GeschirkëschtAner Sproochen
|
Latäin
[Änneren] HaaptgedankenAls Latäin resp. Laténgesch (lat. lingua Latina) bezeechent een déi Sprooch, déi ursprénglech vum Volleksstamm vun de Latiner geschwat gouf, déi och der Regioun Latium mat Roum als Zentrum hiren Numm ginn hunn. Latäin gehéiert domadder zu den italesche Sproochen, déi zu den Centum-Sprooche gehéieren, déi hirersäits zur indogermanescher resp. indoeuropäescher Sproochfamill gezielt ginn. Dat Laténgescht stellt d'Grondlag fir all heiteg romanesch Sproochen duer. [Änneren] GrammatikKuckt den Artikel Laténgesch Grammatik. [Änneren] Bekannten Auteuren, di op Latäi geschriwwen hunn
[Änneren] Latäin an der Schoul zu LëtzebuergZu Lëtzebuerg huet een zum Schluss vun der Septième d'orientation, dem éischte Joer am Lycée classique, d'Méiglechkeet tëscht der klassecher Sektioun (Latäin) an der moderner Sektioun (Englesch) ze wielen. An deenen éischten dräi Joer Latäin gëtt Grammatik gemaach, mee och scho vill iwwersaat. Op 3ième kann ee, wann ee wëll, nach viru maache mam Latäin. An deenen dräi folgende Jore gëtt bal nëmmen nach iwwersat, a Grammatik sou gutt wéi keng méi gemaach. Währenddeems een am Engleschen éischter alldeeglech Situatiounen an di do derbäi passend Dialoger léiert, gëtt engem op der klassecher Sektioun d'Latäi mat Hëllef vun Texter iwwert d'Réimesch Geschicht bäibruecht. [Änneren] Virdeeler vum Latäin an eiser ZäitWann ee Latäi léiert, gëtt engem domat och automatesch am Franséiche gehollef, sou wéi an deenen aneren romanesche Sproochen. Dacks kann een och erausfanne wat e Wuert heescht, ouni Dictionnaire, mee mat Hëllef vun der Etymologie. [Änneren] Bicher zum Thema
[Änneren] Um Spaweck |
|||||||||||||||||||||||||||
| kreatyna kreatyna www.activebody.pl | Gry Online Gry Online www.pozycjonarka.in… | Plaza 3 star hotel Los Angeles www.triptake.com | krynica noclegi krynica noclegi,ośrodek, wypoczynk… gornik.com.pl | Kredyty odnawialne Kredyty odnawialne www.eskarbiec.pl |