Evolutioun

Evolutioun (aus dem Laténgeschen evolvere - ofwéckelen) bezeechent allgemeng e Prozess dee kontinuéierlech d'Propriétéiten vun engem System verännert. Evolutioun bezeechent e Prozess deen duerch d'Kräfte vun der Natur gesteiert gëtt, deen also net op e viergezeechent Zil ausgeriicht ass.

Well et vill verschidde Systemer a Prozesser gëtt, gëtt d'Wuert Evolutioun a verschiddene Gebidder agesaat. Sou kann een ënnerscheeden:

Ënner biologescher Evolutioun versteet een déi Verännerungen (Prozesser) déi vun der onbeliefter Matière zu den éischte Liewensformen a vun do aus zu der Vielfalt vun de Liewewiesen vun haut gefouert hunn.
Kuckt och Kulturgeschicht a Soziale Wandel.

Kuckt och: Wëssenschaftlech Theorie.

[Änneren] Originne vum Begrëff Evolutioun

De Begrëff evoluéieren bezeechent ursprénglech (1622) d’Oprulle vun engem Buch. 1832 gouf d’Wuert fir d’éischt vum schottesche Geolog Charles Lyell (1797-1875) am moderne wëssenschaftleche Sënn vum Wuert gebraucht.

Den Charles Darwin, de Grënner vun der moderner Evolutiounstheorie, huet d’Wuert nëmmen eemol gebraucht, an zwar am leschten Abschnitt vu sengem Buch vun 1859 (On the Origin of Species). Dëst wahrscheinlech well d’Wuert am 18. Joerhonnert an der sougenannter Homunculus-Theorie vun der embryologescher Entwécklung am Gebrauch war, an do mat der Iddi vun engem op en Zil geriichte Prozess verbonne war, wat dem Darwin senger Iddi vun der biologescher Evolutioun net entsprach huet.

De britesche Philosoph Herbert Spencer (1820-1903) a Biologen, hunn an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert d’Wuert am Sënn vun der biologescher Evolutioun populariséiert.

Quell: Online Etymology Dictionary.

[Änneren] Literatur

  • Ernst Mayr, Das ist Evolution C. Bertelsmann, ISBN 3-570-12013-9
  • Klaus Dose, Chemische Evolution und der Ursprung lebender System in Biophysik (Heraugeber: W.Hoppe, W.Lohmann, H.Markl, H.Ziegler), Springer-Verlag, ISBN 35401133552
  • Werner Ebeling, Physik der Evolutionsprozesse, Akademie-Verlag, Berlin, ISBN 3055006224
  • Hoimar von Ditfurth, Im Anfang war der Wasserstoff, Knaur, ISBN 342603395X
  • Hoimar von Ditfurth, Der Geist fiel nicht vom Himmel, Hoffmann und Campe, ISBN 3455089674

[Änneren] Links


wymiana linkami wymiana linkami system wymiany linków SEO Tools tanie kredyty gotówkowe kreatyna Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Sejm Tyk