|
|
Stauséi Our
De Stauséi Our gëtt vum Barrage Veianen am enken a mat Bësch bewuessenem Éisleker Ourdall tëscht Stolzebuerg a Veianen gestaut. De Stauséi ass den ënneschte Baseng vum Pompelspäicherwierk Veianen, dat als dat gréisste vu senger Zort an Europa gëllt. Ufanks vun den 1960er Joere beim Uleeë vum Stauséi huet en Deel vun der Uertschaft Biwels missen op e kënschtleche Plateau verluecht ginn. Den 8 km laange Stauséi bedeckt eng Fläch vu ronn 100 ha an huet e Fassungsverméige vun zirka 10 Millioune Kubikmeter. Flossopwäerts vun der Staumauer gëtt de Séi vun engem Tëschewier op der Héicht vu Stolzebuerg-Keppeshausen agegrenzt. [Änneren] Kuckt och |