|
|
Akerbau zu LëtzebuergD' Entwécklung vum Lëtzebuerger Akerbau an der Véizuucht, zesummengefaasst am Begrëff: Landwirtschaft, dréit, wéi och an den anere Länner, verschidde Kennzeechen:
[Änneren] Manner BauerenAm Joer 2004 sinn zu Lëtzebuerg nach ronn 2400 landwirtschaftlech Betriber gezielt ginn, mat manner wéi 4000 Beschäftegten. Dat sinn nach 1,3% vun der Lëtzebuerger aktiver Populatioun. 1907 goufen et nach hei 15.000 landwirtschaftlech Produktiounsunitéiten. Dat wëll soen, datt deemools, mat de Familljememberen, nach bal 40% vun der Landwirtschaft gelieft hunn. Et kann een also vun engem regelrechten Exodus vum Land schwätzen. Charakteristesch fir de Grad vum Wirtschaftswuesstum ass domat, wéi den Colin Clark, Jean Fourastié a W.W. Rostow ënnerstrach hunn, ënnert anerem d'Importenz, déi d'Landwirtschaft nach an engem Land huet. D'Landwirtschaft dréit zënter dem 21. Joerhonnert nëmme méi zu 0,6% zur Bildung vum Lëtzebuerger Brutoinlandsprodukt: bei (no 2% am Joer 1985). [Änneren] Méi grouss UnitéitenFir konkurrenz- a liewensfäheg ze bleiwen, hunn déi kleng Betriber hier Aktivitéiten agestallt an sinn aneren Aktivitéiten nogang. Besonnesch déi Jonk hun d'Flämm kritt a sinn net méi um Baurenhaff bliwwen. D'Durchschnëttsgréisst vun den Agrarbetriber ass also gewuess:
Méi wéi 50% vun de Lëtzebuerger Betriber hunn zënter 2003 méi wéi 50 ha Land. [Änneren] Méi spezialiséiert BetriberAm Laf vun der Zäit hunn d'Betriber sëch spezialiséiert. De Bauerenhaff, dee sëch mat alle Produkter selwer versuergt huet, mat Mëllech, Eer, Fleesch, an Produkter vum Feld ass verschwonnen. Ausser der Mëllechwirtschaft, nach ëmmer déi Haaptaktivitéit vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft, hunn eng Partie Betriber sëch ausschléisslech op d'Véizuucht, op Feldprodukter, Uebstbau oder d'Eerproduktioun spezialiséiert. [Änneren] D'Investitioune wuessenEng konkurrenzfäheg Produktioun war nëmme durch eng méi intensiv Mécanisatioun méiglech. D'Regierung, de Landwirtschaftsministère an seng Dengschtstellen, wéi d'Administration des Services agricoles oder d'Europäesch Commissioun hu si dobäi mat Rot a finanzielle Mëttel tatkräfteg ënnerstëtzt, besonnesch beim Opstëlle vu sougenannten Entwëcklunsplangen fir d'Bauerebetriber. Fir eng besser a méi rationell Ausnotzung vun de Kapitalinvestitiounen an der Landwirtschaft sëcherzestellen, gouf d'Schaffe vun Maschinerénge ënnerstëtzt. Si bezwecken d'gemeinsam Notze vun Landwirtschftsmaschinen. [Änneren] Ouni Subventiounen geet et netAn alle Länner hunn d'Landwirtschaften, ier d'EWG 1958 a Kraaft trout, vun nationale Subventiounen profitéiert, meeschtens vun Direktsubventiounen. Déi waren vun do un net méi erlaabt, wëll d'EWG war op de Prinzip opgebaut, datt all national Mossnamen, déi wettbewerbsverfälschend wierken, verbued sinn. D'Ënnerstëtzungsaufgabe goufen duerfir op d'Kommunautéit iwwerdroen; entweeder op Grond vun Direktsubventiounen oder op Grond vun Festsetze vu Mindestpräisser, verbonnen mam Schafe vun engem Ausgleichsysteem beim Export oder Import vun europäeschen Agrarprodukter no oder vun Drëttlänner. A anere Wierder d'Präisser vu villen Agrarprodukter si vun den Präisser um Weltmaart ofgekoppelt ginn. Dest ass vun Drëttlänner wéi d'USA ëmmer erëm kritiséiert ginn. Dësem Systeem gouf a gëtt viirgeworf, et géif zu enger Iwwerproduktioun féieren. Bei der Mëllech ass dat och agetratt, an 1984 huet d'Kommunautéit e Quotesysteem fir d'Mëllechproduktioun missen aféieren. A kuerze Wierder: D'Landwirtschaftspolitik ass duerch eng sougenannt Gemeisam Agrarpolitik kommunautariséiert ginn. Hiere finanziellen Opwand ass héich an si ass déi eenzeg sougenannt Gemeinsam Politik an der Europäescher Kommunautéit bliwwen. [Änneren] Den Encadrement an d'BerufsvertriedungD' Landwirtschaft profitéiert, wéi iwwerall, vum engem staarken Encadrement:
[Änneren] Literatur
[Änneren] Kuckt och[Änneren] Um Spaweck |