Benotzer Diskussioun:Cayambe

Wëllkomm bei der Wikipedia op Lëtzebuergesch!

Wanns de ganz nei bei Wikipedia bass, kanns de der als éischt eis Hëllef-Säit ukucke goen, do fënns de alles wat s de als neie Wikipedianer wësse muss.

Rotschléi fir déi richteg Schreifweis sinn hei ze fannen!

Du kanns natierlech och bis an de FAQ kucke goen, wou déi heefegst gestallte Froen opgelëscht sinn.

Fir deng Messagen z'ënnerschreiwen, muss de 3 mol den Tilde (~) schreiwen, bei 4 mol kënnt och nach d'Auerzäit an den Datum derbäistoen.

Vill Spaass an op eng gutt Zesummenaarbecht.

--Pecalux 14:08, 20 September 2007 (UTC)

Moien,

de Schema Mitochondrie gouf ersat. Ech hunn och den Text dervun eraus geholl. Ech denken dee steet besser an der Rum vum Bild. Kanns du dat béiflécken. Merci Les Meloures 21:09, 30 September 2007 (UTC)

Salut
Ech hu gesinn du hues Jos Hoffmann op Jos. Hoffmann geréckelt.
Am Prinzip kierze mer keng Nimm af mat engem Punt hannen drun. Wann de Mann jos geheescht huet dann ass jo kee Punkt hannendrun. Wann e Joseph geheescht huet da soll dat net als Jos mat Punkt ofgekierzt ginn, da soll den Numm ganz ausgeschriwwe ginn. Les Meloures 21:23, 16 Oktober 2007 (UTC)
Remoien
Dat geet an d'Rei Les Meloures 16:56, 17 Oktober 2007 (UTC)

Gudden Owend. Gëtt et eng Méiglechkeet, fir un eng Foto vum Léopold Reichling ze kommen? Déi Fro gëllt natierlech och fir déi aner Biologen a.s.w. Merci. --Cornischong 19:00, 1 November 2007 (UTC)

Salut,
Dat geet an d'Rei, datt dee Mann schaffe kann. :-))


Moien,

Kanns du der emol op der de: fr: en: Wiki d'Kierzele vun de Botaniker ukucken. Déi vu déisäit der Musel schreiwen se all a Groussbuschstawen. Sinn déi eleng richteg. Bei der Wanterlann z.B hunn en: an fr: Mill stoen an an der de: steet P.MILL. Bei ons ass elo och déi däitsch Manéier opgedaucht. Wat seet de Fachmann? Les Meloures 16:50, 30. Abr 2008 (UTC)

Moien, et gëtt keng Regel heifir.
Enger aler Traditioun no ginn d'Nimm vun de Botaniker, an och Zoologen, hanner den Aartnimm mat Kapitälche geschriwwen. Enger modern Schreiweis no, déi mir besser gefällt (Kapitälchen heescht halt en onnéidege Formatage méi) ginn d'Nimm vun den Auteuren kleng geschriwwen. Also (erfonntent Beispill): Abra dabra Linné, 1758. --Cayambe 18:55, 30. Abr 2008 (UTC)


Les Meloures 21:30, 6 November 2007 (UTC)
Neen, wat en Zoufall :-)) --Cornischong 21:32, 6 November 2007 (UTC)

Merci--Cayambe 21:38, 6 November 2007 (UTC)

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Libellebild

Salut. Ech wëll der net an "deng" Libelle fusche goen. E Bild mécht just besser. Wann ech schonns "hei" sinn: Eng prinzipiell Fro: Hues du selwer Biller vu Gedéiesch oder soll ech emol heiansdo eent erbäischleefen? --Cornischong 22:51, 9 November 2007 (UTC)

Och Salut
Ech hunn hei an do mol Biller. Dann dauert et e bëssi bis ech Zäit hunn se drop ze setzen.
Maache mer et esou: wann ech e Bild hunn, da schreiwen ech dat an d'Diskussiounssäit, et kënnt dann deemnächst drop.
Soss wier ech frou wanns du weider Biller kanns erop lueden.
Merci och fir déi orthographesch Verbesserungen. Ech léieren et lues a lues. :-)
Da gi mer eis eens. --Cornischong 23:29, 9 November 2007 (UTC)

