|
|
C++
 |
Dësen Informatiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
C++ ass eng Programméiersprooch fir allgemeng Uwendungen a stellt Sproochmëttel fir abstrakt Datentype wéi och modular, generesch, objektorientéiert a strukturéiert Programméirung zur Dispositioun. C++ baséiert op der Programméiersprooch C wéi an ISO/IEC 9899:1990 beschriwwen.
Zousätzlech zu de Méiglechkeete vun C bitt C++ weider Datentypen, Klasse mat Verierwung a virtuelle Funktiounen, Ausnamebehandlung, Templaten (Schablounen), Nimmraim, Inline-Funktiounen, Iwwerluede vun Operatoren a Funktiounsnimm, Referenzen, Operatore fir d'Fräispäicherverwaltung a mat der C++-Standardbibliothéik eng erweidert Bibliothéik.
- Stroustrup, Bjarne: Die C++ Programmiersprache, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1660-X, dat Standardwierk iwwert C++, Grondkenntnisser zu C si vu Virdeel
- Andrew Koenig, Barbara E. Moo: Intensivkurs C++, Pearson Studium, ISBN 3-8273-7029-9, gutt Buch fir Ufängerbuch, e gewëssent Grondverständnis vu Programméirung ass vu Virdeel
- Meyers, Scott: Effektiv C++ programmieren - 50 Wege zur Verbesserung ihrer Programme und Entwürfe, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1305-8, fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
- Meyers, Scott: Mehr Effektiv C++ programmieren - 35 neue Wege zur Verbesserung ihrer Programme und Entwürfe, Addison-Wesley, ISBN 3-8273-1275-2, fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
- Sutter, Herb: Exceptional C++, ISBN 3-8273-1711-8 (däitsch), fir C++-Kenntnisser nach ze verdéiwen
- Alexandrescu, Andrei: Modernes C++ Design - Generische Programmierung und Entwurfsmuster angewendet, mitp, ISBN 3-8266-1347-3, dat Standardwierk fir C++-Metaprogramméirung, setzt en déift Verständnis vun C++ viraus
[Änneren] Spawecklinks
|