Geschirkëscht |
ËnnerprefectureD’ Ënnerprefecture ass de Chef-lieu vun engem franséischen Arrondissement. Den Ausdrock „Ënnerprefecture“ bezeechent och d’Gebai vun der Administratioun, déi ënnert der Autoritéit vum Sous-préfet steet, dee vun engem Generalsecrétaire assistéiert gëtt. [änneren] D’Roll vun der ËnnerprefectureDe Sous-préfet ass a sengem Arrondissement den Delegéierte vum Préfet. Hien vertrëtt d’staatlech Autoritéit:
De Préfet kann himm speziell Missiounen uvertrauen, sief et temporär oder permanent, souguer baussent de Grenze vum Arrondissement oder Departement. Wann och d’Missioune vun der Ënnerprefecture deene vun der Prefecture gläichen, sou bleift den Arrondissement dach dee Verwaltungsniveau, deen de perséinleche Kontakt tëscht Verwaltung a Bierger méiglech mécht a wou d’Berodung, d’Schlichtung an d’Ofbaue vu Spannungen eng wichteg Roll ze spillen huet. Den Arrondissement vum Chef-lieu vun der Prefecture huet keng eegen Ënnerprefecture. Do iwwerhëllt de "secrétaire général de la préfecture" d’Fonktioun vum Sous-préfet. [änneren] Charakteristike vun de Sous-préfetenSou wéi d’Préfeten ginn och d’Sous-prefeten duerch d' École nationale d'administration (ENA) rekrutéiert. Vum 10. Mee 1982 bis de 29. Februar 1988 haten d’Sous-prefeten den Titel "commissaire adjoint de la République". [änneren] Kuckt och: |