|
|
AarterankEn Aarterank ass e Konzept aus der biologescher Evolutioun. Et handelt sech ëm eng Populatioun déi vun engem klengen initiale Grupp vun Individue vun enger Aart ofstaamt an deen no an no verschidde Liewensraim besidelt huet. Dës Populatioun huet sech esou verännert, datt um Enn verschidden Aarten entstane sinn. Erklärung unhand vum Schema riets:
Ausser datt dat hei d'Schwieregkeete fir d'Definéiere vum Konzept Aart opweist, ass et e Beweis fir d'Existenz vun der biologescher Evolutioun. Beispiller vun Aarteréng si Salamanderen a Kalifornien oder Méiwe ronderëm d'Polarmier. |