Aner Sproochen

Utopie

Utopie, aus dem algriicheschen οὐτοπία = néierewou, staamt vum Thomas More sengem Staatsroman Utopia vu 1516 an deem e Modell vun engem ideale Staat beschriwwen ass.

An der Renaissance koumen nach e puer Utopien derbäi, wéi dem Dominikanerpater Tommaso Campanella säin Civitas solis ("Sonnestaat") an dem Francis Bacon säin Nova atlantis, ("Nei-Atlantis").

Och am Zäitalter vun de Lumières hu sech Auteure mam Verlaangeren no engem gudden a gerechte Staat beschäftegt an dat Thema literaresch verschafft. Z'ernimme sinn do de Restif de La Bretonne an den Étienne-Gabriel Morelly, dee schonns 1755 a sengem Code de la nature de Privatbesëtz wëll ofgeschaaft gesinn.


wymiana linkami system wymiany linków SEO Tools wymiana linkami tanie kredyty gotówkowe kreatyna Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Sejm Tyk