GeschirkëschtAner Sproochen |
Skorpioun I.
Am Joer 1998 hunn d'Archeologe Werner Kaiser a Günter Dreyer vum DAIK (Deutsches Archäologisches Institut, Kairo) op engem Deel vun der Begriewnisplaz vun Abydos (Umm el-Qaab), deen d'Bezeechnung Kierfecht U dréit, d'Graf vum Kinnek (U-j), wat an d'Naqada-Kultur IIIa2 datéiert gouf an domadder net identesch mat dem Kinnek mam selwechten Numm aus der 0. Dynastie ass, entdeckt. D'Graf, mat 12 Kummeren, war mat de Moossen 9,10 m x 7,3 m relativ grouss a folgendes gouf dra fonnt: Gefässer fir Beigaben, Elfebeenstief an -tafelen, Kinnekszepter, Wäikréi déi deelweis aus Palästina importéiert gi waren, a Spure vun engem Schräin aus Holz. D'Kréi wore beschrëft a sinn den eelste Beweis vu phoneteschen Zeechen, déi ee liese kann, vun enger egyptescher Schrëft. Domadder war och d'Identifizéierung méiglech, op de Kréi wor ze liesen "aus de Planzunge vum Skorpioun".
[Änneren] Um Spaweck |