|
|
Benotzer Diskussioun:PlayMistyForMe[Änneren] Planzen an DéierenGudde Moien, Et freet mech, dass endlech sech endlech nach ee Mataarbechter fonnt huet deen Artikele iwwert Déieren a Planze schreift. Ech wollt dozou och nach just Bescheed soen, dass mir virun e puer Wochen eng nei Schabloun fir Déieren a Planzen gemacht hunn. Si sollt dat Ganzt vereinfachen, well déi al Schabloun e besse komplizéiert war. Déi nei fonktionnéiert och an der if-Versioun. Du fënns si ënnert Schabloun:Déieren a Schabloun:Planzen. Leider ass se nach net an all den Artikelen ersat ginn. Ech hunn eréischt viru kuerzem domadder ugefangen. Et wier gudd wanns du déi kéins an Zukunft och fir deng Artikelen kéins benotzen. Merci --Alexandra 09:59, 5. Mee 2008 (UTC)
[Änneren] Strooss vum FriddenMoien, Wier et méiglech fir e Bléck op d'Säit Diskussioun:Strooss vum Fridden ze werfen an och eventuell eng Äntwert op d'Fro ze ginn déi di gestallt gouf?--Fliedermaus 15:07, 27. Mee 2008 (UTC) Ech hunn zu deem Thema do eng Lizenzfro. --Otets ♣ 19:47, 29. Mee 2008 (UTC) Wann s du déi Fotoen net selwer gemaach hues mee se just aus engem PDF erausgeschnidden huest, da schreif dech net als Auteur dohin. --Otets ♣ 20:06, 29. Mee 2008 (UTC)
""Mat enger Fair use Lizenz ginn d'Biller net onbedingt erausgehäit wann s de den Auteur net kenns. Dat wichtegst ass dann d'Source.": Watfir Kaffissaz-Interpretatiounssakspréngereie sinn dat dann? Wat heescht "net onbedéngt? Wat heescht 2wann s de den Auteur net kenns? Wat d'"Source"? A wat soll "Dat wichtegst ass dann d'Source." heeschen? Looss mer mol soen: "Eigentlech" huet eng "Fair use" Lizenz hei net vill verluer, fir et emol ganz duuss auszedrécken. An: All Foto huet en Auteur; dat ass deen, deen op de Knäppche gedréckt huet. Wann een dat sollt anescht gesinn, da kann e mech gär opklären. Ech wollt mech bis elo mol aus deem Déngen eraushalen, awer hëlt dee "Spuk" mat Biller, déi, wéi et schéngt, kee Mënsch gemaach huet, an déi autoriséiert goufen, bei deenen nach kee Mënsch eng Autorisatioun gesinn huet, net e bësse vill Moschläimhaut ewech? --Cornischong Well dat jo anscheinend eng grouss Diskussioun soll ginn, hunn ech se op de Stamminet eriwwergesat fir datt jiddereen drun deelhuele kann an de PlayMistyForMe net seng Säit dofir muss hierginn. Just gutt datt et kee Päinetsch ass, well dee soll ee jo net frësch opwiermen. --Otets ♣ 21:51, 29. Mee 2008 (UTC)
[Änneren] Nach BillerlizenzenDu hues d'Loftbild vun der Cité judiciaire ënnert zwou Lizenze gesat, CC-by-nc-nd (ouni Angab wéi eng Versioun) an CC-by-sa/3.0/lu. Déi zwou Lizenze sinn awer net matenee kompatibel. Ënnert wéi eng huet den Auteur der et dann erlaabt säi Bild ze setzen? Wann et wierklech CC-by-nc-nd sollt sinn, da kënne mer d'Loftbild net op der Wiki gebrauchen, well "Bild:Cite judiciaire Vue aerienne Said Merzougui.jpg" verännert automatesch d'Resolutioun vum Bild an dat ass net erlaabt. Du misst dee Moment also nach eng Kéier un den Auteur eruntrieden an e froen op en der och eng Autorisatioun gëtt fir eng méi eng kleng Resolutioun vum Bild (an da fro en an engems wéi eng Versioun vun CC-by-nc-nd e gär hätt). Wann den Auteur awer mat CC-by-sa/3.0/lu d'accord war, dann huel einfach d'CC-by-nc-nd vun der Bildbeschreiwungssäit ewech an dann ass et gutt. --Otets ♣ 16:51, 6. Jun. 2008 (UTC)
Wat d'Fotomontage vun der Cité judiciaire ugeet:
Voilà pour ma part, j’espère vous avoir été utile dans votre démarche. Merci encore pour votre contribution à la diffusion du savoir-faire des entreprises luxembourgeoises. Hien huet déi Lizenz selwer rausgesicht. Et ass nët einfach fir gudd Illustratiounen wéi esou e Fotomontage oder e Plang ze kréien. Et gëtt wahrscheinlech méi einfach a méi bëlleg wann ech mir eng Stonn Helikopter leeschten a selwer d'Foto ouni Montage maachen an dropsetzen ;-) Wéi kéint een elo virgoen? Propose:
Lescht Fro: Ass e Problem mat mengem eegene Bild vun der Statu vum Niki de Saint Phalle?
@PlayMistyForMe: Dat "Loftbild" vun der Cité judiciaire ass formidabel an ech hunn däin Text hei driwwer genee gelies. Ech hunn allerdéngs och dës Sätz gelies "Du misst dee Moment also nach eng Kéier un den Auteur eruntrieden an e froen op en der och eng Autorisatioun gëtt fir eng méi eng kleng Resolutioun vum Bild (an da fro en an engems wéi eng Versioun vun CC-by-nc-nd e gär hätt). Wann den Auteur awer mat CC-by-sa/3.0/lu d'accord war, dann huel einfach d'CC-by-nc-nd vun der Bildbeschreiwungssäit ewech an dann ass et gutt." De Konflikt tëscht deenen, déi hei fir Biller "suergen" an de "Sesselfurzer" gëtt, wéi et schéngt, all Dag méi schlëmm. An dobäi wonnert et mech, datt deng Foto vun der Nana nach net geplëmmt gouf. Deng Iddi fir en Helikopter ass ganz léif, mee ech fäerten, do spillen nees nei Lizenzfummelereien dran. Gesinn ech den Dag kommen, wann déi, déi Biller an d'Wiki gesat hunn op der Plëss verbrannt ginn, oder hat ech dat just gedreemt? --Cornischong 08:58, 7. Jun. 2008 (UTC) Dat mam "Koprolalie-fräie Mount" war wuel bei verschiddene Benotzer en Echec. Vu datt dee Mon vun deer Firma déi Lizenz selwer erausgesicht huet, gëtt et keng einfach Léisung, do ass wuel am Ament nach dat bescht mer huelen d'Optioun "waarden op Zousou vun de Parteien a freeën eis an där Zäit fir d'Illustratiounen am Artikel ze gesinn". Bei der Statu vum Niki de Saint Phalle hätt een, wann ee virdru gewiescht wier (an d'Schabloun dee Moment scho bestanen hätt), am Beschte gehat fir d'Schabloun {{Bild-Konscht-Architektur}} ze benotzen. --Otets ♣ 05:27, 8. Jun. 2008 (UTC)
Salut, Kuck emol w.e.g. um Staminet do ass eng Äntwert fir deng Fro zu de Referenzen, wéinst dem small Les Meloures 20:37, 7. Jun. 2008 (UTC) |
||||||||||||||||