|
|
Haaptsäit/WDS-Spënnchen
Dat hei ass d'Reserv vun Teaseren fir an d'Wosst Dir schonns...-Rubrik.
Am Moment lafen déi aus dem Archiv am Wochenturnus.
Et ass awer geduecht, am Ganzen 52 x 3 = 156 deeër Verweiser ze kréien, déi dann am Joresturnus kënnen agesat ginn.
Jiddereen ass dofir häerzlech invitéiert, ze hëllefen, der nach Neier hei ënnendrënner dobäizesetzen. D'Archiv gëtt eng Iddi, wat et schonns gëtt, a wéi déi Verweiser sollen ausgesinn. Thematesch soll de Spektrum natierlech sou breedgefächert wéi nëmme méiglech sinn, fir sou intressant oder ongewéinlech Themen an Artikelen fir eng Woch an d'Vitrinn ze stellen.
Et feelen der nach eng 30 Stéck. Avis aux amateurs...
Wosst Dir schonns datt…
- ... den Thomas Chippendale (1718-1779) en englesche Konscht- a Miwwelschräiner war, no dem den Chippendale -Stil benannt ass?
- ... deen éischt lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
- ... de lëtzebuergeschen Auteur Norbert Jacques d'Figur vum Doktor Mabuse erfonnt huet?
- ... de lëtzebuergesche Schauspiller André Jung zweemol vun der Fachzäitschrëft Theater heute zum "Schauspieler des Jahres" ernannt gouf?
- ... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
[Änneren] (nach zevill rout fir gebraucht ze ginn)
- ... dem Henry Miller säi Roman Quiet Days in Clichy ënner anerem och zu Lëtzebuerg spillt?
- ...d'Charelisbréck zu Dummeldeng déi éischt Bréck an Europa war, déi mat Greyträgere gebaut war?
- ... den 18. Mee 1975 ronn 12.000 jonk Leit zu Lëtzebuerg op ee Coup volljäreg goufen, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf?
|