GeschirkëschtAner Sproochen
|
Vereenegt Staate vun Amerika
D' Vereenegt Staate vun Amerika (engl.: United States of America, kuerz: USA) sinn eng Bundesrepublik am nërdlechen Deel vum amerikanesche Kontinent. Am Norde grenze si u Kanada an och iwwer de Bundesstaat Alaska u Russland. Tëschent Alaska a Russland läit nëmmen déi 100 km breet Beringstrooss. Am Süden ass Mexiko den Noper. Am Oste grenze se un den Atlantik an am Westen un de Pazifik. D'Vereenegt Staaten vun Amerika si 1776 entstan, wéi déi britesch Kolonien an Amerika onofhängeg gi sinn. Duerch déi intensiv Industrialisatioun, déi duerch eng massiv Immigratioun ënnerstëtzt gouf, ass den Afloss vun Amerika staark gewuess. Um Enn vum 20. Joerhonnert, an no der Iwwerwannung vum totalitäre Faschismus (Zweete Weltkrich) an dem Kommunismus (am Kale Krich) si si als eenzeg Weltmuecht, déi sech op alle Plangen (wëssenschaftlech, kommerziell, politesch, militäresch), duerchzesetze weess, iwwreg bliwwen.
[änneren] Geographie[änneren] Populatioun[änneren] Politik[änneren] Politesche Systee[änneren] D'USA an der Welt[änneren] D'BundesstaatenD'Vereenegt Staaten vun Amerika begräife 50 Staaten. Dovu leien der 48 am Kärland, südlech vu Kanada a nërdlech vu Mexiko. Alaska läit westlech vu Kanada. Hawaii läit am Pazifik, 3.900 km ewech vum kontinentalen Amerika. D'Haaptstad Washington bilt en eegenen Distrikt, (de Distrikt vu Columbia), deen e Sonderstatut huet a kengem Bundesstaat ugehéiert. Am US-amerikanesche Fändel sinn déi 50 Bundesstaaten duerch 50 Stären duergestallt. Kuckt d'Lëscht mat de Bundesstaaten an de gréissere Stied [änneren] Geschicht[änneren] Economie[änneren] Linken[änneren] Kuckt och[änneren] Um SpaweckMemberstate vun der NATO
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Dänemark - Estland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Holland - Island - Italien - Kanada - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Norwegen - Polen - Portugal - Rumänien - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Tierkei - Ungarn - USA Kanada - Frankräich - Däitschland - Italien - Japan - Russland - Groussbritannien - USA
|
|||||||||||||||||||||||||||||||||||||||