GeschirkëschtAner Sproochen |
Kierch Lëtzebuerg-StadgronnD' Kierch Abtei Neimënster, offiziell Lëtzebuerg-Stadgronn oder Kierch St. Jean gehéiert zum Dekanat Lëtzebuerg-Osten an zu der Pastoralregioun Lëtzebuerg Secteur 1, steet am Stadgronn. [änneren] Geschicht1308 gouf d'Kierch "Sankt Johann auf den Steynen" vum Heinrich VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt a 1321 gouf si zur Parkierch. Am Krich tëscht dem franséiche Kinnek François Ier an dem Kaiser Karel V. gouf 1542 d'Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt. Nom Krich hunn d'Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut de Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d'Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean genotzt. Bis zu der franséischer Revolutioun hunn d'Benediktiner sech ëm d'Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d'Fransousen 1684 ass d'Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees opgebaut. D'Pläng si vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. [änneren] Déi Schwaarz MadonnaAn enger Säitennisch op der lénkser Säit vum Kiercheraum steet déi Schwaarz Muttergottes-Statu, och nach Noutmuttergottes genannt. Dës Statu aus dem 14. Joerhonnert staamt wuel vun der Parler-Kënschtlerfamill. Den Albert Hames (1910-1989) huet d'Statu restauréiert. D'Pilgeren bei d'Schwaarz Muttergottes dauert vum 1. Freideg an der Faaschtenzäit bis zum Freideg virum Karfreideg. |