Actioun Lëtzebuergesch

Actioun Lëtzebuergesch (AL) ass eng Vereenegung, déi de 27. November 1971 gegrënnt gouf, mam Zil, "fir alles anzetrieden, wat lëtzebuergesch ass, apaart fir eis Sprooch, geschwat a geschriwwen" (esou hir Satzung).

De grousse Succès mat den Annoncentexter. Déi 2. Oplo vun 1982
De grousse Succès mat den Annoncentexter. Déi 2. Oplo vun 1982

Op hirem Programm stoungen déi heite Punkten:

An hirer Ufanksperiod huet d'Actioun Lëtzebuergesch sech misse ferm géint Virwërf wieren, si wier nationalistesch, reaktionär oder géif "Heimattümelei" bedreiwen. No an no awer ass hir Aarbecht op eng ëmmer méi breet Zoustëmmung gestouss. Den Opschwonk vum Lëtzebuergeschen a ville Beräicher an den 1970er an 1980er Joren ass direkt oder indirekt op d'Aktivitéite vun der AL zeréckzeféieren.

Op hire Lobbyismus hin ass en neit Lëtzebuergeschbuch fir d'Primärschoulen, Lëtzebuergesch an der Schoul, ausgeschafft ginn, an d'Lëtzebuergesch gouf als Schoulfach op de Septièmen a Huitièmen an de Lycées techniquën agefouert. An Zesummenaarbecht mam Bistum goufe Masstexter (Hochzäit, Begriefnes,...) Gebieder a Lidder iwwersat, sou datt d'Massen no an no ëmmer manner op Däitsch gehale goufen.

Och d'Derbäisëtze vun de lëtzebuergeschen Nimm op den Uertschaftsschëlter ass zum groussen Deel op d'Dirängele vun der AL zréckzeféieren.

Dee gréisste Succès awer hate si mat de Musteren (Stuelen) vun Texter fir Gebuerts-, Hochzäits- an Doudesannoncen an der Zeitung. 1974 ware just 519 där Annoncen op Lëtzebuergesch, 1980 scho 6 mol méi (3.894). Haut sinn iwwer dräi Véierel vun de Familljenannoncen a Lëtzebuerger Sprooch.

Pionéieraarbecht huet AL och mam Organiséiere vun Owescoursë geleescht, fir Lëtzebuergesch z'enseignéieren. Tëschent 1975 an 1980 hunn all Joers eng 800 Leit där Coursë besicht.

Der AL gouf alt virgeworf, si géif en antiquéiert Lëtzebuergesch propagéieren, wat kee méi géif gebrauchen, a géif mat hirem resolute Bestëmmen, wat gutt Lëtzebuergesch ass, d'Leit veronsécheren. Och goufen Tendenze kritiséiert, datt en ze staarkt Insistéieren um Lëtzebuergeschen zu engem Ofleene vun allem, wat net Lëtzebuergesch ass, géif féieren. D'AL huet dann och eng Kéier misse Memberen erausgeheien, déi mat auslännerfeindleche Remarquen opgefall waren. Zënterhier weist d'AL ëmmer nees op de wichtege Bäitrag zu der Integratioun, deen d'Sproochcoursë fir déi auslännesch Matbierger sinn an distanzéiert sech vun allem Ofgrenze vis-à-vis vun Net-Lëtzebuerger.

Zënter 1971 gëtt d'AL d'Zäitschrëft Eis Sprooch (Nei Folleg) eraus, déi ganz op Lëtzebuergesch geschriwwen ass.

Vun 1984 u verdeelt d'AL och d'Dicks-Rodange-Lentz-Sëlwerplakett fir besonnesch Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch.

Zënter 1994 publizéiert d'AL regelméisseg an den Dageszeitungen eng Rubrik mam Titel Eng Klack fir eis Sprooch.

De Lex Roth war Grënnungspresident vun der AL, zënter 1998 ass e Vizepresident.

[änneren] Literatur

  • Emile Schmit: "10 Joer Actioun Lëtzebuergesch". In: Eis Sprooch 20 (1981), N.F. Nr. 13, S. 1-8.

[änneren] Um Spaweck


system wymiany linków system wymiany linków SEO Tools tanie kredyty gotówkowe kreatyna Plaza 3 star hotel Los Angeles krynica noclegi Sejm Tyk