Geschirkëscht |
Europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun
[Änneren] Sënn an ZweckD'Europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun ass d'Associatioun vun de Memberlänner vun der EU, déi sech zesummegedoen hunn, fir hir Wirtschafts- a Finanzpolitik zee koordinéieren, d'Fluktuatioune vun de Wiesselcouren anzeschränken, respektiv anzefréieren, an doduerch d'Virausetzunge fir d'Aféierung vun enger gemeinsamer Währung, dëm Euro, z'erméiglechen. Si geet also méi wäit wéi eng reng Wirtschaftsunioun. [Änneren] VirgeschichtDen Ausgankspunkt war de Werner-Plang,(1970) deen nom lëtzebuergeschen deemolege Staats- a Finanzminister Pierre Werner genannt war. Hie konnt zwar wéinst dem Zesummebroch vun de Währungen net direkt réaliséiert ginn. Mä eng Zuel Membere vun der EU koumen zur Usicht, datt eppes misst geschéien, fir déi erratesch Schwankunge vun de Wiesselscouren anzeschränken. No der Faillite vun dem Weltwährungsofkomme vu Bretton Woods,(1971), ass dunn 1972 en éischte Versuch gemaach gi fir en Europäesche Verband vun de Wiesselcouren erbäi ze féieren. Säin Zil war et, d'Währungsschwankungen tëschent den deemolegen EWG-Länner, méi staark anzeschränken. Well dës Margë sech sollte bannent méi grousse Margë beweegen ass vun enger Schlaang, dem Serpent monétaire, geschwat ginn. Duerno koum 1979 den nächste Schrëtt, d'Créatioun vum Europäesche Währungssystem,(EWS). [Änneren] Eng Réalisatioun an EtappenNo dem Acte Unique, (1985), an opgrond vum Maastrichter Vertrag (1991), ass d'Europäesch Wirtschafts- an Währungsunioun an dräi Etappë réaliséiert ginn:
De Wee war schlussendlech fräi fir den Euro op den 1. Januar 2002 als Boergeld, a Form vu Biljeeën a Mënzen ze materialiséieren. [Änneren] Literatur zum Thema
|