[Änneren] Eng Idee

Wier et net interessant eng Lëscht unzeleeën vun de Stater Stroossenimm (ech gesi schon d'Roserei vun den Awunner vun anere Stied)? :-)
An deene betreffenden Artikele sténg dann eng Erklärung zur Bedeitung vum Numm. Falls et eng historesch Perséinlechkeet ass, gëtt et einfach e Link op deen Artikel. Schonn oft hun ech mer gewënscht dat kënnen nozeliesen. Allerdéngs hunn ech kaum Zäit do matzeschreiwen. :-( (vum:Cayambe)

Tjo, d'Iddi ass gutt, wee wéi s de seess: Et ass d'Affär mat der Zäit. Du gesäiss jo, wéi dat ass. Do hat emol een ugefaangen, bei de Leit-Artikelen derbäizeschreiwen, wou et eng Strooss gëtt, déi no deem ganennt ass. Mee, do war een, deen der Iwwerzeegung war, dat wier iwwerflësseg. Wann s de sou eng Iddi hues, da setz se mol op de Wikipedia:De Stamminet, do gesinn all déi mat guddem Wëllen dat, a loosse sech dat op der Zong zergoen. Mat eisen Honnertdausende vu Mataarbechter ass dat alles net gutt opzedeelen :-) --Cornischong 23:51, 9 November 2007 (UTC)

Salut. Den "F" am PDF ass Format, an net File. Et gëtt zwar och den Ausdrock "portable data file" fir e Stréchcode, mee hei geet et jo ëm dee vun ADOBE. --Cornischong 21:43, 12 November 2007 (UTC)

Salut, ok, dat stëmmt.Cayambe 22:01, 12 November 2007 (UTC)

[Änneren] Biller op enger Säit abannen

Salut. Beim Integréieren vun engem Bild muss een ob Grouss a kleng schreiwen oppassen (dëst ziellt och fir d'extensioun z. Bsp. .JPG). --Robby 18:55, 16. Dez 2007 (UTC)

Ok, merci.


Salut,
Äntwert do : Bild Diskussion:015ared10.jpg Les Meloures 21:52, 1. Jan. 2008 (UTC)

Salut: D300; tipptopp, an da weist de deem elo wat alles dorëmmer wiisst :-)) --Cornischong 22:49, 1. Jan. 2008 (UTC)

Ok, awer eent no deem aneren  :-)Cayambe 22:52, 1. Jan. 2008 (UTC)

"Den aale Kolléisch" Salut. Suguer den ale Kolléisch kritt nëmmen een "a", well nëmmen ee Konsonant hannendru kënnt, wéi een esou seet :-))) --Cornischong 10:37, 3. Jan. 2008 (UTC)

Salut, merci fir d'Verbesserung. Hat mech just hei op der Wiki emgekuckt, wou meeschtens "aal" steet. :-) Cayambe 10:50, 3. Jan. 2008 (UTC)

[Änneren] Biller vu bemierkenswerte Beem

Salut Cayambe,

Ech wëll mech net an deng Aarbecht amëschen, mee erlab mer eng Bemierkung: Wier et net besser fir d'Beem am Fréijoer oder am Summer ze fotograféieren? E Bam ass, menger Meenung no, méi schéin, méi faarweg a méi imposant mat Blieder drunn. Selbstverständlech kinnten déi aktuell Biller bestoe bleiwe bis mer anerer hunn. --Pecalux 13:34, 9. Jan. 2008 (UTC)

[Änneren] Gutt Biller

Bonjour,

D'Fotoë si gutt gemaach, am Wanter kann e keng Fotoe vum Fréijoer a vum Summer maachen. Op Wanterfotoen geseet e ganz gutt den Habitus vum Bam, wat menger Meenung no ganz wichteg ass. Et ass u sengem Habitus wéi een de Bam am beschte vu wäitem erkennt.

Ech hu gesinn datt bei e puer Beem d'Koordinate stinn.

