Paul Matthieu Hermann Laurent

De Matthieu Paul Hermann Laurent, * 2. September 1841 zu Iechternach, † 19. Februar 1908 zu Paräis) war e franséischen Mathematiker.

[änneren] Säi Liewen

Seng Elteren waren den Auguste Laurent an d'Anne-Françoise Schrobilgen. Gebuer gouf den Hermann zwar zu Iechternach, ass awer zu Bordeaux opgewuess, wou säi Papp, e bekannte Chemiker, op der Universitéit dozéiert huet. No sengem Doud, 1853, huet hien op der École Polytechnique zu Paräis an op der École d'Application zu Metz studéiert. Du war hien an der Arméi, déi hien 1865 als Offizier verlooss huet. Vun 1862 un huet den Hermann Laurent mathematesch Arbeschten verfaasst; déi éischt gouf 1865 publizéiert. 1866 ass hien no senger Dokteraarbescht an der Polytechnique ugestallt ginn, eng Plaz, déi hien iewer 1870-1871 opginn huet, well hien am Däitsch-Franzéische Krich rëm an der Arméi aktiv gouf.

No 1871 huet den Hermann Laurent och als Versécherungsmathematiker geschafft. 1889 gouf hien Professer an der Paräiser École Agronomique. 1905 krouch hien d'Légion d'honneur. Den Hermann Laurent ass den 19. Februar 1908 zu Paräis gestuerwen.

[änneren] Mathematesch Aarbechten

Dem Hermann Laurent säin éischt Wierk vun 1862 huet geheescht: Traité des séries ,1865 huet hien säin Traité des résidus publizéiert. Hien huet am ganzen 30 Bicher a vill méi kleng Publicatiounen verfaasst an huet sech och mat der Geometrie an der Statistik beschäftegt.

[änneren] Um Spaweck

Biographie vum Hermann Laurent


system wymiany linków SEO Tools SEO Tools system wymiany linków tanie kredyty gotówkowe kreatyna Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Sejm Tyk