GeschirkëschtAner Sproochen |
ThemistoklesDen Themistokles (gr.: Θεμιστοκλῆς), gebuer ëm 525 a gestuerwen ëm 460, war en athenesche Staatsmann a Strategos. Hien huet eng wichteg Roll an der griichescher Victoire am Zweete Perserkrich gespillt. Hie gouf wuel fir d'Amtsjoer 493 bis 492 v. Chr. zum Archont zu Athen gewielt. An dëser Zäit huet den Themistokles sech ëm d'Erweiderung vum atheneschen Hafe vum Piräus gekëmmert, an zweehonnert Krichsschëffer goufen an Optrag ginn, woumadder Athen entgülteg zu enger Séimuecht vum Mëttelmierraum gonn ass. Nodeems hien zum Strategos gewielt gi war, huet den Themistokles déi athenesch Flott an der Schluecht vu Salamis am Joer 480 v. Chr. erfollegräich géint d'Perser ënner dem Xerxes I. gefouert, deem seng Schëffer hien an d'Enkt vu Salamis gelackelt huet, wou si nëmmen nach schwéier manövréiere konnten. Méi doriwwer am Artikel Schluecht vu Salamisan den Artikelen [[{{{2}}}]] an [[{{{3}}}]]an den Artikelen [[{{{4}}}]], [[{{{5}}}]] an [[{{{6}}}]]an den Artikelen [[{{{7}}}]], [[{{{8}}}]], [[{{{9}}}]] an [[{{{10}}}]]. Grad d'Schluecht vu Salamis war d'Ursaach dofir, datt dem Themistokles zu Éiere Statue gebaut goufen. Am Joer 1939 gouf déi sougenannten Themistokles-Herme vun Ostia fonnt. Dëst dierft eng Kopie vun enger eelerer Statu sinn. Den Themistokles ass ëm 460 v. Chr. a sengem perseschen Exil zu Magnesia gestuerwen. [Änneren] Literatur zum Thema
[Änneren] Um Spaweck
|