|
|
Benotzer Diskussioun:LazyboneWëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch! Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de der als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss. Rotschléi fir déi richteg Schreifweis sinn hei ze fannen! Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn. Fir deng Messagen z'ënnerschreiwen, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum derbäistoen. Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.
[Änneren] Artikelen aus aneren WikienEch äntweren der alt, well d'Briséis elo net virum Apparillo sëtzt. Du däerfs ouni Problem Artikelen oder Deeler dervun oder Biller oder Fotoen aus aneren Wikipediaen iwwersetzen an hei erasetzen. Kee Problem. Kuck villäicht awer ob et deen nach net hei gëtt. ok? --Cornischong 13:17, 17 Oct 2004 (UTC)
[Änneren] eischten Artikelhu main eischten Artikel ugefang "Sonata Arctica". kontrolléiert w.e.g op ech näischt falsch man gi na net richteg eenz heimader:) [Änneren] Sonata ArcticaTipp Topp. E puer Saachen: 1.) Wanns de iergendwou op enger Diskussiounssäit eppes geschriwwen hues, da solls de dat "ënnerschreiwen". Dat geet esou: Du (mär duzen äis gewéinlech alleguer) setz hanner däin Text (dat hei güellt awer net fir d'Artikele selwer! Do geschitt et automatesch) zwee Bindestrécher an 4 Tilden. Da kënnt am Text däi Nickname mam Datum an Auerzäit hinn. 2. Wanns de un engem Artikel schaffs, an wëlls spéider nach dru weiderschaffen, da setzt de ganz uwen zwou geschwonge Kalmeren "{", dann ouni eidel Plaz "EnCours" an erëm zwou geschwonge Klameren "}". Da wees jidfreen, datts de dru schaffs, an et geet keen dra wurschtelen. Wanns de dann mat dem Artikel fäerdeg bass, läscht de däin . Alles klar? --Cornischong 14:46, 17 Oct 2004 (UTC) [Änneren] De Kolléisch ass baal komplettSalut Max !!! Vun dier hun ech nawell schon lang naischt mi gehéiert. Wanns mesch nët mi kennen solls, kuck mol an main Profil dann geet der vlaischt eng Spaischerliischt op ;) Vier den Rescht wenschen ech der nach vill Spass hei. --Karlthegreat 21:11, 22 Oct 2004 (UTC) |