GeschirkëschtAner Sproochen
|
Fair use
Als Fair Use (Gerecht Benotzung) bezeechent een eng Rechtsdoktrin am angloamerikanesche Copyright-System, déi eng bestëmmten net autoriséiert Benotzung vu geschütztem Material erlaabt, soulaang et der ëffentlecher Bildung an der Ureegung vu geeschteger Produktioun dingt; si erfëllt eng vergläichbar Funktioun wéi d'Schrankebestëmmunge vum kontinentaleuropäesche Copyright. Am US-amerikanesche Rechtsraum erlaabt Fair Use zum Beispill eng Parodie op e geschütztend Wierk, mee keng Satire. Eng Parodie als sollech muss mam Original verknäppt sinn, soss fält et ënnert eng "net erlaabte Satir". Verschidden US-amerikanesch Rechtsexperten (z. B. den Tom W. Bell) gesinn an der Fair-Use-Doktrin nëmmen e Mechanismus, fir e Versoe vum Maart ze reparéieren. Anerer (z.B. d' Julie Cohen) gesinn doranner e positivt Recht, wat souguer dann a Kraaft trëtt, wann den Inhaber vun den Droits d'auteurs säi Wierk duerch en technescht Rechterkontrollsystem schützt. |