Geschirkëscht |
Urbanismus
Vun engem technesche Standpunkt aus gesinn ass den Urbanismus eng Deeldisziplin vun der Raumplanung a beschäftegt sech grad wéi déi mat der Analyse vun der Stad an, an engem zweete Schrëtt, mat der Elaboratioun vu Planungskonzepter, woubäi ee stänneg ofweie muss tëschent alle relevanten Interessen, d.h. virun allem tëschent den Demanden an de Contraintë vun enger Welt, déi enger konstanter demographescher Croissance an enger staarker Pressioun vun der Zivilisatioun ënnerworf ass. Den Urbanismus déngt an éischter Linn der Steierung vun der Buedemnotzung fir déi gesamt Stad- oder Gemengegebidder oder fir eenzel Deelberäicher dovunner. Déi mat dem Urbanismus beschäftegt Fachleit schaffe meeschtens an der ëffentlecher Verwaltung. Aufgab vum Urbanismus ass d'Erreeche vun enger nohalteger urbaner Entwécklung vun de Stied a Gemengen, wéi och vun deenen hiren Deelgebidder. Dobäi sinn déi sozial, wirtschaftlech an ëmweltschutzbezunnen Ufuerderunge matenaner an Aklang ze bréngen. Et muss ee fir eng sozialgerecht Buedemnotzung suergen, déi dem Wuel vun der Allgemengheet déngt. Den Urbanismus soll dozou bäidroen, eng mënschewierdeg Ëmwelt ze sécheren an déi natierlech Liewensgrondlagen ze schützen an ze entwéckelen, och am Hibléck zu enger responsabler Fërderung vum allgemenge Klimaschutz. Doriwwer eraus soll déi urban Gestalt an d'Uertschafts- a Landschaftsbild baukulturell erhalen an entwéckelt ginn. [Änneren] Linken |