GeschirkëschtAner Sproochen
|
Irland (Land)Dësen Artikel befaasst sech mam Staat Irland. Fir aner Bedeitunge vum Numm Irland, kuckt w.e.g. den Artikel Irland.
D' Republik Irland läit am Atlantik, westlech vu Groussbritannien.
[Änneren] Geschicht[Änneren] GeographieIrland ass eng gréng Insel. Et ass eng Steeninsel an dofir wuessen do net vill Beem a Besch. Si hunn haaptsächlech Häcken an aner Planzen déi net vill Nährstoffer brauchen. Ob der Insel ginn et immes vill Séien, dee bekannsten ass de "Lough Neagh". De Floss "Shannon" ass dee gréisste Floss vun Irland - en entspréngt am Norden an e fléisst bis an de Süde vun Irland. [Änneren] PolitikAn Irland ginn et folgend politesch Parteien:
[Änneren] Administrativ Ënnerdeelungen
[Änneren] EconomieD'Économie an Irland ass kleng, modern an extrem oppen. D'iresch Économie ass an deene leschten 10 Joer mat zolitten 8 Prozent Joer an der Moyenne gewuess. 2003 ass de Wuesstem op 2,1% gefall. Den industrielle Secteur ass am Moment dee bedeitendsten, e stellt 46% vum BIP duer, stellt 80% vun den Exporter hier a stellt 28% vun de Leit an. Exporter sinn nach ëmmer den Haaptbestanddeel vun der irescher Économie. De BIP pro Awunner ass deen zweethéchsten an der EU, just no Lëtzebuerg. Iwwer déi leschte Joer huet déi iresch Regierung nei ekonomesch Ënnerstëtzungsprogrammer agefouert déi eng déif Inflatioun, e manner grousse Staatsbudget a méi auslännesch Investitioune mat sech bruecht hunn. Irland war 1999 ee vun de Matgrënner vum Euro. [Änneren] Demographie[Änneren] Kultur[Änneren] ReliounD'Réimesch-Kathoulesch Kierch ass mat 91,6% vertrueden, d'Church of Ireland mat 2,5%, aner Glawensrichtunge kommen op 5,9% (1998). [Änneren] Um SpaweckMemberstate vun der EU
Belsch - Bulgarien - Däitschland - Éisträich - Dänemark - Estland - Finnland - Frankräich - Griicheland - Groussbritannien - Irland - Italien - Lettland - Litauen - Lëtzebuerg - Malta - Holland - Polen - Portugal - Rumänien - Schweden - Slowakei - Slowenien - Spuenien - Tschechesch Republik - Ungarn - Zypern
|
||||||||||||||||||||||||||||||||||||