la mémoire des minorités régionales opprimées - certains historiens allant jusqu’à parler, comme Pierre Chaunu, un peu provocateur sans doute, du "génocide" des Vendéens par la République : "Nous n’avons jamais eu l’ordre écrit de Hitler concernant le génocide juif, nous possédons ceux de Barère et de Carnot relatifs à la Vendée". Et le grand historien du temps des Réformes d’honorer à sa façon la mémoire des victimes vendéennes : "D’ailleurs, à chaque fois que je passe devant le lycée Carnot, je crache par terre." »47 Andeems hie sech un d'Fro, déi um Programm vum CAPES an der Agrégation an der Geschicht 2005-2006 stoung, gehalen huet, sou wéi si am Buch vun der Patrice Gueniffey am Artikel « À propos des révoltes et révolutions de la fin du XVIIIe siècle. Essai d’un bilan historiographique », behandelt gouf, huet de Guy Lemarchand, Professer op der Universitéit vu Rouen, verschidden historesch Schoulen ënnerscheed, déi sech mat der Revolutioun befaasst hunn :
Fir den Didier Guivarc'h, Professer op der Universitéit vun Toulouse Le Mirail a Member vum Groupe de Recherche en Histoire Immédiate, setzt d'Etude vun der Vendée vum Jean-Clément Martin « en évidence les politiques de la mémoire et leurs enjeux. Si pour l’historien ce sont les Bleus qui, dès 1793, construisent l’image d’une Vendée symbole de la contre-révolution, ce sont les Blancs et leurs successeurs qui utilisent et retournent cette image aux 19e et 20e siècles pour asseoir une identité régionale. Cette identité est un outil de mobilisation sociale mais aussi un instrument politique contemporain. Le succès du spectacle du Puy-du-Fou, lancé en 1977 par Philippe de Villiers, résulte de la rencontre entre un milieu rendu réceptif par une pédagogie du souvenir de 150 ans et le souci d’un homme politique de se construire une image. L'exemple vendéen des années 1980 et du début des années 1990 illustre les défis nouveaux qui se posent à l’historien de la mémoire. Confronté à une mémoire vive et impérieuse, il est conduit à déconstruire mythe ou légende et à remettre ainsi en cause l'exploitation du passé par le présent. Dans le contexte du bicentenaire de 1789, puis de 1793, l'emploi du terme génocide est ainsi au centre d'un débat intense car il est un enjeu pour ceux qui veulent démontrer que "la révolution […] à toutes les époques et sous toutes les latitudes serait dévoreuse de libertés". »49 [Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Notizen a Referenzen1: Vgl. Bilan vum Krich an der Vendée.
|