FIFA-Weltranglëscht

Déi sougenannten FIFA/Coca Cola Weltranglëscht ass déi offiziell Weltranglëscht am Foussball a gët vum Weltverband FIFA gefouert. Si gouf am August 1993 fir d’éischte Kéier verëffentlecht an erméiglecht et, a regelméissegen Ofstänn vun den international aktiven Nationalequippen ze bestëmmen an ze vergläichen.

Am Ranking ginn nëmme Mätcher aus de leschten aacht Joer berécksiichtegt, fir e besseren Iwwerbléck iwwert déi aktuell Stäerkt ze garantéieren. D’Ranglëscht gëtt eemol de Mount aktualiséiert. Gewäert ginn déi beschte siwe Mätcher vun der Hären-A-Nationalequipe am Laf vun engem Joer. D’Ranglëscht gläicht dem Elo-System aus dem Schach.

[Änneren] Aktuell Ranglëscht vun de Männer

An der aktueller Ranglëscht steet Brasilien un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi kommen Italien an Argentinien.

Lëtzebuerg war am Oktober 1995 op der 98. Plaz, déi beschte Positioun, op där se jee waren. Si ass zurzäit op der 150. Plaz mat 132 Punkten.

Plaz Land Punkten
1. Argentinien Argentinien 1533
2. Brasilien Brasilien 1459
3. Italien Italien 1387
4. Frankräich Frankräich 1271
5. Däitschland Däitschland 1245
6. Spuenien Spuenien 1226
7. Holland Holland 1207
8. Portugal Portugal 1203
9. Tschech Republik Tschechesch Republik 1174
10. Kroatien Kroatien 1155
...
54. Belsch Belsch 577
...
150. Lëtzebuerg Lëtzebuerg 132
...
200. 9 Länner mat 0

(Stand: Oktober 2007)

[Änneren] Aktuell Ranglëscht vun de Fraen

Hei gëlt eng aner Punkteberechnung; dës Lëscht gët nëmmen emol pro Quartal aktualiséiert.

Lëtzebuerg ass hei op der 71. Plaz mat 1350 Punkten.

Plaz Land Punkten
1. Däitschland Däitschland 2201
2. USA USA 2192
3. Brasilien Brasilien 2082
4. Schweden Schweden 2070
5. Norwegen Norwegen 2035
6. Nordkorea Nordkorea 2029
7. Frankräich Frankräich 1993
8. Dänemark Dänemark 1973
9. Japan Japan 1964
10. Japan Kanada 1962
...
33. Belsch Belsch 1605
...
71. Lëtzebuerg Lëtzebuerg 1.350
...
142 Komoren Komoren 534

Stand: Oktober 2007

[Änneren] Um Spaweck


SEO Tools system wymiany linków wymiana linkami SEO Tools tanie kredyty gotówkowe kreatyna Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Sejm Tyk