Ech fannen dat och gutt, an op deeër Basis kann och mol vläicht deen een oder aneren eng Fréijoers- oder Summerfoto maache goen, oder sech mol einfach de Bam ukucke goen et sief dat ass ze onkamout oder ze déier. Bouvier50 13:52, 9. Jan. 2008 (UTC)

@Bouvier50: Fir een, deen op senger Benotzersäit "Dëse Benotzer versteet kee Lëtzebuergesch, oder just mat grousse Schwieregkeeten." stoen huet, ass dëse "Pefferkär" nawel net schlecht geschriwwen. --Cornischong 14:40, 9. Jan. 2008 (UTC)
Mat anere Wierder: Mer kréie mat der Zäit Artikelen iwwer déi bemierkenswäert Beem mat jeeweils enger Wanterfoto, fir z'erkennen, wéi de Bam "opgebaut" ass, enger Summerfoto, fir en am houfeschte Kleed ze gesinn, an eng oder souguer méi vun Eenzelheeten, déi fir dee Bam spezifesch sinn. Wou ass de Problem? Mat de Beem si mer um richtege Wee. Mat anere Saachen net. --Cornischong 14:20, 9. Jan. 2008 (UTC)

Joreszäit, Opbau vun de Bem, an Zuel vun de Biller: ech gesinn et genee wéi de Cornischong. Cayambe 16:30, 9. Jan. 2008 (UTC)

[Änneren] de Baam

Salut. Deng Fro mat dem "Baam" (fir dat ze läschen mam Feeler Baam) verstinn ech net richteg. Hunn ech do wppes net matkritt? --Cornischong 14:31, 9. Jan. 2008 (UTC)

[Änneren] 11 Lannen

Salut. Well ech dech awer net ganz eleng wëll mat de Beem loossen, war ech der haut e puer ukucken. Déi vu Baastenduerf, déi zwou vu Laaschend, déi véier vun Deewelt an déi véier vun Diänjen sinn an der Këscht. Et bleiwen der jo nach genuch :-)) --Cornischong 17:31, 10. Jan. 2008 (UTC)

[Änneren] "Grousse Bam"

Salut. Zu Pärel steet "e grousse Bam" nieft dem Foussbalsterrain an enger klenger Kaul. De Bam gesäit sech "bemierkenswäert" un; weess du méi? --Cornischong 19:06, 16. Jan. 2008 (UTC)

[Änneren] Hersberg

Salut. Dat liest sech gutt, wann s d'e Redirect méchs mat Hersberg , mee an der Schwäiz gëtt et eng "politesch Gemeng" déi schonns eng Zäitchen esou heescht. --Cornischong 16:43, 22. Jan. 2008 (UTC)

[Änneren] Kräiz + Wee

Salut. Ass dat Kräiz bei der Briddeler Lann eng Statioun vun engem Kräizwee, wéi een et aus dem Text erausliese kann, oder ass et e Weekräiz ? --Cornischong 11:27, 30. Jan. 2008 (UTC)

Salut, eng gudd Fro. Am Buch vun 2002 steet 'calvaire'. Mat Sécherheet gëtt et hei kee ganze Kräizwee, mat alle sénge Statiounen (wat awer vläicht eemol de Fall war). Ech änneren den Text op: e Weekräiz. Averstanen ? Cayambe 12:34, 30. Jan. 2008 (UTC)
Resalut. ok --Cornischong 12:36, 30. Jan. 2008 (UTC)

[Änneren] De Bandmeter

Salut. Bei de Beem geet ëmmer Rieds vun der Déckt am Joer 1980 oder 2000. Hat da vun all deene Leit, déi zënterhier bei de Beem waren, keen e Bandmeter bei sech? Wa mer op d'Chants et Poésie musse waarden, faulen d'Beem eis ewech.--Cornischong 21:13, 4. Feb. 2008 (UTC)

Salut,
effektiv. am Buch vun 2002 steet ëmmer nëmmen d'Déckt vum Stamm. Ech huelen un, datt d'Bamspezialisten kee Bandmeter, mee nëmmen en Décktemeter derbäi hun. Vläicht kann een dat esou erklären: mam Décktemeter kann een eleng schaffen, mam Bandmeter muss een zu zwee sinn.
Aus dem Stammdiameter kann ee jo dann den Emfank rechnen .... zwee mol pi mol r :-) Cayambe 21:26, 4. Feb. 2008 (UTC)
Resalut. Dann hat ech mech zevill ëmständlech ausgedréckt. Firwat hues de net Mooss geholl, wéi s de do wars? --Cornischong 21:49, 4. Feb. 2008 (UTC)

