GeschirkëschtAner Sproochen |
Keel
Déi renaturéiert Käler Baach am ale Laf beim Vitalhome
Gemeng Käl um Widdem
D'Gemeng Keel ass eng vun den 116 lëtzebuergesche Gemengen. [Änneren] Uertschaften an der Gemeng
[Änneren] GeographieD’Gemeng Keel ass am Süde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an engem Dall, dem Käldall, wat sech no Norde breet mécht an an den Uelzechtdall iwwergeet. Obwuel Rëmeleng (49°26'53") déi südlechst Uertschaft ass, läit de südlechste Punkt vum Lëtzebuerger Land an der Gemeng Keel, um Bann vun der Sektioun Téiteng, op der Grenzmaark FL-96 (49°26'51"). De Käldall ass flankéiert op zwou Säite mat Koppen a klenge « Bierger », et sinn Ausleefer vun de Vogesen. Op der ëstlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt fanne mer hei de Perchesbierg, den Hesselsbierg, den Hérenterbierg, d'Haard, den Duelebierg, de Kalebierg, de Gaalgebierg an als leschten an der Rei de Gehaansbierg. Op der westlecher Säit steet de Millebierg, den Tewesbierg, de Bromeschbierg, nach e Gaalgebierg bei Aedelen, de Brucherbierg an d'Weimeschkëppchen. Do stoung uewen op der Kopp, op 390 m, eng keltesch Siidlung mat Ofwierhiwwelen). Op an an deene Koppen ass Eisenäerz ausgegruewe ginn, vu Kelten, Réimer bis an d'lescht Joerhonnert an hunn dem Land säi Räichtum bruecht. [Änneren] Nopeschuertschaften
[Änneren] Geschicht[Änneren] Wou kënnt de Numm «Kayl» hier?Am allgemengen ass et schwiereg den Urspronk an d’Bedeitung vun engem Uertsnumm nozeweisen. Fir „Kayl“ (Käl) si sech awer d’Historiker eeneg, datt et keltesch, wann net esouguer virkeltesch Originnen huet. Als Grond gëtt d’Eesilbegkeet vum Numm ugefouert. (Ell, Ahn, Kayl asw.) Wëll een den Uertsnumm deiten, sou ass et onméiglech fir op déi eelste Formen zréckzegräifen, souwéi se duerch Dokumenter an aner schrëftlech Iwwerliwwerungen erhale sinn. Vun 1235 bis zum Ufank vum 18. Jorhonnert gëtt e ronn 200 Mol ernimmt. Keel gëtt fir d’éischt am Joer 1235 genannt, an deem Joer wou den Alexander vu Zolver dem Déifferdenger Fraestëft sengem vum Domhär vun St. Paulin (Tréier) ofgekafte Gidder zu „Keyle“ vermécht. Den Numm Käl verschwënnt net méi an der Geschicht a verschafft sech munchmol e gudde Klang. Hien ass zënter dem 13. Jorhonnert net wesentlech verännert ginn, obwuel iwwer 20 verschidde Versioune bekannt sinn: Keyle (1235), Keile (1247), Quelle (1278), Keil (1287), Kele (1293), Keele (1294), Kaill (1297), Kayle (1318), Kaelles (1323), Keyla (1331), Keille (1362), Kelle (1364), Keylle (1427), Kyle (1446), Keyl (1451), Kaylle (1485), Keylen (1505), Keil (1515), Keyll (1589), Kayll (1632), Kail (1739), Kayl (1737), Kehl (1737), Keehl (1759), 1485 erschéngt fir d’éischt den „a“ am „Eilaut“, da feelt mat der Zäit fält den „e“ um Enn ewech an taucht nëmmen nach sporadesch op. Meeschtens ass en „Ei“laut am Numm enthalen an net en „E“laut. Ganz rar fënnt een: Quelle, Kele, Keele, Kelle, Kehl an Keehl oder d’Form Kyle. Dës Feststellung huet verschidden Nummfuerscher op eng falsch Bunn gefouert. D’Uertschaft „Kayl“ ass net déi eenzeg mat esou engem Numm. Et gëtt e Kail (Cheledin 1121, Kayl 1638) bei Pommern un der Musel, een Ober- an Niederkail bei Manderscheid an der Äifel an e Kailbach um Chiemsee. Zwee weider Kailbach an Hessen, Keilhof an Ostpreußen, Keilbusch bei Meißen, Nongkäl am Loutrengen, Hermeskeil am Hondsréck asw. – Déi grouss Zuel