GeschirkëschtAner Sproochen
|
Asymmetric Digital Subscriber Line
Asymmetric Digital Subscriber Line (engl.:ADSL, „asymmetreschen, digitalen Uschloss“) gëtt déi zur Zäit heefegst Form vun Iwwerdroen vun Donneeën genannt, eng Form, fir déi och den Numm Breetbanduschloss geleefeg as. Dës nei Form gouf op der Grondlag vun der DSL-Technik entwéckelt, mat der Intentioun, iwwer Telefonsuschlëss an Telefonsleitungen Date séier an a grousse Quantitéiten kënnen z'iwwerdroen, ouni den traditionellen Fonctionnement vun dësen Telefonsleitungen a Fro ze stellen. Den ongläichen Exigenze vun de Clientë gëtt duerch den asymetresche Charakter vun dëser Technik beim Iwerdroen doduerch Rechnung gedro, datt eng Differenzéierung vun der Transmissiounsvitesse méiglech ass, jee nodeem op Donnéeë geschéckt oder empfaange ginn. De Besoin no enger méi héijer Vitesse beim Empfank wéi beim Senden vun Donnéen ass nämlech offesichtlech. [änneren] Technik[änneren] Forme beim Breetbandiwwerdroen[änneren] Kuckt och |