Eng gudd Fro... Meeschtens sinn jo schonn zwou Moossen do (1981 an 2002). Wann ech moossen, da kënnt halt nach eng Zuel derbäi, wat den Text (nach méi) schwéierfällech mécht. Da sinn ech och der Meenung, datt an enger Enzyklopédie am Prinzip keng Resultater vun eegenen Ënnersichunge stoe sollen... Ausnamen kann et natierlech ginn. Wat mengs Du? Cayambe 21:57, 4. Feb. 2008 (UTC)

Aktuell Moosse "maache besser" :-)) An neien, déi ee selwer nogepréift huet, traut ee méi .... --Cornischong 22:07, 4. Feb. 2008 (UTC)

[Änneren] Diskussioun:Groussherzogtum Lëtzebuerg réckelen

Ass scho geréckelt! --Pecalux 10:26, 6. Feb. 2008 (UTC)

Merci Cayambe 10:35, 6. Feb. 2008 (UTC)

[Änneren] Insekteschema

Salut. Wat häls de vun deem Insektekierperbauschema do ( http://commons.wikimedia.org/wiki/Image:Robal.png )? Well mer eis sou schwéier di mat deenen Ausdréck, wier dat vläicht eng gutt Geleeënheet, well ech nach keng Méiglechkeeten hunn svg-Dateien ze verschaffen. Kuck der et emol un. An dann nach eng Fro: Fiers de mat denger "Nikon Software Suite" iwwer Windows oder Mac? --Cornischong 20:42, 11. Feb. 2008 (UTC)

Salut, deen Insekteschema ass exzellent, gesäit gutt aus an ass wëssenschaftlech korreckt. Ech hunn elo just gecheckt: op de grousse Wikien (en, fr, de) ass e jo schonn dropp. Falls du e wëlls an den lb-wiki iwwerhuelen: ech si bereet fir beim Iwwersetze vun den Termen ze hëllefen.
D'Nikon Software suite benotzen ech guer net. D'Fotoen huelen ech vun der Späicherkaart iwwer e Kaarteliesgerät mat dem Windows Explorer (copy - paste) an de Computer, also op den Harddisk erop (Kaarteliesgerät: ca 15 Euro; gëtt iwwer USB un de Computer ugeschloss; entschëlleg weg wanns du dat alles weess). All Foto gëtt dann am Photoshop 'verbessert'. Oder hunn ech do eppes net richteg verstanen? --Cayambe 21:20, 11. Feb. 2008 (UTC)
Resalut. Neen, 't ass alles an der Rei; Merci. Meng Fro koum dohir, well déi Suite sech um Mac queeschleet. :-)).- Da kropen ech emol dat Déierchen eriwwer an da kucke mer, fir dat ze verlëtzebuergiséieren. --Cornischong 21:28, 11. Feb. 2008 (UTC)
Salut. A well ech sou e grousse Virwëtzege sinn, wollt ech nach wëssen, mat watfir engem Objektiv de Jangebam opgeholl gouf. Merci. --Cornischong 21:24, 12. Feb. 2008 (UTC)

Froe kann een ëmmer :-). De Moment hunn ech nëmmen een Objektiv: Nikkor 18-200 mm. --Cayambe 21:38, 12. Feb. 2008 (UTC)

Salut. "Et ass net gewosst op dëse Bam eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) as" :Eng Fro, déi mech scho laang intrigéiert: Wéi kënnt et, datt dat net kann erausfonnt ginn? --Cornischong 11:43, 20. Feb. 2008 (UTC)

[Änneren] Summer oder Wanterlann

Salut. "Et ass net gewosst op dëse Bam eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) as" :Eng Fro, déi mech scho laang intrigéiert: Wéi kënnt et, datt dat net kann erausfonnt ginn? --Cornischong 11:43, 20. Feb. 2008 (UTC)

Moien, déi zwee Beem ënnerscheeden sech duerch hier Blieder (Gréisst: 6-18 cm, resp. bis 10 cm max.) an aner subtil an iwwerlappend Differenzen. Dëst ass awer emol net dat Schwierechst. Nëmme Blieder aus der Spëtzt, oder wéinenstens esou héich ewéi méiglech vum Bam weisen dës Differenzen op.
Cf Nouvelle flore de Belgique, du G.-D. de Luxembourg, du Nord de la France et des régions voisines. 5. Editioun 2004. Dëst ass d'Referenz fir alles Planzleches aus deene betreffende Länner a Gebidder. --Cayambe 12:17, 20. Feb. 2008 (UTC)