gläicher oder ähnlecher Nimm: Kehl, Kehlen, Kelheim, Kelberg, Kellberg, Celle, Kehlbach, Kell, Kehlerwald, Kehlismoos, Kailen, Kailing, Kaylen, Kal, Kalbach, Kalborn, Calloo, Kill (Kyele 1499), Kyll, souwéi Gail, Geil, Gehl, Geilhausen, Gailborn a.s.w. sinn iwwer ganz Europa verbreet a léisst d’Verdacht opkommen, datt een allgemengt Grondwuert an deemno ee gläicht Vollek bei der Nummprägung derbäi gewiescht wier. Zugrond läit ee virkeltescht d.h. indogermanescht Wuert, wat „entspréngt“, „ervirquelle“ bedeit an an engem Sënn gläichbedeitend mat „fléissendem Waasser“ ass. Ët gouf spéider no der Spaltung vun der indogermanescher Sprooch, dat keltescht „gel“, dat germanescht kel, kal,keil,kil, dat nordescht „keleda“. Mir bemierken, datt déi Uertschafte mat esou engem Grondwuert un engem Waasserlaf oder direkt un enger Quell leien. De Familljennumm Kayl ass iwwregens och wäit verbreet. Et fënnt een dëse Familljennumm an allen Nopeschlänner. – Kayl op Lëtzebuerg (vun den Awunner) geschriwwen ass „Käl“, och eng Form wéi se net am Artikel virkënnt. De Käldall ass iwwregens schonn zënter 3000 Joer viru Christus bewunnt. [Änneren] Vu Grofen a RitterD’Grofschaft Lëtzebuerg bestoung aus Fräiheeten (Stied oder Dierfer) an Härschaften. De Grof war Besëtzer vu Land a Leit. Aus besonneschem Wuelwëllen huet de Grof verschiddene Stied an Dierfer Fräiheetsbréiwer ginn, wéi Esch, Lëtzebuerg, Käerjeng, Wolz, Veianen an aneren. D’Awunner vun dësen Uertschafte ware fräi Bierger, a konnte fräi iwwer sech an hire Besëtz bestëmmen. Déi aner Deeler vum Land waren agedeelt an Härschaften. Vasallen a Klengfürsten hunn trotz viller Rechter dem Landesfürst missen déngen. Dës Organisatioun ass ziemlech déiselwecht bliwwen, ob dat Lëtzebuerger Grofen 963-1443, Burgunder 1443-1482, Habsburger 1482.1555, Spuenier 1555-1684 an 1698-1714 , Fransousen 1684-1698, oder Éisträicher vun 1714-1795 Landhäre waren. Käl war Härschaftsgebitt. Am 13. Joerhonnert fanne mir zwou Härschaften, déi zu Käl zustänneg waren: d’Buerghäre vu Keel an déi vum Zolwerknapp. – Déi al Keeler awer ware „Leibeigene“, d.h.: Si ware mat Haus an Haff, Fra a Kand un den Här gebonnen. 1719 ass Keel aus der Herrschaft vun Zolwer ausgeklamert ginn a mat dem Titel Keel-Rëmeleng ass eng nei Herrschaft vereenegt ginn. Am 13. Jorhonnert war zu Keel een Herrschergeschlecht, dat net vill mat den Duerfbewunner ze dinn hat. Nëmme wéineg Vasallen hunn him gedéngt. Hirt Schlass war eng Waasserbuerg mat engem déiwe Gruef. D’Buerg stoung do, wou haut de Gäertnereibetrib zu Keel ass. D’Häregeschlecht ass géint 1400 ausgestuerwen an d’Buerg ass verfall. De Buergwope weist e schwaarze Gräif op engem gëllenen Ënnergrond. Déi bekannten Ënnerlagen iwwer déi Keeler Hären, stelle si am schéinste Liicht duer. Si heesche Ritter, ginn Seneschall, d.h. Gouverneur vun der Grofschaft Lëtzebuerg, Richter vum Adel, gi betraut mat Vertrauensmissiounen, verkéieren um Keeserhaff a si Bierg fir de Grof vu Lëtzebuerg, Arbiter a munnege Streidereien, Zeien bei villen Akten asw. Wou den Heinrich VI. 1282 an den Heinrich VII. 1290 de Fräiheetsbréif der Stad Lëtzebuerg beschwueren, waren Hären vu Käl derbäi a leeschteten den Zeieneed: „auf die hl. Reliquien und den Sakramentsaltar“. – Wouhier dës Famill staamt, ass net bekannt. De Prof. P. Medinger mengt si kéimen vu Beetebuerg, well déi zwee Wope sech gläichen. „Egide