Geschirkëscht |
Fondue
Bild:Fondue set.jpg
E Set fir Fondue bourguignonne/vigneronne oder séiss Fonduen
Bei der Fondue ginn et verschidde Formen.
[Änneren] KéisfondueDéi Schwäizer Kéisfondue besteet aus geschmolzenem Kéis. De Kéis gëtt an engem sougenannte Caquelon, engem Dëppen aus Toun oder Goss geschmolt, woubäi de Caquelon mat Knuewelek ageriwwe gouf ier de Kéis dra kënnt. Et gëtt verschidde Rezepter. Mee ëmmer gëtt de Kéis mat enger Forschette op där e Stéck Brout opgespiisst gëtt an d'Fondue gezappt an erausgefëscht. E gudde Rot: Déi Geschicht vum Kirsch bei der Kéisfondue as kee Mäerchen. Dat hëlleft wierklech besser ze verdauen. Soss huet een herno eppes wéi e Steen am Mo leien. [Änneren] Fondue BourguignonneBei der Fondue Bourguignonne gi Stécker Fleesch (dacks Rëndfleesch, mee d'kann een och aner Zorten huelen) mat der Fonduesforschett a gliddegt Fett zezappt a brode gelooss. Heibäi gi verschidden Zose fir bei d'Fleesch zervéiert, souwéi och verschidden Zaloten. [Änneren] Fondue Vigneronne / Fondue BacchusD'Fondue Vigneronne an d'Fondue Bacchus gi mat waarmem Wäi gemaach oder mat enger Mëschung aus Wäin a Britt. D'Fondue Vigneronne gëtt haaptsächlech mat roudem Wäi gemaach (eng Mëschung vu wäissem a rouden ass och méiglech), d'Fondue Bacchus mat wäissem oder Rosé. Dozou kënnt da nach Geméis (Ënn, Lorbier, Neelcheskäpp, Muert, Porrett an Zellerie). Wéi bei der Fondue bourguignonne kann een ausser Rëndfleesch och nach anert Fleesch huelen. [Änneren] Fondue Chinoise[Änneren] Séiss Fondueen |