Geschirkëscht |
Abrëllsblumm
D' Abrëllsblumm (Anemone nemorosa) ass eng Planz aus der Gattung Anemone, déi zu der Famill vun de Botterblummen (Ranunculaceae) gehéiert. De wëssenschaftlechen Numm setzt sech zesummen aus dem griichesche Wuert anemos = "Wand" an dem laténgeschen nemorosa/-us = "am Schiet". Dem Heng Klees no huet si nach folgend Nimm: Bloderblumm, Bëschblumm, Hefflerblumm, Holzblumm, Kéisblimmchen, Këschteblumm, Läffelsblumm, Mäerzblumm, Ouschterbléi. D'Blumm ass an Europa an den hiwwelege Géigenden, an an de Bierger, an de Bëscher an op Wisen ze fannen. D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëschent 10 a 25 cm grouss a blitt tëschent Mäerz an Abrëll/Mee. De Som gett vu Seechomesse verspreet. Hir Blieder sinn tëscht 5 an 12 cm laang, mëttelgréng, mat dräi afgerënnte Wutzen, a mat klengen Zänn laanscht d'Säiten. Se huet eng wäiss eenzel Bléi mat 6 - 8 Bléieblieder, déi tëscht 2 an 3 cm grouss ass, déi heiansdo och liicht rosa ka sinn. Si huet e flaacht Wuerzelwierk, dat sech wäit ëm d'Planz ausbreet. D'Planz, déi Protoanemonin enthält, ass gëfteg. [Änneren] Literatur
|
||||||||||||||||||||||||||||||