von Keille“ gëtt bei engem Schenkungsakt vum 22.03.1272 erwähnt. Hien ass Zeien a fügt bei säin Numm och säi Wope bäi. De „Simon I. von Kayl“ ass deen am meeschte bekannten . Hie gouf am Joer 1287 Gouverneur vu Lëtzebuerg. Säin Numm figuréiert a villen Urkunden. Fir d’lescht gëtt hien 1298 genannt, De „Simon II. von Kayl“ mécht mam Grof Karl IV. e Feldzuch an Italien, wou och schonn de Jang de Blannen hin war. Hei fënnt hie mat anere Ritter den Doud. Den 31.03.1331 stierft en un enger Vergëftung. De „Simon III. von Kayl“ a seng Frau Marguerite hunn dem Balduin, Äerzbëschof vun Tréier hir Lehnsgidder iwwerdroen. De „Thielmann von Kayl“ war de leschte vun de Ritter vu Keel. – No him ass d’Buerg lues a lues zesummegefall a Steng ware bëlleg Wuer fir d’Keeler Leit beim Bau vun hiren Haiser. Un d' Buerg erënnert haut nëmmen nach Bezeechnung vun der Plaz „an der Buerg“. Weider Detailer zum Mëttelalter fënnt een an der zweeter Oplo vum Buch „Kayl in der Geschichte“ vum Chamoine Jos Dupong †(Paschtouer vu Kel) [Änneren] Keel an der NeizäitKeel war laang Zäit e klengt Bauerenduerf, wéinst senger Lag matzen an enger no Norden ëmmer méi wäitleefeger Wisen- an Akerfläch och Sëtz vun der Gemeng mat demselwechten Numm, zu deeër ausser Keel selwer och nach Téiteng, Uewertéiteng a Rëmeleng gehéiert hunn. Biergop ass et eréischt mat der Entdeckung vun der Minette gaangen. Aus allen Deeler vum Land, besonnesch aus dem Éislek, mee och aus Däitschland, Polen an Italien, sinn Aarbechter an de Süde komm fir bei der Exploitatioun vum neie Räichtum vum Land ze hëllefen. Rëmeleng huet Keel 1868 a Punkto Awunnerzuel iwwerholl. Duerch Gesetz vum 21. Juni 1891, ass de 25. September 1891 aus der Sektioun Rëmeleng (Uewertéiteng abegraff) vun der Gemeng Keel déi eegestänneg Gemeng Rëmeleng ginn. [Änneren] De Wope vu KeelD'Gemeng Keel huet hire Wopen duerch een Arrêté grand-ducal vum 30. Mee 1975 kritt. (Mémorial B vu 1975, Säit 534). D'heraldesch Beschreiwung am Originaltext ass: D'Gemeng Keel krut de Wopen zwar schonn eng Kéier 1972 zougesprach, awer well do Gesetzer sech iwwerschnidden haten, an eent dat anert ausser Kraaft gesat hat, ass dat net als rechtskräfteg ugesi ginn, sou datt d'Prozedur 1975 nach eng Kéier gemaach gouf. [Änneren] BevëlkerungsentwécklungDéi folgend Awunnerzuelen bezéie sech just op d'Uertschaft Keel, ouni Téiteng.
D'Bevëlkerung an der Gemeng Keel Am Joer 1869, an deem d'Eisenindustrie gegrënnt an a Schwong koum, war Keel déi zweetgréisste Gemeng am Minett: Esch-Uelzecht 2869 Awunner, Keel 2864, Déifferdeng 2238, Diddeleng 1678 a Péiteng 1101 Awunner. Wéineg bekannt dierft och sinn, datt d'Gemeng Keel 1951 déi sechsgréisste Gemeng vum Land war. D'Gemengenawunnerzuel war deemols 5750 Séilen, wouvun 3250 Awunner an der Uertschaft Keel waren. [Änneren] GemengerotDe Gemengerot vu Keel setzt sech 2006 zesummen aus:
[Änneren] Kuckeswäertes
Stäilwand um Hesselsbierg zu Téiteng
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Keeler Sportler[Änneren] Interkommunal Syndikater[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Fir ze liesen
[Änneren] Fotoalbum vun der Uertschaft KeelBeetebuerg | Déifferdeng | Diddeleng | Esch-Uelzecht | Fréiseng | Keel | Leideleng | Monnerech | Péiteng | Reckeng op der Mess | Réiser | Rëmeleng | Schëffleng | Suessem |
||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||||