|
|
13. Mee
Den 13. Mee ass den 133. Dag (134. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
- 1717: Maria Theresia, Erzherzogin vun Éisträich, Kinnigin vun Ungarn a Béimen, réimesch-däitsch Keeserin.
- 1840: Alphonse Daudet, franséische Schrëftsteller.
- 1882: Georges Braque, franséischer Moler.
- 1902: Pierre Maas, lëtzebuergesche Moler.
- 1907: Daphne du Maurier, britesch Schrëftstellerin.
- 1909: Jany Holt, franséisch Schauspillerin.
- 1912: Gil Evans, kanadesche Jazzmuseker.
- 1934: Hans-Peter Schwarz, däitsche Politolog an Historiker.
- 1934: Adolf Muschg, schwäizeresche Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler.
- 1938: Giuliano Amato, italienesche Jurist, Politiker a Regierungschef.
- 1939: Harvey Keitel, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1941: Senta Berger, Schauspillerin a Filmproduzentin.
- 1950: Stevie Wonder, US-amerikanesche Museker.
- 1967: Melanie Thornton, US-amerikanesch Sängerin.
- 1974: Geneviève Conter, lëtzebuergesch Harfspillerin.
|