[Änneren] Geläschte Lannebild

Salut. Du has se alleguer d'selwecht genannt. Wann een d' 01 läscht ginn "all déi mat deem Numm" geläscht. Lued se léiwer mat angem aneren erop. --Cornischong 13:09, 20. Feb. 2008 (UTC)

[Änneren] Runn

Gudde Mëtteg. Ech wollt froen obs du net villeicht de lëtzebuergesch Numm fir de:Hautflügler (Hymenoptera) wees? Et ass fir d'Këscht am Artikel Runn fäerdeg ze machen. Merci --Alexandra 12:29, 21. Feb. 2008 (UTC)

Ménges Wëssen gëtt et kee lëtzebuergeschen Numm duerfir. Mir däerfen also ee virschloen. :-) Ech froe mol bei engem lb-SPezialist fir Hymenopteren no a melle mech.

[Änneren] Sakgaass

Salut. " Lénks d'Strooss op Bartreng." Dat war s'emol. Haut ass et eng Sakgaass,déi nach an déi fréier Dréckerei Bourg-Bourger féiert. Déi "richteg" geet um Kreesverkéier e puer honnert Meter weider lénkserop. Du has däi Schneidermeter nees op der Barriär net derbäi :-)) --Cornischong 19:45, 1. Mäe 2008 (UTC)

Gutt gesinn, du hues Recht. Ech huelen dee falschen Text ewech.

Mee wat solle mer da schreiwen wou déi Strooss hiféiert? Ech proposéieren: Lénks déi fréier Strooss op Bartreng, haut eng Saakgaass. Ok? Cayambe 20:08, 1. Mäe 2008 (UTC)

ok --Cornischong 20:11, 1. Mäe 2008 (UTC)

[Änneren] Flechtereien

Salut. Bei de Flechte gesinn ech just ee Problem. Komme mer u Mikroskop-Fotoe vun deene Wiesen? Ech si leider limitéiert op mäi Makro-Objektiv, dat just bis1:1 matspillt. An d'Spéin, fir mer den MP-E 65mm 1:2.8 1-5x vu Canon ze kafen, un deem ech laang getiermt hunn, sinn elo an eng D300 gestach ginn. Well, d'Fotoen vu Flechten an anere Wikie sinn am grousse Ganzen, wéi seet de béise Cornischong ëmmer, "krätzeg". --Cornischong 21:33, 1. Mäe 2008 (UTC)

Ok, ech froe mäi Flechtekolleg fir eng 'schéi' Foto ze kréien. Eng vun deenen op sengem Internet-Site.The lichens and lichenicolous fungi of Belgium, Luxembourg and northern France Cayambe 21:41, 1. Mäe 2008 (UTC)
Vun dene Flechten hunn ech guer keng Ahnung. Ech wollt awer d'Kategorie définéieren vu Lichenologie. A watfiree Beräich fällt dat? Mykologie, Botanik oder nach eppes anescht? --Alexandra 09:06, 3. Mäe 2008 (UTC)
Halli. Séi sëtze bei de Fungi. Also an der Mykologie. --Cornischong 09:17, 3. Mäe 2008 (UTC)
Stëmmt, d'Flechte gi mat de Pilze klasséiert an also och vun de Mykologe studéiert. --Cayambe 21:31, 5. Mäe 2008 (UTC)

[Änneren] Bild Raymond Clement

Moien, Dat Bild vum Raymond Clement gëtt et och a méi enger héijer Opléisung, wann ee beim Bild ënnen op d'Lup klickt. Kéinte mer dat net benotzen? Les Meloures 19:43, 16. Mäe 2008 (UTC)

Ech hunn d'Bild ersat. Cayambe 20:07, 16. Mäe 2008 (UTC)

