GeschirkëschtAner Sproochen
|
Anthropologie
Humanwëssenschaftlech gesinn befaasst si sech mam eenzele mënschliche Wiesen, mat der Gesamtheet vun de Mënschen an der mënschlecher Kultur. Si steet also an direkter Relatioun matt der Philosophie, der Psychologie an der Soziologie. Naturwëssenschaftlech gesinn ass hieren Objet de vergläichende Studium vun der Anatomie vun den Urmenschen ënnert sech an am Verglach mam heitege Mensch. Iwwergeuerdnet kann een och soen, datt si sech och mat der Primatologie, der Wëssenschaft vun den Hallefafen, den Afen an den Mënschenafen befaasst. Si ass also en Deel vun der Biologie. D'Paläoanthropologie, d'Prähistoresch Anthropologie an di rezent Biologie sinn däitlech vuneneen ze trennen, well si ganz ënnerschiddlech Fuerschungsziler a Methoden hunn.
|