Geschirkëscht |
Boreas (Mythologie)De Boreas (gr. μπόρα, dee Nërdlechen) war an der griichescher Mythologie de Jong vum Astraios a vum Eos an as zesumme mat senge Bridder Euros ("Südostwand"), Notos ("Südwand") an Zephyros ("Westwand") veréiert ginn.
[Änneren] Originn an DuerstellungDe Boreas ass d'Personifikatioun vum raue Nordwand dee Keelt a Stierm mat sech bruecht huet. Hien ass meeschtens als ale Mann mat Flilléken, laangen Hoer a Baart duergestallt gin. Der So no ass en aus dem Skytheland (vum ukrainesche Floss Borysthenes) komm, vun deem och säi Numm ofgeleet ass. [Änneren] MythosAm Mythos huet de Boreas déi mythesch, athenesch Kinneksduechter Oreithyia op Thrakien entfouert an si zu senger Fra gemaach, mat däer en zwee Jongen, den Zetes a Kalaïs, déi sougenannte 'Boreaden, an zwee Meedecher kritt huet, dorënner och d'Chione, déi spéider d'Fra vum Phineus ginn ass, an däer hier Kanner vum Phineus senger zweeter Fra geblend gi sinn. De Boreas huet doropshinn d'Harpyie geschéckt fir dem Phineus säi Land ze verwüsten. Wéi Athen vum persesche Kinnek Xerxes ugegraff ginn ass, huet d'Vollek de Boreas ugebiet hinnen ze hëllefen, a hien huet e staarke Wand geschéckt, an deem honnerte vu persesche Schëffer an der Séischluecht bei Salamis (480 v.Chr.) ënnergaang sinn. Doduerch huet de Boreas och de Status vum Schutzpatroun vun Athen kritt an ass an engem eegenen Tempel zu Athen veréiert ginn. Ausserdeem soll de Boreas a Gestalt vun engem Päerd Papp iwwert zwielef Fille gi sinn, vun deene gesot ginn ass si kéinten iwwert e Feld lafen ouni en Hallem ze knécken.
[Änneren] Verschiddenes
[Änneren] Entspriechungen
|