[Änneren] Biller

Gudden Owend. Misst ee bei den Eechebiller net un der Tounwäertschrauf dréien? Déi gesi "blatzeg" aus, wat sech och am Histogramm weist. Ganz vill Spillraum ass zwar net, mee "'t ass nach jett dran". Lo weess ech net, ob ech et mat engem Photoshopspezi ze dinn hunn. Ech wëll kengem Angscht maachen :-))--Cornischong 15:00, 12. Mee 2008 (UTC)

Gudden Owend, zur Kontroll hunn ech d'Eechebiller vum Kinséckerhaff zréck op mäi Computer gelueden an am Photoshop ënnersicht: den Histogramm läit op béide Säiten, also lénks a riets, widder... ech verstinn also eppes net an dénger Bemierkung...
Wéi d'Biller um Schierm ausgesinn, hänkt och vun der Astellung vum Schierm of. D'Biller gesinn also, wéinenstens e bëssi, op all Schierm aanescht aus. :-(
Wéi een e Bild beurteelt hänkt och vum perséinleche Goût of.
Nach eppes: Kritik verdroen ech, a léieren eppes derbäi. Fäerten doen ech keen. :-)) Cayambe 15:22, 12. Mee 2008 (UTC)

Hei sinn emol Histogramme vun RGB a rout vun der Rippeg Foto 01. Wann ech mer dat esou ukucken, da gesinn ech, datt kénks "eppes" feelt, an datt riets "eppes " ass. --Cornischong 16:21, 12. Mee 2008 (UTC)

RGB
RGB
rout
rout


Salut,

Ech géif dat Bild vum Weier emol net läschen. Et ass ëmmer gutt fir wa mer mol eng Kéier en Artikel iwwer Weiere kréien.

Les Meloures 22:51, 23. Mee 2008 (UTC)


Gudden Owend,

Well anscheinend net jiddereen Zäit huet fir d'Getalks ze liesen an op Froen ze reagéieren, a fir bei der Aktualitéit ze bleiwen, setzen ech emol jiderengem deen an de leschte 24 Stonnen aktiv war dës Info déi och um Staminet ze fannen ass op seng Säit.

De Playmisty hat dës Fro gestallt:

Referenz small -- kéint een dat nët an de Modell Referenz direkt aprogramméieren?).

Ech hunn du mol bei de franséschen an däitsche Nopere gekuckt wéi dat bei deene fonktionnéiert. Komescherweis ginn d'Referenzen do a Klengschrëft ugewissen wann se déi selwecht Programméierungszeeche wéi mir gebrauchen. U wat et läit, datt et bei ons a Grousschrëft ugewise gëtt, hunn ech awer net erausfonnt.

Dunn hunn ech probéiert fir eng eege Schabloun ze bastelen:

D'Resultat an den Ënnescheed gesitt der hei ënnendrënner mat der Syntaxt derbäi

<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner <references />

gëtt dat heite Resultat:[1]

  1. ↑ De Pitt ass do
<ref>De Pitt ass do</ref>  mat ënnendrënner der neier Schabloun {{Referenzen}}

gëtt dat heite Resultat:[1]

[Änneren] Referenzen

  1. ↑ De Pitt ass do

Les Meloures 20:28, 7. Jun. 2008 (UTC)


Salut,

ech hunn der eng Mail gemaach Les Meloures 20:08, 9. Jun. 2008 (UTC)


Moien,

ech wollt am "Grand Chef" Artikel e puer Mini-ännerunge maachen, mee d'Schantge-Schëld steet nach do. Well den Artikel souwäit fäerdeg ausgesäit wollt ech just froen, op s de nach dru schaffs, oder just vergiess has, et anzeraumen ;-) --Zinneke 20:22, 29. Jun. 2008 (UTC)

Gudden Owent,
um Hotel Grand Chef (an och un den Artikelen déi mat Munneref ze dinn hunn) schafft am Ament de PlayMistyForMe an hien huet och d'Chantiersschëlter do opgestallt. :-) Cayambe 21:13, 29. Jun. 2008 (UTC)
OK, ech huelen d'Schëld eweg, da kann de Zinneke Ännerungen maachen. Ech schaffen zwar nach drun, hunn wéi gesot awer keen réigelméissegen Accès un den Internet. --83.222.56.105 07:48, 30. Jun. 2008 (UTC)

wymiana linkami system wymiany linków wymiana linkami system wymiany linków kreatyna Gry Online Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Kredyty odnawialne