|
|
Alain Meyer
Den Alain Meyer, gebuer den 21. November 1949 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Professer am Athénée de Luxembourg, wou hie Franséisch enseignéiert. Vun 1978 bis 1992 huet hien och Franséisch-Coursen op der Miamy University John E. Dolibois European Center ginn. 1981 gouf hie Member an der LSAP. Bei de Gemengewalen 1993 gouf hien an der Stad Lëtzebuerg an de Gemengerot gewielt, wou hien eng Rei Joren (vum 1. Januar 1994 un) Conseiller war. De 15. November 1991, krut hien eng Nominatioun als Member vum Staatsrot, wou hien de Georges Thorn ersat huet. Den 18. Dezember 2006 gouf hie Vize-President an den 1. Oktober 2007 President vum Staatsrot ernannt. Hie war jorelaang (vun 1993 un) Vize-President vum Consistoire israélite de Luxembourg. |