|
|
Réimesch Traitéën
D'Réimesch Traitéë goufen de 25. Mäerz 1957 vun der Belsch, der Bundesrepublik Däitschland, Frankräich, Italien, Lëtzebuerg an Holland zu Roum ënnerschriwwen. Si bestinn aus dem Traité iwwert d'Grënne vun der Europäescher Communautéit deen d'Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) geschafen huet, an dem Traité iwwert d'Europäesch Atomgemeinschaft (EURATOM). Dës sinn zwee wesentlech Bestandeeler vun de spéideren Europäesche Communautéiten.
Zesumme mat der Europäescher Communautéit fir Kuel a Stol ass dorausser méi spéit d'Europäesch Unioun entstanen:
[änneren] Ziler vun deCommunautéiten
- sécher an efficace Atomenergie
- Viruginn vu wichtegem Know-how
- friddleche Gebrauch
- gemeinsam Fuerschung an Entwécklung
- gemeinsam Démarchen,fir Leeschtungen ze verwierklechen
- Moderniséierung; Zougank zu de beschten technesche Moyenen
- Sécherheetsnormen
- gemeinsame Maart fir d'Matièrën, déi gebraucht ginn
- Sécherung vum sozialen a wirtschaftleche Fortschrëtt
- Ofschafe vu Barrièren; Ofschafe vun den Douanes-Taxen
- Besserung vun de Liewens- a Beschäftegungsbestëmmungen
- kontinuéirlecht Ausbreede vun der Wirtschaft, équilibréierten Handelsverkéier, gerecht Konkurrenz
- gemeinsame Handels-, Landwirtschafts- a Verkéierspolitik
- Erhale vu Fridden a Fräiheet
- méi grouss Stabilitéit, méi enk Bezéiungen tëscht de Staaten
- fräi Zirkulatioun vu Persounen, Dingschtleeschtungen, Kapital, a Wueren
- Uneneen-Ugläiche vun de Rechtsvirschrëften vun den eenzelne Memberstaaten
- bannescht a baussescht finanziell Stabilitéit.
D'Openeen-Zougoe vun de Wirtschaftspolitike (Ugläiche vun de Steieren, Ëmweltschutz-Contrainten, Chômage, Mindestléin,...) solltebannent 12 Joer schrëttweis duerchgefouert ginn.
|