Liturgescht Gewand

Eng Dalmatik
Eng Dalmatik

Liturgesch Gewänner si Kleedungsstécker, déi während dem Gottesdengscht, an nëmmen dowéinst vun deenen, déi der Feier virstinn oder dësen hëllefen, ugedoe ginn.

Eng Stola
Eng Stola
Eng Kasel
Eng Kasel

An der kathoulescher Kierch gi virun allem folgend liturgesch Gewänner gebraucht:

  • D'Alef (lat. albus - "wäiss") ass d'Grondgewand. Si ass wäiss, huet Äerm (net all ze weit) a geet bis op de Buedem. Jiddereen den bei enger ëffentlecher Liturgie am Altorraum matwierkt kann eng Alef undoen.
  • Eng Stola huet d'Form vun engem laange Schaal dee béidsäiteg vun de Schëlleren erofhängt. De Priester deet se fir all liturgesch Handlungen un. Engem Diakon seng Stola hängt vun der lénker Schëller queesch iwwert d'Broscht an de Reck zur Taille hin.
  • Eng Kasel, oder Massgewand, ass e weiden Iwwerhang ouni Äerm an engem Lach fir de Kapp dee vun engem Geeschtlechen nëmme fir d'Mass iwwer oder ënner der Stola gedroe gëtt.
  • Eng Dalmatik gläicht engem Massgewand, huet awer weit Äerm a gëtt vum Diakon ugedoen.
  • E Chouermantel ass e groussen Ëmhang, dee vir mat enger Schnall zougemaach gëtt.

Optional si Schëllerduch (e wäisst Duch fir iwwert d'Schëlleren a ronderëm den Hals) an Zingulum, eng Kordel fir ronderëm d'Taille iwwert der Alef.

[Änneren] Faarwe vun de liturgesche Gewänner

Stola, Kasel, Dalmatik an Chouermantel hunn eng bestëmmten Faarf je no Ulass. Folgend Faarwe sinn am Gebrauch:

  • gréng : normal Deeg a Sonndeger am Joreskrees
  • wäiss (oder gëllen) : Fester, Gedenkdeeg vun Hëllegen (déi keng Märtyrer sinn)
  • rout : Päischten, Karfréiden, Gedenkdeeg vu Märtyrer
  • mof : Faaschtenzäit an Advent, Allerséilen

doniewent kënnen nach optional gebraucht ginn

  • schwaarz : fir Läichendéngschter
  • rosa : um 4. Faaschtesonnden (Laetare) an um 3. Adventssonnden (Gaudete)
  • hellblo (offiziell net virgesinn awer alt unzetreffen) : Muttergottesfester

SEO Tools wymiana linkami tanie kredyty gotówkowe kreatyna Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Sejm Tyk