GeschirkëschtAner Sproochen
|
Hera
[Änneren] KultSi hat eng Rëtsch vu Kultstätten, an ass virun allem zu Argos (dohier och de Bäinumm Argeia) an Olympia veréiert ginn. D'Hera gëllt als Schutzgëttin vum Bestiedniss a vun der Gebuert, awer och vum Liewensoflaf vun der Fra am allgemengen. Si huet den Éierenumm "Teleia" (d.h. d'Gëttin déi d'Erfëllung bréngt). Dernieft weist de Mythos awer och aner Facette vun der Hera. Als Fra vum Zeus huet si missten ënnert senge sëlleche Säitespréng leiden an hir Roserei a Jalousie hunn dacks grotesk Zich ugeholl déi och e beléiften Thema an der griichescher Gëtterburlesk haten. Och soss konnt si an hirem Haass onerbiddlech sinn. Sou z.B. am Trojanesche Krich wou si (wéinst dem Uerteel vum Paris fir d'Griiche Partei ergraff huet. [Änneren] Entspriechungen
|