Quirijn van Regteren Altena

De Quirijn van Regteren Altena ass en hollännesche Kontrabassist.

De Quirijn van Regteren Altena huet beim Anthony Woodrow am Sweelinck Conservatoire zu Amsterdam Kontrabass studéiert. Dunn ass en an d'USA gaangen, an en huet do beim Gary Karr an der Hartt School of Music seng Studie weidergefouert. Fir méi en afwiesslungsräiche Repertoire ze spillen huet hie säi musekalescht Liewen opgedeelt. Engersäits trëtt en als Solist op, an anerersäits ass hien de Kontrabassist vum hollänneschen Schönberg Ensemble an de Haaptkontrabassist vun dem Den Haager Residentie Orkest ënner dem Evgeny Svetlanov.

De Quirijn van Regteren Altena ass och zäitweileg mam hollänneschen Pianist Peter Beijersbergen van Henegouwen opgetrueden, mat deem hien Wierker agespillt huet vun der Sofia Gubaidulina a vum Arthur Honegger.

De Kënschtler spillt op engem Instrument, dat 1720 vum Gianbattista Grancino zu Mailand gebaut gouf.


SEO Tools system wymiany linków SEO Tools SEO Tools SEO Tools tanie kredyty gotówkowe kreatyna Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Sejm Tyk