|
|
Benotzer Diskussioun:RomainbWëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch! Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de der als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss. Rotschléi fir déi richteg Schreifweis sinn hei ze fannen! Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn. Fir deng Messagen z'ënnerschreiwen, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum derbäistoen. Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht. --Robby 22:11, 23. Jun. 2008 (UTC) Gudde Moien, Bei de Kategorien orientéiere mer ons am allgemengen, an esou gutt wéi méiglech och no de Wikipediaen an anere Sproochen. A bei deene steet d'Zauberkonscht och net an der Kategorie Konscht. Well déi Kategorien ënnerenee verlinkt sinn, solle se sou vill wéi méiglech paralell gehale ginn, an d'Eropleedungen dervunner och. D'Kategorie Konscht ass eng grouss Iwwerkategorie déi soll iwwer de Variété an den Theater errecht ginn ongeféier esou:
a.s.w. Sou datt se schliisslech iergendwéi spéider an der Iwwerkategorie Konscht lant. Du kanns der dat jo och emol an aner Wikien ukucken. Les Meloures 15:15, 22. Jun. 2008 (UTC) Hallo, also ech hun mer dat ugekuckt Op der daitscher Seit ass et
Op den englechen Seiten:
Ech denken, das dei Anuerdnung mei logech ass ewei ennert der Kategorie "Variété" Wien décideiert iwert dei Andeelung, oder kann dorun eppes enneren? Romainb
Salut Robby Jo denken ech och: Eng Kategorie "Variété" mat just enger Ennerkategorie "Zauberkonscht" brëngt net vill. Besonnesch well de Begreff "Zauberkonscht" haut nach kaum mat "Variété" verbonnen get.Romainb 22:48, 23. Jun. 2008 (UTC) Gudden Owend, Wann ech Do kucke wat sech nach alles vu Kategorie gewënscht gëtt, da weess ech net wou ech soll ufänken. Do sinn der doutsecher en etlech berechtegt an anerer net. Ech hoffen datt net bei all Cat déi an Zukunft gemaach, gëtt all Kéiers en Talk vun 2 Säite kënnt. Wat ganz genee wouhinner gehéiert fënnt een dacks eréischt méi spéit eraus, mee dofir muss een op anere Wikien och heiansdo dem ganze Kategoriebam nolafen. Mer hunn der doudsécher nach méi wéi 2 Dosen déi net korrekt sinn. A virun engem Joer waren et der nach vill méi. De Robby ka sech bestëmmt nach erënneren, wat dat eng Zäit ee Getriwwels war, fir alles emol eenegermoossen op d'Schinn ze kréien. Déi heite wäerte mer och nach richteg ënnerdag kréien. De Problem ass wéi bei sou ville Saachen op der lb:Wiki: Villes gëtt ugepaakt, net villes fäerdeg gemaach, an ëm definitif Strukturen, zerbrieche sech der net vill de Kapp. Een zweete Problem ass datt mer am Lëtzebuergeschen mat den Definitiounen an techneschen Ausdréck ganz schappeg dru sinn. Bei de Fransousen hu se den Art du spectacle, déi däitsch hu Kleinkunst. Elauter Ausdréck fir déi mir am lëtzebuergeschen am Fong kee spezifeschen Equivalent hunn. Fir iwwer eng Minicat ze diskutéieren ass jo ganz flott, mais fir sech Gedanken ëm dat Ganzt ze maachen, a viraus ze wëssen, datt dat dat eng Heedenaarbecht ass, ass manner schéin. Deen dote Béischt kréie mer och nach vun de Gleiser géreckelt, an da kann den Zuch erëm fueren.
Et sief mer nach vläicht erlabt op d'Definitioun vum Artikel hinzeweisen an där dëst steet: Zauberkonscht gëtt hautesdaags eng Form vu Varieté-Spektakel genannt, bei där den Artist dem Publikum scheinbar onméiglech Konschtstécker a Fäegkeete virféiert. Ech hunn d'Kategorie Zauberkonscht aus der Kategorie Varieté emol eraus geholl. Mee misst ee sech dann net och de Kapp iwwer d'Definitioun zerbriechen? Op déi hat ech mech nämlech baséiert. Merci vir déi schnell Reaktioun an déi sympatesch Hëllef déi der mer hei gid. Ech probéieren eng méi passend Definitioun ze fannen.Romainb 19:39, 25. Jun. 2008 (UTC) Gudden Owend. De Kalanag misst (sou ganz sécher sinn ech net) en Däitsche gewiescht sinn. Déi däitschsproocheg Wikipedia huet en Artikel iwwer de Mann. --Cornischong 21:23, 25. Jun. 2008 (UTC) Hallo, Jo, du misst Recht hun... Ech bezéinen meng Informatiounen zum Deel aus dem Buch "Die Entertainer der Nationallotterie" vum Roger Spautz. Do steet dat esou dran. Muss ech dat Buch och als Quell uginn, obschon ech jo net einfach oofgeschriwen hunn ? Du hues och Fangerfärdegkeet durch "flenk Fangeren" ersaat, dat klënkt mer awer e bessen zevill no schnell an nët no gschëckt.Romainb 21:47, 25. Jun. 2008 (UTC) Resalut. Tjo, wéi s de gesäiss, ass dat am Lëtzebuergeschen e quokelegt Thema. Do ass ee séier un de Grenzen ukomm. Mä, lo hu mer de Weenchen um Rullen. Dat mat de flénke Fangere deefen ech ëm. --Cornischong 21:52, 25. Jun. 2008 (UTC) Merci fir all déi Verbesserungen déi der all hei macht. Ech huelen un, dass et keen Spellchecker get..... ech probéieren mech ze besseren .:-) Romainb 21:58, 25. Jun. 2008 (UTC) Et gëtt e Spellchecker, an zwar dee vum Projet Cortina. --Otets ♣ 12:07, 26. Jun. 2008 (UTC)
Et wier net schlecht wanns de déi Linken op déi aner Wikien aus dem Artikel Magica Club géifs erausloossen. Dat ass net de Gebrauch op der lb:Wiki, a bei de Wikien an anere Sprooche, gëtt esou eppes ganz seele gebraucht. Ech hunn et bis elo héchstens zweemol op enger aner Wiki begéint. Entweder mer maachen en Artikel op Lëtzebuergesch an da soll den Numm op de lëtzebuergesche Lemma verlinkt ginn, oder e soll einfach schwaarz do stoen. D'Leit kommen net op d'lb:Wiki kucken, fir op eng auslännesch weidergeleet ze ginn. Les Meloures 19:17, 7. Jul. 2008 (UTC) Ok, ech änneren et |